Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

rout-rout-gréng Koalitioun: Eng kloer Fuerderung un d‘Sozialisten an déi gréng
scrabble dating site Neiegkeeten

https://moien.lu/how-are-isotopes-used-in-radioactive-dating/

E Sonndeg ass et esou wäit, da gëtt gewielt. Fir

https://moien.lu/sims-3-matchmaking-service/
scrabble dating site Neiegkeeten

Vakanz mam Hausdéier: Wourop opgepasst MUSS ginn!

D’Vakanzenzäit steet kuerz virun der Dier. Soumat erënnert de Ministère

François Bausch: Sou hat hien et dach guer net gemengt…
scrabble dating site Neiegkeeten

François Bausch: Sou hat hien et dach guer net gemengt…

Wollt de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte François Bausch

Bréissel verdächtegt Ryanair géint d‘Konsumenterechter ze verstoussen

Bréissel verdächtegt Ryanair géint d‘Konsumenterechter ze verstoussen

En Donneschdeg huet d‘EU-Kommissioun d‘Autoritéiten, déi sech ëm de Konsumenteschutz këmmeren, opgeruff sech ganz genau d‘Entschiedegungskonditioune vun der irescher Ryanair unzekucken. D‘Fluchgesellschaft gëtt verdächtegt géint europäescht Recht ze verstoussen.

Grond fir déi ganz Opreegung: d‘EU-Kommissioun ass net mat enger Konditioun averstanen, déi a verschidde Fäll de Passagéier operluecht gëtt. Déi zwéngt si sech un en irescht Geriicht ze wennen, wann si Entschiedegungsfuerderungen hunn, op no engem Retard oder engem gestrachene Fluch.

Ryanair huet an engem Communiqué verséchert, sech voll un déi europäesch Legislatioun ze halen. Wat d‘Obligatioun betrëfft sech un en irescht Geriicht ze adresséieren, esou betrëfft dës Mesure nëmmen déi Reklamatioune, déi vun an dësem Beräich spezialiséierten Entreprise agereecht ginn.

A gepréift gëtt elo awer

„Ech hu mat grousser Suerg d‘Informatiounen iwwer #ryanair gelies“ schreift op Twitter d‘Vera Jourova, EU-Kommissärin fir de Konsumenteschutz. „De Fait, datt d‘Passagéier hire juristesche Recours nëmmen an Irland kënnen areechen, verstéisst géint d‘Reegelen“, esou d‘Kommissärin.

Si huet dann och déi zoustänneg Autoritéiten, déi sech ëm de Konsumenteschutz ze këmmeren hunn opgefuerdert, dës „Praxis“ ze ënnersichen. Déi belsch Konsumenteschutzorganisatioun „Test Achats“ begréisst de Virstouss vun der EU-Kommissärin, nodeems och si Ryanair kritiséiert haten.

„Test Achats“ huet affirméiert, datt d‘Fluchgesellschaft seng Konditiounen ab dem 2. Oktober verännert huet. Verännerungen déi „op neits eenzeg den Zweck hunn, déi geschiedegt Passagéier schonn am Virfeld ze decouragéieren, hiert verbréifte Recht anzekloen“.

Desinformatioun ass Tromp

„De leschte Beweis op deen ee sech ka bezéien, ass déi organiséiert Desinformatioun vu Ryanair, déi während de Streiks vun de leschten zwee Méint de Clienten zougedroe ginn ass. Esou gouf all Form vun Entschiedegung am Kader vun engem interne Sozialkonflikt ausgeschloss“.

Wéi d‘Fluchgesellschaft sech huet mat Streiks vum Kabinnepersonal an de Piloten erëmschloen, hat d‘Ryanair annoncéiert, datt si d‘Billjeeë géif rembourséieren, mee de Cliente keng Entschiedegung fir Verspéidungen oder Annulatioune géif zougestoen. Eng Ausso déi vu Ryanair kontestéiert gëtt.

Demande fir eng Entschiedegung, wann se vu spezialiséierten Entreprisen agereecht ginn, „gi vun iresche Geriichter geréiert. Dat opgrond vun enger juristescher Klausel aus dem Joer 2010, déi drop ausgeriicht ass, d‘Konsumente virun abusive Praktike vun den Intermediairen ze schützen“, esou Ryanair.

E Client deen sech direkt u Ryanair adresséiert „ass fräi seng Reklamatioun viru belsche Geriichter weiderzeféieren, wann hien dat wënscht, well seng Demande refuséiert ginn ass“, erkläert Ryanair.

mat AFP

Ähnlech Sujeten EU-Kommissärin, EU-Kommissioun, Konsumenteschutz, Ryanair, Test Achats, Vera Jourova
Nächsten Artikel Virrechten Artikel