Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

natur&ëmwelt: Video Projet „E staarkt Benevolat am Naturschutz“
International Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Video Projet „E staarkt Benevolat am Naturschutz“

„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir

Trafic-Info: Echangeur Waldhaff a Jonctioun Gréngewald gespaart
International Neiegkeeten

Trafic-Info: Echangeur Waldhaff a Jonctioun Gréngewald gespaart

D‘Stroossebauverwaltung (Ponts & Chaussées) informéiert, datt en den 23. Juli,

Den Haag: Protest géint sanitär Reegelen
International Neiegkeeten

Den Haag: Protest géint sanitär Reegelen

Eigentlech waren d‘Leit komm, fir friddlech géint d‘Oplage vun der

Bréissel verhänkt Sanktioune géint Internet-Piraten

Hacker hunn an der Europäescher Unioun zolidd finanziell Schued ugeriicht - Als Opdraggeber sti Russland a China am Fokus…

Bréissel verhänkt Sanktioune géint Internet-Piraten

Et ass fir d‘éischt an der Geschicht vun der EU-Kommissioun, datt Sanktioune wéinst Cyber-Ugrëff verhaange ginn. Déi betreffen eng russesch Geheimdéngschtzentral, esou wéi och zwou Entreprisen aus China an Nordkorea. Dat huet den Europarot um Donneschdeg esou matgedeelt. Weider heescht et, datt och sechs Eenzelpersoune vu „Moossname“ betraff sinn.

Dës Sanktioune gesi vir, datt d‘EU Verméigenswäerter „afréiere“ kann, a géint physesch Persounen en Areesverbuet verhänke kann. Bei der russescher Geheimdéngschtzentral handelt et sech ëm en Departement fir besonnesch Technologie vum Militärgeheimdéngscht GRU. Bréissel werft dësem Departement vir, europäesch Firmae mat engem Cyber-Ugrëff am Juni 2017 geschiedegt ze hunn.

Och d‘Attacken op dat ukrainescht Stroumnetz (2015 an 2016) solle vun dësem Departement aus gefouert gi sinn. Véier russesch Agente sinn och mat „Strofe“ beluecht ginn, well déi am Abrëll 2018 un engem Cyber-Ugrëff géint d‘Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen (OPCW) solle bedeelegt gewiescht sinn. An d‘Russe sinn am Kontext vun der Internet-Piraterie net eleng…

Bréissel huet och Sanktioune géint déi chinesesch Entreprise „Haitai Technology Devlopement“ verhaangen, wëll dës Cyber-Ugrëff soll ënnerstëtzt hunn. Hei heescht et, datt d‘Chinesen hannert der Operatioun „Cloud Hopper“ stiechen, déi masseg Date vun IT-Déngschtleeschter op der ganzer Welt geklaut hunn. China soll zudeem hannert „WannaCry“ an „NotPetya“ stoen, esou Bréissel.

Am Kontext vun „WannaCry“ ass och déi nordkoreanesch Entreprise „Chosun Expo“ op d‘Lescht vun de Sanktioune gesat ginn. Dës Firma soll d‘Ugrëff technesch a finanziell ënnerstëtzt hunn. Chosun soll dann och nach dem Grupp „Lazarus“ gehollef hunn, déi 2016 vun der Zentralbank am Bangladesch, 81 Milliounen US-Dollar „opgehuewen“ hat. An dat sinn d‘Virwërf net all…

Fir d‘EU-Kommissioun gëllt als erwisen, datt Chosun Expo och hannert dem Cyber-Ugrëff op de Filmstudio Sony Pictures steet. Bei dëser Attack ass et net ëm de Goss gaangen, mee esou wéi dat vu Bréissel duergestallt gëtt, wier hei drëms gaangen ze verhënneren, datt de Film „The Interview“ iwwert de béise Jong vu Pyongyang, Kim Jong-un verëffentlecht gëtt. Gelonge war dat awer net.

Ob a wat dës Sanktioune beweege solle bréngen ass net wierklech kloer, mee den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell, huet wësse gelooss, datt d‘EU weiderhin all Land opfuerdere wäert, gëeegent Moossname géint Acteuren ze ergräifen, déi sech u béiswëllege Cyberaktivitéite bedeelegen oder aus eegener Kraaft initiéieren. Beweiser goufe keng virgeluecht.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Jefferson Santos / unsplash

Ähnlech Sujeten Cyberkriminalitéit, EU-Kommissioun, Europarot, Josep Borrell, Sanktiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel