Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erkennt déi zukünfteg Koalitiounsregierung Palestina als Staat un?
https://moien.lu/how-does-seasons-matchmaking-work/ Neiegkeeten

flynn and alisha dating

OP d‘Fro déi um Site www.smartwielen.lu un d‘Parteien an d‘Kandidate

dating inmates sites
https://moien.lu/how-does-seasons-matchmaking-work/ Neiegkeeten

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum

Gutt 40 Buergermeeschter aus Katalounien sinn opgefuerdert sech viru Geriicht

UN: „Mir verléieren am Jemen de Kampf géint d‘Hongersnout“
https://moien.lu/how-does-seasons-matchmaking-work/ Neiegkeeten

UN: „Mir verléieren am Jemen de Kampf géint d‘Hongersnout“

Déi Verreenten Natiounen (UN) sinn derbäi de Kampf géint d‘Hongersnout

Här ass Här, a Max ass Max – Bréissel ass dofir e gutt Beispill

Här ass Här, a Max ass Max – Bréissel ass dofir e gutt Beispill

Datt an Europa vill aktiv Mënschen sech schwéier di mat hirem Loun déi zwee Enner vun engem Mount ze verbannen, dat ass bekannt. Am Frankräich war de Bierger-Mouvement vun de giele Gileten deen derzou bäigedroen huet, datt de Mindestloun erhéicht gëtt, zu Lëtzebuerg war et eng Fuerderung déi vun der Politik erkannt ginn ass, an zu engem Resultat gefouert huet.

Eigentlech gutt Nouvellen, iwwert déi een ze beriichten huet. Dem Patronat gefält dat net wierklech an et ass sech entspriechend geiergert ginn. 100 Euro méi beim Mindestloun, wier dat falscht Signal an Zäite wou et ëm Kompetitivitéit a Profitmaximéierung geet. Mee et sinn net nëmmen déi „Kleng Leit“ déi profitéieren, an dat gëtt net nëmme vum Patronat mee och vun der Politik ausgeblend.

Huele mir als Beispill d‘EU. Obwuel duerch de Brexit de Budget uerg a Matleed geréit, een ëmmer séier bei Hand ass, wann et drëms geet de Memberlänner ze erkläre wéi wichteg „Spueren“ ass, bei sech selwer ass een do awer net esou streng. An esou muss ee feststellen, datt eng Brutto-Pai an héicht vu ronn 32.000 Euro, engem EU-Beamten net duer geet fir säi Liewen ze gestalten…

Schéi Chrëschtdeeg

Iert elo d‘Beamte vun der europäescher Unioun sech mussen dem Aarmebüro zouwennen, ass et pénktlech fir Chrëschtdag zu enger Gehälteropbesserung komm. Vun de Paien zu de Renten, op Beamten oder Deputéierten, d‘Bezich sinn ëm 1,7% erhéicht ginn – an dat réckwierkend op den 1. Juli 2018 – wouduerch d‘Grondakommes vun engem Beamten iwwer 20.000 Euro klëmmt.

An dëser Berechnung sinn déi steierfräi Zoulagen net emol berécksiichtegt ginn. Gutt, de Beamte sollt ee net béis sinn, si hunn déi richteg Aarbechtsplaz fonnt, a wieren domm net unzehuele wat hinne gebuede gëtt. Et ass dann och éischter bei de Politiker, deene wou et esou wichteg ass datt d‘Länner hir Scholden, den Staatsapparat a seng Ausgabe reduzéiere sollen, wou een hikucke muss.

Ganz uewen, also fir den EU-Kommissiounspresident an den EU-Rotspresident, klëmmt Pai ëm 550 Euro, an esouwuel de Jean-Claude Juncker wéi den Donald Tusk kréien elo fir hir Aarbecht, ronn 32.700 Euro/Mount. De sechs Vizepresidenten hiert Akommes klëmmt ëm 500 (dat sinn da ronn 30.800 Euro/Mount) an en EU-Kommissär kritt 400 Euro bäigesat (dat wieren 26.600 Euro/Mount).

Mee och si musse Steiere bezuelen

Hei sollt een awer berécksiichtegen, datt déi Leit hire Verdéngscht musse versteieren. Gutt si maachen dat iwwert d‘EU-Steier, a sinn domatter eppes besser gestallt. Vill besser? Nawell, ëmmerhi bezilt en héije Beamten oder Politiker grad emol 25% Steieren. Dat ass och am Verglach mat Lëtzebuerg wéineg, an et sollt een sech dat hisichtlech den EU-Wahlen am Mee mierken.

Ëmmerhi ginn all dës Paie mat de Sue vun den EU-Steierzueler finanzéiert. Woubäi nach ze preziséiere wier, datt Paie vun den EU-Beamten all zwee Joer automatesch an d‘Luucht ginn. Ermëttelt gëtt dës Augmentatioun unhand der Inflatioun an der Kafkraaft an de Memberlänner. Fir 2017 huet déi bei 1,5% geleeën, an elo gëtt dann nach emol eng Erhéijung vun 1,7%.

Vun esou enger Lounupassung kann den „einfache Bierger“ nëmmen dreemen. Während een zu Lëtzebuerg am ënneschte Lounsegment bis zu 50% vun der Pai nëmme fir d‘Wunne muss opbréngen, loossen si zu Bréissel näischt ubrennen. Et dierf een zudeem ënnersträichen, datt déi automatesch Gehälteropbesserung fir all d‘Beamte gëllt, a sech net op Leeschtung bezitt.

mat IM-Bussels

Foto: Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, huet nieft senger Pai och Usproch op Wunngeld (ongeféier 50.000 Euro). Wann hien elo 2019 säi Mandat ofgëtt, steet him eng Pensioun an héicht vu ronn 70.000 Euro zou; net ze vergiessen, datt och 400.000 Euro „Iwwergangsgeld“ hei virgesi sinn. An dat sinn net déi eenzeg Bezich déi dem fréiere Premier zoustinn. © Aris Oikonomou/AFP

Ähnlech Sujeten Beamten, Eurokraten, Europa. Bréissel, Gehälter, Jean-Claude Juncker, Technokraten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel