Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump
International Neiegkeeten

Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump

D‘Handels- a Wirtschaftsminister gesinn sech haut zu Bréissel, fir iwwert

Grouss Ouverture vum Shoppingzenter am Gaasperecher Bann
International Neiegkeeten

Grouss Ouverture vum Shoppingzenter am Gaasperecher Bann

Et ass vollzunn, am Gaasperecher Bann huet den neie „Shoppingzenter

What the Fakt – De Slipknot-Frontmann Corey Taylor huet Gebuertsdag!
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Slipknot-Frontmann Corey Taylor huet Gebuertsdag!

Metalheads opgepasst: Haut kënnt Dir op de Gebuertsdag vum Corey

Bréissel wëll géint Google eng Milliarde-Geldstrof verhänken

Bréissel wëll géint Google eng Milliarde-Geldstrof verhänken

Um haidege Mëttwoch bereet sech d‘EU vir, eng nei Geldstrof an Héicht vun e puer Milliarden Euro géint Google ze verhänken, dës Kéier am Antitrust-Dossier „Android“. Experte ginn dovunner aus, datt dës Entscheedung d‘Bezéiunge mat den USA nach eppes weider deterioréiert.

Laut vertrauleche Quellen, hätt d‘EU-Kommissärin fir Konkurrenz, Margrethe Vestager, um Dënschdegowend der Nummer 1 vu Google, Sundar Pichai, sollen d‘Entscheedung matdeelen. Allerdéngs hunn esouwuel d‘EU-Exekutive wéi och d‘Entreprise vu Mountain View, refuséiert dës Informatioun ze kommentéieren.

D‘Sanktioun géint Google, bezitt sech op d‘Notze vun der dominanter Positioun déi vum Android-Operatiounssystem an de Smartphone generéiert gëtt. Tatsächlech soll et Google hei drëms goen, dem Client déi eegen Applikatioune – virun allem d‘Sichmaschinn – opzedrängen. Heiduerch kennt et zu enger Verzerrung bei der Konkurrenz, an d‘Geldstrof dierft e neie Rekord duerstellen.

E Rekord dee Google schonn huet. Den US-Internetgigant war schonn de 27. Juni 2017 zu enger Geldstrof an Héicht vun 2,42 Milliarden Euro veruerteelt ginn. An dësem Fall war et den Abus vun der dominanter Positioun am Beräich vun de Sichmaschinnen, woubäi Google hei eendeiteg säi Präisvergläichsportal „Google Shopping“ zum Nodeel vun de Konkurrenten ervirgehuewen huet.

D‘Héicht vun der Geldstrof gëtt ëmmer am leschten Ament entscheet, an kann an Theorie, laut dem Regelwierk vun der EU, bis zu 10% vum globalen Ëmsaz vun der Entreprise ausmaachen. An deen huet fir d‘Mammenhaus vu Google, der Firma Alphabet, am Joer 2017 ganzer 110,9 Milliarden US-Dollar (94,7 Milliarden Euro) ausgemaach.

De politesche Kontext ass grad net gënschteg

Dës erneit Sanktioun géint den US-Internetgigant kënnt zu engem Zäitpunkt, wou de politesche Kontext net gënschteg ass. Tëscht der EU an den USA kriselt et zolidd, wat op de vum Donald Trump ausgeléisten Handelskrich, mee och säin Optrieden um NATO-Sommet, zeréckzeféieren ass.

Keng gutt Basis fir den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, deen nächste Mëttwoch zu Washington erwaart gëtt, wou hien den Handelskonflikt mam Donald Trump entschäerfe soll. E President deen am Ament net gutt op Europa ze schwätzen ass, a sech an de Kapp gesat huet, nom Stol an Aluminium, och Douanestaxen op Autoen aus der EU ze erhiewen.

Elo ass et awer net nei, datt den Operatiounssystem „Android“ – deen 80% vun de Smartphonen an der EU ausstafféiert – vun der EU-Kommissioun „iwwerwaacht“ gëtt. Déi hat den 20. Abrëll 2016 Google beschëllegt, d‘Hiersteller vu Smartphonen, wéi Samsung oder Huawei, ze zwéngen, d‘App „Google Search“ ze implementéieren an als exklusiv Sichmaschinn ze definéieren.

D‘EU-Kommissioun huet zousätzlech Google beschëllegt, d‘Hiersteller dru gehënnert ze hunn, Smartphonen ze verkafen, déi mat aneren, vun der Konkurrenz erstallten Operatiounssystemer, ausstafféiert sinn. Google kritt och virgeworf, de Fabrikanten an Operateure finanziell Avantage gebueden ze hunn, wann se Google Search exklusiv op hiren Apparater installéieren.

No gutt zwee Joer laangem hin an hir, ass et der Entreprise vu Mountain View net gelongen, d‘EU-Kommissioun ze iwwerzeegen. Elo misst et dann zu der genannter Geldstrof kommen, woubäi Google och wäert opgefuerdert ginn, bannent 90 Deeg seng „Geschäftspraxis“ opzeginn.

Ganz esou schlëmm wéi et sech unhéiert gëtt et net

Wien elo mengt, datt d‘EU-Kommissioun dem US-Internetgigant den Dicks géif béien, deem muss gesot sinn, datt sech alles vill méi schlëmm unhéiert wéi dat wierklech ass. Am Dossier „Google Shopping“, hat déi amerikanesch Entreprise nach am September „Léisungen“ ugebueden, déi bis ewell vu Bréissel gepréift ginn.

Och finanziell huet Google nach net gelidden. De kalifornesche Grupp huet nämlech am September 2017 net nëmme Léisungsvirschléi agereecht, mee och de Recours géint d‘Geldstrof. Heimatter huet sech elo den europäesche Geriichtshaff (EUGH) ze beschäftegen. Dem Dossier Android, dat ass esou sécher wéi en Amen an der Kierch, wäert net anescht ergoen.

Bedenkt een dann nach d‘Komplexitéit vun dësem Dossier, esou muss een – och wann et séier geet – awer vu mindestens zwee Joer ausgoen, iert et zu enger geriichtlecher Entscheedung kënnt. An et ass jo nach net alles wat Google esou virgeworf gëtt. Grad wéi Google Shopping oder Android, ass d‘Praxis mat där Google Reklammen ubitt, och der EU-Kommissioun en Dar am A.

AdSense, d‘Regie vu Google fir de Verkaf an d‘Distributioun vu Reklammen, gëtt zanter dem 14. Juli 2016 beschëllegt, seng dominant Positioun auszenotzen. Et soll beispillsweis den Zougank kënschtlech limitéiert ginn. Websäiten déi „enk“ mat Google verbonne sinn, solle keng Reklammen déi vun der Konkurrenz geschalt ginn, affichéiere kënnen. Do kënnt also nach eppes op se duer…

mam Céline Le Prioux/AFP

Foto: D‘EU-Kommissärin fir Konkurrenz, Margrethe Vestager, huet den US-Internetgigant Google am Viséier. Der Entreprise vu Mountain View gëtt de Virworf gemaach, seng dominant Positioun zum Nodeel vun der Konkurrenz auszenotzen. Elo soll et zu enger Geldstrof an Héicht vun e puer Milliarden Euro kommen. © Patricia de Melo Moreira/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, Google, Jean-Claude Juncker, Margrethe Vestager, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel