Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aquarell-Ausstellung vum James Foot – de Brit a Griicheland
laws dating age https://moien.lu/indian-dating-in-kenya/

dating shenyang

Um 26. Mäerz invitéiert de Cercle Munster häerzlech op d’Ausstellung

https://moien.lu/scripture-about-dating-a-non-christian/
laws dating age https://moien.lu/indian-dating-in-kenya/

Kuba: Eng Verfassungsreform fir e sozialistesche Rechtsstaat

D‘Verfassung vu Kuba staamt aus 1976, an ass eppes verstëbst,

Moskau a Kiew hunn d‘Staatsbiergerschaft an der Promotioun
laws dating age https://moien.lu/indian-dating-in-kenya/

Moskau a Kiew hunn d‘Staatsbiergerschaft an der Promotioun

Mëtt leschter Woch hat de Vladimir Putin per Dekret entscheet,

Bretzelsonndeg: Eng Traditioun fir d’Léift!

Bretzelsonndeg: Eng Traditioun fir d’Léift!

Kuerz virun Ouschtere fënnt een nees an all Supermarché séiss Bretzelen an alle Gréissten. Den Hannergrond vun dëser Lëtzebuerger Traditioun geet leider no an no verluer, wouduerch mir Iech d’Geschicht heizou natierlech erkläre mussen!

All Joer feiert de Grand-Duché um drëtte Sonndeg vun der Faaschtenzäit de sougenannte Bretzelsonndeg. Dobäi muss een als éischt emol soen, datt d’Bretzel eng Lëtzebuerger Gebäckspezialitéit ass. De knusperege Bliederdeeg gëtt dobäi mat Zockergoss a Mandelen iwwerzunn, a wie wëll kritt dës séiss Leckerei och mat Schockela, Marzipan oder Pralinzé gefëllt. Aiii, do kritt ee schonn direkt Honger!

D’Zeeche vun der Léift

Kuckt ee sech d’Form vum Gebäck méi no un, esou kann een dorausser anenaner verschlongen Äerm erkennen, vun zwou Persounen, déi sech gären hunn. D’Traditioun beseet, datt de Mann senger Häerzdamm dëst berühmt Gepäck, wat fréier ëmmer salzeg war an haut mat senger séisser Nott bestécht, um Bretzelsonndeg schenke muss. Wann d’Fra dëse Cadeau akzeptéiert an selwecht fir de Veréierer fillt, sou muss si him am Géigenzuch fir Ouschteren een Ee schenken. Dëse Gest gëllt sou gesi wéi een „Ech hunn dech och gären.“

Ass d’Fra elo net esou ugedoe vum Mann, dann iwwerreecht si him ee Kuerf. Vun dohier kënnt och den typeschen Ausdrock „Ee Kuerf kréien“, wat viraussetzt, datt de Veréierer sech uschléissend schnell verzéie soll.

Opgepasst un de Schaltjoren! Hei gëtt d’Traditioun nämlech gedréit an d’Fra muss dem Mann d’Bretzel schenken, hien hir dofir een Ee, oder eben ee Kuerf.

Den Ursprong

Am 18. Joerhonnert huet dëse Brauch um selwechten Dag, wéi d’Buergbrennen ugefaangen. Deemools hunn onbestuet jonk Fraen ee Stéck Holz an d’Feier gehäit an dobäi haart den Numm vum Mann geruff, an deen si verléift sinn. Wann alles gutt gaangen ass, dann huet hien hir um véierte Sonndeg virun Ouschteren eng Bretzel geschenkt. Doropshi krut hien dann een Ee.

Mëttlerweil ass de Bretzelsonndeg zu engem richtege Volleksfest ginn, bei dem den Touristenzuch Jhangeli mat der séisser Leckerei dekoréiert ass a vun engem klengen Orchester begleet gëtt. Bei dësem Ëmzuch, un deem ënnert anerem Bäcker a Patissieren aus dem ganze Land deelhuelen, geet och nach déi sougenannt „Bretzelkinnigin“ mat a verdeelt uschléissend an der Stad Lëtzebuerg lecker Bretzelen.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bretzel, Bretzelsonndeg, Buergbrennen, Léift, Ouschteree, Schaltjoer, Traditioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel