Search

You may also like

9 Iddien, wéi s du der Lëtzebuerger Sprooch hëllefe kanns
International Money Neiegkeeten

9 Iddien, wéi s du der Lëtzebuerger Sprooch hëllefe kanns

Gäre gëtt reklaméiert, datt et eiser Sprooch net gutt geet.

money
Franséisch Digitalsteier mëssfällt Washington
International Money Neiegkeeten

Franséisch Digitalsteier mëssfällt Washington

Zu Paräis soll de Senat haut en Digitalsteier-Gesetz beschléissen an

Däitschland: Eng Veruerdnung soll méi Tester erméiglechen
International Money Neiegkeeten

Däitschland: Eng Veruerdnung soll méi Tester erméiglechen

Dat mat der Fräiwëllegkeet ass net esou einfach. Dat kennt

money

Bréissel stellt sech op en Handelskrich mat den USA an

Bréissel stellt sech op en Handelskrich mat den USA an

No der Ukënnegung duerch d‘USA, den Import vu Stol an Aluminium gesënnert ze besteieren, muss och d‘EU Moossnamen ergräifen. Als éischt „Affer“ vun dësem ugekënnegtem Handelskrich, Harley Davidson, de Bourbon an d‘Textilie vu Levis‘s.

„Mir wäerte Géigemesuren ergräifen, wat d‘Importrechter vun amerikanesche Produkter ubelaangt, notamment Harley Davidson, den amerikanesche Whisky an d‘Levi‘s Jeans“, esou de Jean-Claude Juncker, President vun der EU-Kommissioun, beim Empfang e Freideg duerch den Hamburger Buergermeeschter.

Wann d‘USA Barrière wëllem opstellen „wäerte mir esou domm si wéi si“ warnt de Jean-Claude Juncker, deen awer ënnersträicht datt et him léiwer wier „dat net mussen ze maachen“. A weider: „Ech bedauere säi Choix (…) mee Europa muss sech verdeedegen, a wäert sech och verdeedegen“.

Eppes éischter am Nomëtteg, hat den EU-Kommissiounspresident erkläert, datt d‘EU „net mat gekräizten Äerm einfach sëtze bleift, wann d‘Industrie an d‘Aarbechtsplaze a Gefor geroden“. A de Jean-Claude Juncker füügt bäi: „Europa brauch eng Handelspolitik déi amstand ass sech ze verdeedegen. Mir wäerten net naiv sinn“.

Dat ka béis an d‘Box goen

Dem Donald Trump seng Ukënnegung ab nächster Woch den Import vu Stol mat 25% an den Import vun Aluminium mat 10% extra ze besteieren, hunn als Zweck de Schutz vun der nationaler Siderurgie. Den US-President huet och net preziséiert gehat, wéi eng Länner vun dëser Moossnam betraff sinn.

Um Dag selwer hat de Jean-Claude Juncker säi Bedaueren zum Ausdrock bruecht, an verséchert, datt d‘EU mat de Mesure wäert eens ginn, an och eng entspriechend Äntwert muss virbereeden. Am Laf vum Freideg, hat de Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Jyrki Katainen awer gemengt, et géif nach Weeër fir engem Handelskrich mat den USA aus de Féiss ze goen.

Hien huet erkläert, datt déi europäesch Géigemesure, déi schonn eng Zäit laang an de Tiräng leien, am Aklang mat de Reegele vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) stinn. Mesuren déi dann och drop ausgeluecht wieren, de potenzielle Verloscht fir déi europäesch Industrie opzefänken.

Op der Basis vun Zuele betruecht, stellt ee fest, datt d‘USA all Joer 30 Milliounen Tonne Stol, zum Präis vu 24 Milliarden US-Dollar importéiert. Dorausser ergëtt sech, datt d‘USA de gréissten Importateur vu Stol op der Welt ass. Laut den aktuellen Zuelen, komme 4% vum Stol aus Däitschland, 50% vum Import verdeelen sech op Kanada, Mexiko, Brasilien a Südkorea.

mat AFP

Foto: Begeeschtert ass de Jean-Claude Juncker net, mee wann d‘USA et op en Handelskrich sollten ukomme loossen, wier d‘EU gerëscht. Do schéngt dat lescht Wuert nach net geschwat. © Armend Nimani/AFP

Related topics Aluminium, Handelskrich, Jean-Claude Juncker, Stol, USA
Next post Previous post