Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Siwe Bicher, déi s de am Summerreen liese kanns
International Neiegkeeten

Siwe Bicher, déi s de am Summerreen liese kanns

De Summer mécht eng kleng Paus, wéi et ausgesäit. Ween

Aweiung vun der BnL: 1,8 Millioune physesch Wierker erwaarden Iech!
International Neiegkeeten

Aweiung vun der BnL: 1,8 Millioune physesch Wierker erwaarden Iech!

Um leschte Septemberdag ass um Kierchbierg dat neit Gebai vun

Dausende Leit bei der Gay Pride zu Jerusalem
International Neiegkeeten

Dausende Leit bei der Gay Pride zu Jerusalem

Si huet stattfonnt, d‘Gay Pride zu Jerusalem. Begleet vun héchste

Bréissel a London verstännegen sech op en Accord fir eng Transitiounsperiod nom Brexit

Bréissel a London verstännegen sech op en Accord fir eng Transitiounsperiod nom Brexit

D‘EU a Groussbritannien hunn e Méindeg eng grouss Hürd iwwerwonnen. Si sinn sech zu engem „groussen Deel“ eens gi sinn, wat den Accord zum Auszuch aus der EU betrëfft. Hei besonnesch beim Volet, deen eng Transitiounsperiod nom Brexit bis Enn 2020 virgesäit.

Fir dohinner ze kommen, war et e wäite Wee. Mëttels engem provisoresche Kompromëss (eng richteg Léisung war net méiglech) am Bezuch op d‘Grenz an Irland, ass den Accord dann awer nach zustane komm. Déi iresch Grenz war de Sträitpunkt deen alles „opgehalen huet.

De Michel Barnier konnt esou dann och um Méindeg ganz zefridde virun d‘Press trieden a verkënnegen, datt „e groussen Deel vun deem wat den internationalen Accord zum Austrëtt vu Groussbritannien wäert ausmaachen ass heiranner enthalen“.

Esou ass et dann eng weider Etapp déi gemeeschtert ginn ass, an de Chef-Ënnerhändler vun der EU, kann sech no laange Verhandlungsdeeg a Nuechten endlech op déi weider Schrëtt virbereeden. Ëmmerhi gëtt et nach villes wougéint sech d‘Briten ze wiere versichen.

Déi britesch Premierministesch Theresa May, huet dësen Duerchbroch och begréisst: „Ech mengen dat weist, datt mat eppes gudde Wëllen, mir en Arrangement fir d‘Zukunft wäerte fannen, deen d‘Interesse vu Groussbritannien an der EU gläichermoosse berécksiichtegt.

Eng virgetäuschten Eenegkeet

Et ass dann awer um Enn nëmmen en neien Entworf vum Austrëttssaccord, deen um Méindeg presentéiert ginn ass. 129 Säite schwéier, mat vill Faarwen: Deeler déi gréng (dozou gëtt et en offiziellen Accord) ënnerstrach sinn, oder giel (nach ze klären) a wäiss (Propose vun der EU déi nach Diskussiounsbedarf hunn).

Tëscht de Punkten déi gréng ënnerstrach goufen, steet elo dann och déi faméis Transitiounsperiod, déi vum Brexit-Datum (Enn Mäerz 2019) bis den 31. Dezember 2020 festgeluecht ginn ass. Während där Zäit bedeelegt sech Groussbritannien net méi um Entscheedungsprozess vun der EU.

Wuel awer bleift während der Transitiounsperiod Groussbritannien de Benefice an d‘Avantage vum EU-Bannemaart erhalen. Béid Säite sinn sech dann och doriwwer eens ginn, datt Groussbritannien mat Drëttlänner Handelsaccorde kann ofschléissen, ouni d‘Enn vun der Transitiounsperiod mussen ofzewaarden.

A Groussbritannien huet eng EU-Fuerderung ugeholl, déi bis ewell zeréckgewise gouf. „Mir sinn averstanen, datt déi britesch an europäesch Bierger, déi während der Transitiounsperiod ukommen, déi selwecht Garantien erhalen, wéi déi, wou virum Brexit ukomm sinn“, esou de Michel Barnier.

D‘Zukunft vun den Auswanderer (nom Brexit) ass eng vun de grousse Prioritéite bei der „Scheedung“. Dat alles muss sech am Austrëttssaccord erëmfanne loossen, grad wéi d‘Reegelung vum finanziellen.

Béid Dossieren, esou de Michel Barnier, sinn elo den Objet vun engem kompletten Accord. Leider ass ee beim weidere Schlësselpunkt: der Grenz tëscht Irland an der Provënz Nordirland, nach net zu enger vertrietbarer Léisung komm, och wann um Méindeg e grousse Schratt gemaach gouf.

De Brexit a seng Grenzen

Déi britesch Premierministesch hat eng éischt Versioun vum Projet fir den Accord brutal zréckgewisen a verséchert, datt si d‘Konditioune vun der EU zur irescher Grenz nimools géif unhuelen. Déi géifen déi territorial Integritéit vu sengem Land a Fro stellen.

Si huet domatter op d‘Propositioun genannt „Backstop“ higewisen. Déi sollt d‘Réckféierung vun enger „haarder Grenz“ an Irland verhënneren. Bréissel hätt gären e gemeinschaftlechen Espace fir d‘EU an Nordirland, falls d‘Brite keng besser Léisung op de Verhandlungsdësch leeën.

„Mir hunn d‘Noutwennegkeet ugeholl, e juristeschen Text anzebannen, deen dës Léisung beschreift“, esou de britesche Brexitminister David Davis. „Mee eis Intentioun ass et nach ëmmer zu engem Partenariat ze gelaangen, dee keng spezifesch Mesure fir Nordirland virgesäit“.

Ofgesi vun Irland gëtt et awer nach weider Dossieren déi schleefen. Esou déi geographesch Angaben, den Dateschutz an déi automatesch Unerkennung vu juristeschen Uerteeler. An dat sinn net grad kleng Dossieren déi enger schneller Léisung bedierfen.

Et ass dann och elo net gewosst, wéi en Afloss d‘Ukënnegung vum Méindeg op den EU-Sommet wäert hunn, deen en Donneschdeg an e Freideg stattfënnt. Zudeem muss festgehale ginn, datt een nach beim Virspill ass, an et elo nëmmen ëm d‘Virbereedung vum Austrëttssaccord geet.

mam Cédric Simon/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, EU, Groussbritannien, Michel Barnier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel