Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Offiziell Aweiung vun der Clausener Schoul
International Neiegkeeten i'm 24 and dating a 45 year old man

https://moien.lu/internet-dating-sydney/

Obschonns déi nei Zentralschoul a Clausen zanter der Rentrée vum

Ofdreiwen, ass wéi sech engem bezuelte Killer ze bedéngen
International Neiegkeeten i'm 24 and dating a 45 year old man

Ofdreiwen, ass wéi sech engem bezuelte Killer ze bedéngen

E Mëttwoch huet de Poopst Francis de Schwangerschaftsofbroch an senger

dislike
Editorial: Zuelespillereien
International Neiegkeeten i'm 24 and dating a 45 year old man

Editorial: Zuelespillereien

All puer Méint ass et dat selwecht: RTL, Wort an

Den Hygiènesdéngscht vun der Stad Bréissel entléisst Islamist

De President vun der ëmstriddener „Islam-Partei“ muss sech eng nei Schaff sichen

Den Hygiènesdéngscht vun der Stad Bréissel entléisst Islamist

Fir de President vun der „Islam-Partei“, Abdelhay Bakkali Tahiri, deen als Viraarbechter beim Hygiènesdéngscht vun der Stad Bréissel (Bruxelles Propreté) beschäftegt war, dierft d‘Entloossung als islamfeindlechen Akt bezeechent ginn, fir d‘Administratioun gouf et keng aner Optiounen.

Säit 2010 war den Abdelhay Bakkali Tahiri als Viraarbechter beim Hygiènesdéngscht täteg. 2012 huet hien zesumme mam Redouane Ahrouch an dem Lhoucine Aït Jeddig d‘Islam-Partei gegrënnt. Dem Viraarbechter seng ideologesch a politesch Ausriichtung war bekannt, mee et ass eréischt kierzlech, wou de islamesche Fundamentalist d‘Faass esou richteg zum iwwerlafe bruecht huet.

Bei „Bruxelles Propreté“ konnt een de Beholl vum Salarié net méi hinhuelen, an de 26. Juli ass him „op der Plaz“ gekënnegt ginn. Eng Entscheedung déi net mat Liichtegkeet getraff gouf an déi dem Service, säitens der islamescher Communautéit, zolidd Virwërf am sozialen „Netz“ abruecht hunn.

Zur Persoun an de Virwërf

Zanter der Parteigrënnung huet et divers Ausenanersetzunge mam Viraarbechter ginn, déi awer net un d‘grouss Klack gehaange goufen. Virun zwee Joer awer koum et zu engem gréisseren Disput. Den Abdelhay Bakkali Tahiri wollt eng Promotioun a sollt zu dësem Zweck en Exame maachen. Bis dohinner näischt Ongewéinleches an de Mann ass och ouni Diskussioun zougelooss ginn.

Bréissel

Bosseg gouf et, wéi de Salarié mat enger Examinatrice konfrontéiert ginn ass. Eng „Fra“ déi hie préiwe sollt? Dat koum dem Mann net geleeën. Fraen hunn ënnerwerfeg ze sinn, zumindest nom Weltbild vum Abdelhay Bakkali Tahiri. Et ass zum Eclat komm, wëll hien all physesche Kontakt refuséiert huet. Den Exame konnt hien dann awer maachen, a seng Moyenne war eigentlech ok.

Am Personalbüro war dem Viraarbechter säi „misogynt Verhalen“ allerdéngs opgefall an hänke bliwwen. Si haten zur Ideologie vum Salarié en Avis an dësen ass bei der Examensjury op oppen Ouere gestouss. Domatter war d‘Promotioun gelaf. D‘Argument: „Mat esou engem Comportement ass et net méiglech déi genannte Funktioun korrekt auszefëllen“. Et sollt nach besser ginn…

Och politesch en Aarsch

Als Politiker vun enger radikalislamesch ausgeriichter Partei kritt een vun den traditionelle Medien och an der Belsch net wierklech vill Opmierksamkeet zougestanen. Dofir sicht een de Kontakt zu anere Medien. Dat ass verständlech, woubäi een sech dann awer sollt eppes um Rimm rappen, wat ugesiichts deem wat elo kënnt, erwisenermoossen net kann de Fall gewiescht sinn.

De franséische Büro vu Russia Today (RT) hat dem „Politiker“ Abdelhay Bakkali Tahiri de 25. Abrëll 2018 am Interview, nodeems et tëscht dem Parteikolleg Redouane Ahrouch an der RTL-TVI Journalistin Emmanuelle Praet bei engem ëffentlechen Debat op der Tëlee eppes „polemesch“ zougaange war. Deen hat sech ganz däitlech geweigert, seng Gespréichspartnerin unzekucken.

Op esou eng „Ëffentlechkeetsaarbecht“ kann ee bei „Bruxelles Propreté“ gutt verzichten. Zudeem gëtt et am Abdelhay Bakkali Tahiri senger Personalakt, schonn esou ee „Virfall“ deen am Service batter opgestouss huet. An engem Video war hie mat sengem „Manifeste Citoyen“ opgetrueden an hat (leider) vergiess seng Aarbechtskleedung ofzeleeën. E Verstouss géint dat internt Reglement.

D‘Onschold a Persoun

Datt de Mann zumindest ëmstridden ass, dat dierft een esou erkannt hunn. Den Abdelhay Bakkali Tahiri war Mëtt der Woch vum belsche Staatssender Interviewt ginn, an huet seng Entloossung als eng honnertprozenteg politesch Entscheedung presentéiert an wéi et sech gehéiert zu Wier gestallt. Seng Argumentatioun oder Verdeedegung am Kontext vum Video wou hien Trakte verdeelt:

…ech wousst net datt een esou Demarchen net dierf maachen. An duerno wollt ech och net hunn datt een de Logo vum mengem Employeur gesäit. Et gesäit ee jo datt ech ee laange Schal unhu mat deem ech de Logo verdecke wollt. Ech hat keng Loscht datt et sech gesäit. Schonn 2014 wollten si mech dowéinst entloossen, mee d‘Gewerkschaften haten intervenéiert. Uschléissend huet Bruxelles Porpreté behaapt ech géif meng Wahlcampagne op der Aarbechtsplaz maachen. Dat ass net wouer! Ech hu 40 Zeien déi bestätege kënnen, datt ech op menger Aarbechtsplaz ni iwwer Relioun oder Politik geschwat hunn“.

Hien huet awer och e Recours géint d‘Entscheedung vu sengem Patron beim Staatsrot agereecht, deen dëse verworf huet. Elo bleift him nach de Recours op Annulatioun, mee dat dierft ugesiichts de Fakten och eng haart Noss ginn. Zudeem huet hie gemengt: „Ech hu Vertrauen an d‘Justiz, mee ech traue weder de Magistraten nach de Riichter“. Flott wann ee senge Widderspréch trei bleift.

Randnotiz

Dem Abdelhay Bakkali Tahiri säi Parteikolleg Redouane Ahrouch war bis 2018 Salarié vun der STIB (Ëffentlechen Transport vun der Regioun Bréissel NvdR). Och hien huet no 25 Joer säi Job verluer. De Grond fir d‘Kënnegung: ëffentlech Stellungnamen, déi net mat de Wäerter vu sengem Employeur kompatibel waren. An et war net (nëmmen) den Interview mat der Journalistin.

Säi Patron huet zwar bestätegt, datt de Redouane Ahrouch e ganz gudde Buschauffer war, mee sech fir d‘Separatioun vu Mann a Fra an den ëffentlechen Transportmëttel agesat huet. Iergendwou gëtt jo awer och Limitten, an déi hu béid Politiker widderholl iwwerschratt. Elo huet dat Konsequenzen…

Politesch setzt sech d‘Islam-Partei an fir d‘Aféierung vun der Sharia an gleeft drun, d‘Muecht iwwert de Wee vun de Walen iwwerhuelen ze kënnen. Déi reliéis Ausriichtung ass schiitesch, während déi meescht Moslemen an der Belsch sunnitesch orientéiert sinn. 2012 hat d‘Partei zwee Sëtz bei de Kommunalwahle kritt, zanterhier sinn déi politesch Erfolleger ausbliwwen.

mam Souhila Ababneh, indymedia/bru

Foto: v.l.n.r. Redouane Ahrouch, Abdelhay Bakkali Tahiri an Lhoucine Aït Jeddig © ISLAM Parti

Ähnlech Sujeten Abdelhay Bakkali Tahiri, Bréissel, Islam, Lhoucine Aït Jeddig, Redouane Ahrouch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel