Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rock um Knuedler: Programmännerung!
https://moien.lu/hook-up-jumper-cables-wrong/ Neiegkeeten

hook up 98

Wéi de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg

https://moien.lu/dating-4-you/
https://moien.lu/hook-up-jumper-cables-wrong/ Neiegkeeten

Neies vum Bichergeck : Aquatower in love

Dëst Kannerbuch ass speziell – a ganz villen Hisiichten. Fir

Du wëlls de Vizekanzler mat “f*ck” vernennen? Ass ok, soulaang s de et begrënne kanns!
https://moien.lu/hook-up-jumper-cables-wrong/ Neiegkeeten

Du wëlls de Vizekanzler mat “f*ck” vernennen? Ass ok, soulaang s de et begrënne kanns!

Dem Vizekanzler “Fuck” ze soen an him de Mëttelfanger ze

Bréisseler Krise Sommet zum Atomofkommes mam Iran

Bréisseler Krise Sommet zum Atomofkommes mam Iran

Beim Sommet vun den EU-Ausseminister zu Bréissel, zu där sech den US-Ausseminister Mike Pompeo agelueden hat, bei deem déi amerikanesch Positioun zum Atomofkommes mam Iran nach emol sollt beliicht ginn, ass ee wéi erwaart net viru komm.

Stonnelaang Gespréicher hunn zu näischt gefouert an d‘USA bleiwe bei hirem „Nee“. Warnungen (virun de Konsequenzen) huet de Mike Pompeo vum Dësch gewëscht a sech op seng an déi vu Washington ausgeschwate Sanktioune behaapt. Dobäi haten sech d‘Ausseminister op dësem Dag villes virgeholl, ënnert aneren eng Eskalatioun verhënneren déi zum militäresche Konflikt féiert.

D‘Ausseminister vun den europäesche Signatairen: Däitschland, vertrueden duerch den Heiko Maas, Frankräich mam Jean-Yves Le Drian, de briteschen Ausseminister Jeremy Hunt an d‘EU-Kommissärin fir Aussenugeleeënheeten, hunn sech de ganzen Dag iwwer de Mond fuseleg geschwat, an den Amerikaner virun der Krisesëtzung virun de Folge vun engem Krich gewarnt.

Eng däitlech Positioun

Elo ass et gewosst, datt wann ee sech beréit, dat net zwéngend zu Kompromësser féiert. De Mike Pompeo, deen net den Optrag hat zu Bréissel de Konsens erbäizeféieren, huet a villen eenzele Gespréicher d‘US-Positioun verdeedegt an seng Gespréichspartner opgefuerdert, d‘Haltung vu Washington géintiwwer Teheran ze ënnerstëtzen. Wann d‘USA sech eppes an de Kapp gesat hunn…

Interessant och d‘Informatioun, datt de Mike Pompeo soll „Material“ matbruecht hunn, datt beweise soll, datt iwwerhaapt eng Gefor vum Iran ausgeet. Mat de Medie wollt den US-Ausseminister sech gëschter net ploen, an och d‘EU-Ausseminister waren net interesséiert, op déi vum Amerikaner matbruechte Beweiser anzegoen. Et geet awer net duer, einfach Behaaptungen an d‘Welt ze setzen.

Grondsätzlech am Recht

Dee ganze Stress, deen eigentlech net néideg wier – wëll sech den Iran sengersäits un den Accord gehalen hat – huet och mat der onséileger Allianz tëscht den USA an dem saudesche Kinnekräich (Sunniten) ze dinn, Israel spillt am Géigesaz zu deem wat een unhuele kéint, eng ënnergeuerdent Roll, och wann Teheran sech virgeholl huet den zionistesche Staat vun der Landkaart ze läschen.

Wéi den Donald Trump d‘Atomofkommes d‘lescht Joer eegenhänneg zerrappt huet, huet hien seng Bezéiunge mat Saudiarabien enorm verbessert an e mega Waffendeal ëmgesat kritt. An esou ee Client bréngt natierlech och Verflichtunge mat sech. Wann da gewosst ass, datt déi islamesch Republik den Äerzfeind vun der saudescher Monarchie ass, da sinn d‘Intentiounen eigentlech kloer.

Keng Loscht…

Am léifste wier den Amerikaner natierlech, datt sech d‘Europäer – eventuell esouguer am Kontext vun der NATO – un der Säit vun den USA géint den Iran engagéieren. Washington wëll de Regime vun Teheran stierzen, an argumentéiert mat den iraneschen „Aktivitéiten“ am Jemen, dem Support fir e sëlleche Rebelle-/Terrorgruppen am noen Osten an dem bau vu neie ballistesche Rakéiten.

Op e Konflikt hunn d‘EU-Ausseminister keng Loscht a behaapten sech och hir Positioun, déi beseet datt d‘Ofkommes, un dat sech Teheran bis ewell gehalen huet, gutt ass. Och d‘Handelsbezéiunge wëllen d‘Europäer net ofbriechen, a fir d‘Sanktioune vun den Amerikaner ze ëmgoen, géifen si gären d‘Handelsplattform „Instex“ asetzen. Dat gefält Washington guer net, an et geet nees gedreet.

mat indymedia/bru

Foto: Pete Linforth / Pixabay

Ähnlech Sujeten Atomofkommes, EU- Ausseminister, Iran, Mike Pompeo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel