Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nordkorea: Dem Kim seng Rakéiten
International Neiegkeeten Stories

Nordkorea: Dem Kim seng Rakéiten

Laut Informatioune vum Etat-Major vun der südkoreanescher Arméi, sollen um

Migratioun: Zypern fuerdert Hëllef vun der EU
International Neiegkeeten Stories

Migratioun: Zypern fuerdert Hëllef vun der EU

Zypern huet d‘Hëllef vun der EU ugefrot, well se de

Wuelergoe vun den Déieren – d’EU-Kommissioun muss agéieren!
International Neiegkeeten Stories

Wuelergoe vun den Déieren – d’EU-Kommissioun muss agéieren!

E Mëttwoch huet den Europäesche Rechnungshaff ee Sonderbericht zum Wuelergoe

Bréissel sanktionéiert Wäissrussland

Bréissel sanktionéiert Wäissrussland

EU-Ausseminister verurteelen d‘Policegewalt an ënnerstellen de Regierung zu Minsk bei de Presidentschaftswahle vu leschtem Weekend gefuddelt hunn. D‘EU huet elo Sanktioune géint d‘Ënnerstëtzer vum Alexander Lukaschenko ergraff. Zudeem soll et zu Strofmoossname géint Persoune kommen, déi fir d‘Fälschung vum Wahlresultat verantwortlech gemaach ginn.

Bei der virtueller Sonnersëtzung vun den Ausseminister ass sech fir gemeinsam Sanktiounen ausgeschwat ginn. Den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell huet via Twitter statuéiert, datt d‘EU d‘Presidentschaftswahl net géif unerkennen. Domadder erhéicht d‘Unioun den Drock op déi lescht europäesch Diktatur, déi vu China a Russland gestäipt gëtt.

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) hat sech am Virfeld an engem Interview mam Deutschlandfunk fir Sanktiounen ausgeschwat, ënnert der Konditioun, datt se sech net géint Bevëlkerung riicht. Esou riichten sech dann d‘Sanktiounen elo géint Eenzelpersounen, déi an de leschten Deeg a Wochen onrühmlech (Gewaltuwennung/Fälschung) an Erscheinung getruede sinn.

Och dem Diktator seng Frënn an Ënnerstëtzer wier vu Sanktioune betraff. Woubäi… als éischt muss de Josep Borrell elo emol eng Lëscht mat de Persounen opstellen an op den Alexander Lukaschenko och perséinlech mat Sanktioune rechne muss, ass esou elo och net kloer ausgedréckt ginn. Et ass och nach net gewosst wéi eng Sanktiounen am Detail virgesi sinn. Mee déi éischt Hürd ass gepackt.

E kleng Réckbléck muss sinn

Datt déi europäesch Unioun sech erstaunlecherweis séier konnt drop verstännegen, datt een déi sëllech Verstéiss géint Mënscherechter an d‘Demokratie misst condamnéieren, ass scho bal esou eppes wéi ee Novum. Zum enge war bis zur leschter Minutt net gewosst wéi Ungarn sech hei géif positionéieren, an zum anere mussen Decisiounen op EU-Niveau eestëmmeg ugeholl ginn.

An et stellen sech och eng Rei aner Froen: am Februar 2016 hat Bréissel déi bestoend Sanktioune géint de Lukaschenko-Regime, trotz vehementer Kritik vu Mënscherechtsorganisatiounen an dem Wëssen dat et kaum „Besser“ ginn ass, auslafe gelooss. Eenzeg de Waffenembargo a Sanktioune géint Acteuren déi um Verschwanne vu Regimegéigner bedeelegt waren, goufe bäibehalen.

Esou huet et sech erginn, datt dem Alexander Lukaschenko, sengen 196 identifizéierte Gefollegsleit an dräi Entreprisen, hiert an der EU ënnerbruechte Verméigen nees fräi verfügbar ginn ass. Och déi bestoend Reesbeschränkungen an de Verbuet „Geschäfter“ ofzeschléissen, waren domadder nees vum Dësch. Et ass allerdéngs richteg, datt 2015 vill politesch Prisonéier fräigelooss goufen…

Eng kleng Analys

Datt sech d‘EU-Ausseminister gëschter an hirer Sonnersëtzung esou zügeg eens gi sinn, dierf een als eng „Iwwerraschung“ qualifizéieren. Ufank der Woch hätt keen et gewot ze behaapten, datt et iwwerhaapt zu dëser Sëtzung géif kommen. De Josep Borrell hat nach en Dënschdeg diplomatesch zum Ausdrock bruecht, datt Bréissel d‘Bezéiung zu Wäissrussland géif op de Leescht huelen.

An eigentlech heescht dat: „Mir halen eis eraus“. Mee et huet Memberlänner ginn, deenen dat net wäit genuch gaangen ass, an esouguer d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi streng geholl och éischter op der Linn vun den Hardliner ass, huet Drock gemaach a Sanktioune géint de Regime gefuerdert. Däitschland, déi d‘EU-Presidence hunn, wollt och Sanktiounen…

Europa als „Wiechter vun den demokratesche Wäerter“, konnt sech also dem offensichtleche Wahlbedruch an der uschléissender Gewalt géint d‘Demonstranten net méi entzéien. Kléngt verständlech, mee ass och den Dilemma an deem sech Bréissel befënnt. D‘EU wëll seng wirtschaftspolitesch Bezéiungen am „Osten“ ausbauen. Et geet ëm d‘Erweiderung vun der Unioun.

Handel a Mënscherechter als Widdersproch

Zu Bréissel, wou Wirtschaftsinteressen zuweile méi héich wéi Mënscherechter bewäert ginn (China, Mercosur, Brasilien, USA…) wëll e verhënneren, datt sech déi fréier Sowjetrepublik nees ze vill no u Russland erumécht. Mat de Sanktiounen, déi elo wuel nach mussen definéiert an den ausgewielte Persounen zougeuerdent ginn, kéint ee Wäissrussland dem Vladimir Putin an d‘Äerm dreiwen.

Et dierf een och net vergiessen, datt de faschistoide Ministerpresident vun Ungarn, Viktor Orban, ee „gudde Frënd“ vum leschten europäeschen Diktator ass, an alles ausser europäesch Wäerter vertrëtt. Dat erkläert och firwat et net esou einfach ass, direkt Sanktioune géint den Alexander Lukaschenko ze ergräifen. Datt sech Ungarn gëschter deenen „aneren“ ugeschloss huet, ass ee klengt Wonner.

Wann dann elo zumindest een éischte positive Schratt gemaach gouf, an och de Jean Asselborn mat sech a senge Frënn dierft zefridde sinn, esou muss ofgewaart ginn, wat den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten elo schlussendlech u Sanktioune wäert ausschaffen a géint wien sech déi da wenne sollen. An der Kausa Hong Kong ass Bréissel jo eppes méi zeréckhalend virgaangen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Lukas / unsplash

Ähnlech Sujeten Alexander Lukaschenko, Ausseminister, Diktatur, EU- Ausseminister, Jean Asselborn, Sanktiounen, Wäissrussland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel