Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bréissel wëll géint Google eng Milliarde-Geldstrof verhänken
https://moien.lu/funny-joke-for-dating-app/ Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-no-teeth/

Um haidege Mëttwoch bereet sech d‘EU vir, eng nei Geldstrof

questions to ask a guy when you start dating
https://moien.lu/what-are-some-good-free-hookup-sites/
https://moien.lu/funny-joke-for-dating-app/ Neiegkeeten

Sinn d‘Solde bis eriwwer, ginn d‘Präisser nees an d‘Luucht

Wa während de Solden am Summer d‘Präisser kuerz bis an

Kanada legaliséiert de Cannabis an der Euphorie
https://moien.lu/funny-joke-for-dating-app/ Neiegkeeten

Kanada legaliséiert de Cannabis an der Euphorie

Säit gëschter ass Kanada dat éischte Land vun de G20,

Bréissel: no Ausenanersetzunge mat der Police si 400 giel Gilete verhaft ginn

Bréissel: no Ausenanersetzunge mat der Police si 400 giel Gilete verhaft ginn

Net nëmmen am Frankräich ass sech e Samschdeg nees zolidd op d‘Schnëss geschloe ginn, nee och bei eise belschen Noperen, mee genee zu Bréissel, ass et zu schwéieren Ausenanersetzunge komm, a 400 Persounen si vun der Police verhaft ginn.

D‘Ilse van de Keere, Spriecherin vun der Zon „Police Bruxelles-Capitale-Ixelles“ huet matgedeelt, datt bei den Zesummestéiss e Polizist schwéier am Gesiicht verletzt ginn ass. Hie wier an e Spidol gefouert ginn, wou hie behandelt gëtt. Eng Gefor fir säi Liewe besteet net.

Eng Partie giel Gileten hu mat Projektiller, notamment Paweesteng, op d‘Poliziste geschoss. Dat ganzt huet sech op der héicht vum europäesche Quartier ofgespillt. Eng Zone, esou d‘Spriecherin, déi ganz fir de Verkéier an d‘Foussgänger gespaart gi war.

Bei der Gewaltbereetschaft vun de Manifestanten, wier der Police um Enn näischt iwwreg bliwwen, wéi Waasserkanounen an Tréinegas anzesetzen, fir d‘Rabbelkäpp ausenaner ze dreiwen. Ouni den Detail virzeleeën, huet d‘Ilse van de Keere, vu gréisserem Schued bericht.

Och op aner Plazen ënnerwee

Am spéiden Nomëtteg haten d‘Autoritéiten zu Bréissel nees d‘Situatioun esouwäit am Grëff. Laut der Agence Belga, hu giel Gileten och d‘Autobunn A17 a Richtung Rekkem (bei der franséischer Grenz) blockéiert. Hei ass d‘Manifestatioun éischter „friddlech“ ofgelaf.

Dat selwecht Bild zeechent d‘Agence Belga och vun der E40. Hei ass et op der Héicht vun Adinkerque (am Norde vun der Belsch kuerz virun der franséischer Grenz) zu Perturbatioune komm, mä et gouf glécklecherweis kee Grond fir d‘Autoritéiten anzegräifen.

De Mouvement „gilets jaunes“ huet sech gutt an d‘belsch exportéiert. Besonnesch am francophone Wallounien ass den Äifer grouss. Den 30. November hat et zu Bréissel, bei enger Maniff vu ronn 300 Leit, éischt Iwwergrëff vun de giele Gilete ginn. Policeautoe waren a Brand gestach ginn.

mat AFP

Foto: Beim Mouvement vun de giele Gileten an der Belsch (gele hesjes), wou et och ëm d‘Deierecht vun de Pëtrolspräisser geet, ass et gëschter eppes méi haart hiergaangen. Um Enn sinn 400 Persoune Verhaft ginn, ee Polizist soll schwéier am Gesiicht blesséiert gi sinn. © James Arthur Gekiere/Belga/AFP

Ähnlech Sujeten Bréissel, gele jesjes, Gewalt, giel Gileten, gilets jaunes, Manifestatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel