Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spa-Francorchamps: Technesch Problemer verhënneren e méigleche Podium fir den Dylan Pereira
International Neiegkeeten

how are isotopes used in radioactive dating

No engem Mount „Vakanz“ ass d‘Saison vum Porsche Mobil 1

christian dating site australia
International Neiegkeeten

Landwirtschaft- a Fëschereiminister aus der EU zenséieren den Internet

Et war an ass e „krätzege“ Vott deen d‘EU Landwirtschaftsminister

Wat kascht eis d’Innovatioun?
International Neiegkeeten

Wat kascht eis d’Innovatioun?

Amazon Go ass grad vill am Gespréich: Den Internetgigant test

Bréissel: Schwieregkeete mam Management

Kee Konsens bei de Posten an de Klimaziler, mee Sanktioune ginn ëmmer

Bréissel: Schwieregkeete mam Management

Beim EU-Sommet zu Bréissel sinn sech d‘EU Regierungs- a Staatscheffen net eens ginn, wien wéi ee Posten iwwerhuele soll an dierf. Och Klimaziler sinn hinne suspekt, a wann Egoisten sech net eens ginn, mussen se dat ganzt widderhuelen. Esou dann den 30. Juni…

Beim „Owesiessen“ sollen d‘Spëtzepolitiker iwwert d‘Distributioun vun de Poste geschwat hunn. Et geet heibäi ëm d‘Besetzung vun der EU-Kommissioun, dem EU-Rot, dem Kommissär fir Aussenugeleeënheeten an den neie Chef vun der europäescher Zentralbank (EZB). Eenegkeet awer gouf et hei keng. Dat huet seng Ursaachen an déi hu mam Ausgank vun de EU-Wahlen ze dinn.Bréissel

Zäiten änneren sech

Wann déi sougenannten europäesch Vollekspartei (EPP) wuel nach ëmmer déi stäerkste Fraktioun am Europaparlament stellt, esou huet déi awer zolidd Plomme gelooss, an ouni sech mam politesche Géigner ze eenege geet et dës Kéier net. Déi Konservativ wëllen zwar, a wäerten och wuel, den EU-Kommissiounspresident stellen, mee si entscheeden net am stëlle „Kämmerlein“ wien dat ass.

Nee dës Kéier muss d‘EPP sech mat se Sozialisten, de Liberalen an esouguer de Gréngen op de „Kandidat“ verstännegen, deen dem Jean-Claude Juncker seng Nofolleg untrieden dierf. Dat wäert esou einfach net ginn, well an dësem auserwielte Clibbchen, zum engen déi national Interessen, dann déi perséinlech politesch Ambitiounen a schliisslech d‘Wënsch vun der Wirtschaft matspillen.

Op den „Ego“ konzentréiert

Dat kléngt alles net gutt an dat ass et och net. Dat huet domatter ze dinn, datt d‘Bundeskanzlerin um ëmstriddene Manfred Weber festhält, an de franséische President, Emmanuel Macron deen net leide kann. Et ass dem EU-Rot – wa Motor a Boîte vum Bus net zesumme schaffen – onméiglech, beim däitsch-franséischen Dissens, e Kandidat virzeschloen dee vum Parlament muss bestätegt ginn.

Bréissel

Eng Quadripartite fir en neie Management: De Rots-President Donad Tusk (r) mam Angela Merkel (EPP), dem Pedro Sanchez (Sozialisten) an dem Emmanuel Macron (Liberal). Erauskomm ass näischt, ausser datt d‘Sanktioune géint Russland ëm sechs Méint verlängert gi sinn. © Maciej Sokolowski

Elo huet de President vum EU-Rot, Donald Tusk, d‘Missioun erhalen, sech mat de Presidente vun den ënnerschiddleche Fraktiounen ze treffen. Hie soll hei sondéieren, wéi engem Kandidat si déi gréisst méiglech Chancen araumen, EU-Kommissiounspresident ze ginn. Féiert och dëse Schratt net zu engem Konsens, da riskéiert d‘Institutioun Europa an eng laangwiereg Kris ze rutschen.

Féck de Klima!

Si hu bis spéit an d‘Nuecht awer net nëmmen iwwer d‘Opstellung vum Machtapparat diskutéiert, et ass och iwwert de Klima – dee bekanntlech grad eiser Jugend esou wichteg ass – debattéiert ginn. A well d‘Britten nach ëmmer mat um Dësch dierfe sëtzen, hunn och si e Wuert matzeschwätzen. Déi hu jo am Virfeld annoncéiert alles blockéieren ze wëllen an d‘Osteuropäer schénge matzemaachen.

Bréissel

Dobäi sollt sech eigentlech drop verstännegt ginn, datt d‘EU bis 2050 „klimaneutral“ misst ginn. Dat ass zwar och vill ze spéit, an de Mënsch huet bis dohinner d‘Liewensgrondlag vun den nächste Generatiounen onwidderrufflech zerstéiert, mee wat wësse scho Kanner, besonnesch wa se sech weigeren an d‘Schoul ze goen. Dat neit Parlament an d‘Kommissioun um Wee an d‘Verdierwen?

Passt emol gutt op!

Gutt datt wéinstens den EU-Kommissiounspresident nach den Duerchbléck huet. Als zukünftege Pensionär kann hien et och lafe loossen an esou erënnert hien de politeschen Héngerstall dorunner, datt d‘EU-Wahlen 2019 vill Zousproch haten an dobausse Mënsche sinn, déi mat hirer Stëmm déi si ofginn hunn, och Erwaardunge verknäppen. Wann een „déi“ verléiert dann ass Europa am Aarsch.

Zudeem soll um Prinzip vum Spëtzekandidat festgehale ginn. Dat heescht: nëmmen e Spëtzekandidat bei der EU-Wahl soll dierfen EU-Kommissiounspresident ginn. Hei gëtt et zolidd Widderstand, mee d‘EU-Parlament géif drop bestoen. Woubäi hei an éischter Linn de Parlamentspresident Antonio Tajani an d‘Rabbelkäpp – aus eegenem Interêt – dësen ëmstriddene „Prinzip“ bäibehale wëllen.

De russesche Bier

Wann ee sech zu Bréissel bei engem Sommet mat enorm wäitreechende Konsequenzen net eens gëtt, obwuel engem d‘Fuerderunge vun der Bevëlkerung bekannt sinn – schliisslech waren all d‘Parteien domm genuch déi Fuerderungen an hir Programmer opzehuelen – dann ass kloer, dat muss „iwwerdeckt“ ginn, an dat geet am beschte mat der Presentatioun vun engem Feindbild.

Bréissel

Feindbiller sinn ëmmer gutt an de Russ traditionell beschtens gëeegent. Wann een da scho soss näischt Opweises huet, beschléisst een einfach d‘Verlängerung (sechs Méint) vun de Sanktioune géint Russland, dat nach ëmmer am Kontext mat der Annexioun vun der Krim. Wann awer Israel d‘Golanhéichten annektéiert – mat amerikanescher Réckendeckung – ass dat fir d‘EU voll OK…

mat indymedia/bru

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Donald Tusk, EU-Kommissiounspresident, EU-Rotspresident, EU-Sommet, EZB, Jean-Claude Juncker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel