Serge Wilmes: Wierklech de richtege Kandidat ? (Lieserbréif)
Ass den Serge Wilmes wierklech déi richteg Persoun fir dem noutwendege Wandel
Ass den Serge Wilmes wierklech déi richteg Persoun fir dem noutwendege Wandel
Um haidege Samschdeg feiert de Groussherzog Jean säin 98. Gebuertsdag.
Net méi spéit wéi de 15. Juni haten sech CGFP
Eise Verdeedegungsminister François Bausch huet déi vergaange Woch un der Reunioun vun de Verdeedegungsministere vun der NATO zu Bréissel deelgeholl. Nieft den Alliéierte war och fir eng éischte Kéier d’Repulik vun Nord-Mazedonien vertrueden, wou de Bäitrëttsprotokoll de 6. Februar ënnerschriwwe ginn ass. Fir de Moment muss d’Republik nach als Gaascht un der Reunioun deelhuelen, bis si den Titel vum Alliéierte kritt hunn. Heivir mussen déi national Parlamenter als éischt de Protokoll bestätegen.
Zesumme mam Generalsekretär vun der NATO, dem Jens Stoltenberg, huet d’Reunioun et erméiglecht déi verschidden Erausfuerderunge bei der Sécherheet vun den Alliéierten ze ënnersichen, sou wéi d’Bestandsopnam zu de verschiddenen Decisiounen a Saache Verdeedegung an Ofschreckung ze maachen. Och d’Froen zu den Sécherheetsbeméiungen, de Kapassitéiten an de Kontributioune vun den Alliéierte waren een Deel vun den Diskussiounen.
Eng Aarbechtssessioun huet sech op den Traité FNI bezunn. De Minister Bausch huet heibäi een Appell zum Dialog mat Russland gemaach, fir nach an den nächste sechs Méint een Accord ze fannen, sou datt den Traité weiderhin erhale ka ginn. An dësem Kader huet hien d’Verbonnenheet zu Lëtzebuerg ervir gehuewen, sou wéi d’Ëmsetzung vun internationalen Accorden am Beräich vun der Handhabung bei der Op- an Ofrëschtung, sou wéi der Net-Verbreedung.
(v.l.n.r.) Jens Stoltenberg, Generalsekretär vun der NATO; François Bausch, Verdeedegungsminister © NATO
Souwuel d’Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun, d’Federica Mogherini, sou wéi d’Verdeedegungsminister vu Finnland a Schweden a weider Ministeren hunn op d’Stäerkung vun der Kooperatioun NATO-EU opmierksam gemaach. Heibäi huet de Minister Bausch nees Lëtzebuerg ervir gehuewen, an weider Ustrengunge vum Grand-Duché bei den Operatioune, Missiounen an aneren Aktivitéite vun der NATO an der EU bestätegt.
Am Kader vun dësem Treffen hunn d’Verdeedegungsministere vun der NATO sech och mam Verdeedegungsminister vun der Ukrain zesumme gesat.
Fir de Minister François Bausch war et déi éischt Visitt bei der NATO. Bei dëser Geleeënheet huet hien de Generalsekretär vun der NATO, de Jens Stoltenberg, sou wéi déi delegéiert Generalsekretär vun der NATO, d’Rose Gottemoeller kenneléieren dierfen. Donieft ass hien och op d’Homologe vun der Belsch, Holland a Portugal getraff.
Opmaacherbild: Gruppefoto vun de Verdeedegungsministeren vun der NATO © NATO