Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster
International Neiegkeeten

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster

Den 21. Juni gouf vun de Vereenten Natiounen (UN) zum

Véier indiskutabel Konditioune fir d‘Gesondheet vun de Salariéeën ze schützen
International Neiegkeeten

Véier indiskutabel Konditioune fir d‘Gesondheet vun de Salariéeën ze schützen

No enger ganze Rëtsch u Videokonferenzen tëscht dem Aarbechtsminister Dan

What the Fakt – D’Geschicht vum Rock am Ring!
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Geschicht vum Rock am Ring!

Haut ass den Optakt vun der 32. Editioun vum Rock

Brexit: Groussbritannien steet viru sengem politeschen Armageddon

D‘Ministere verfuussen sech, d‘Partei rebelléiert, mee d‘Theresa May bleift cool

Brexit: Groussbritannien steet viru sengem politeschen Armageddon

Elo hätt et en Accord, an der britescher Premierministesch, Theresa May, ass et och nach gelongen en Deel vum Parlament „ze iwwerzeegen“, mee dat ganz muss nach duerch zwou Kummeren, an do gesäit et net gutt aus. Trotz allem ass si determinéiert, den Accord „duerchzeboxen“.

Bei der Pressekonferenz gëschter Owend, huet d‘Theresa May, där e puer Stonne virdrun eng Rei Ministeren d‘Demissioun presentéiert haten, gemengt: „Ech sinn dovunner iwwerzeegt, dat dee Wee deen ech gaange sinn, dee beschte fir mäi Land ass“. D‘Premierministesch huet verséchert „am nationalen Interessi“ ze handelen.

An et war kee einfache Pressetermin, no engem Dag op deem d‘Theresa May mat „Häerz a Séil“ hire „Scheedungsprojet“ mat der europäescher Unioun am Parlament verdeedegt huet. Op et eng gutt Iddi war, domatter ze dreeën, datt et zur Katastroph komme kann, wann si elo net géif dësen Accord ugeholl kréien? Emol kucken…

Hënn déi billen… déi bäissen och

Fakt ass, datt d‘Theresa May vill geschwat a gebiedelt huet, ouni dofir déi „butzeg“ unionistesch Partei aus Nordirland, DUP, iwwerzeegt ze kréien. Deenen hir 10 Deputéiert sinn awer noutwenneg fir déi absolut Majoritéit ze erhalen.

A laut dem Daily Telegraph, géif sech d‘DUP elo net méi un de politeschen Accord mat de Konservative Gebonne fillen, et sief, d‘May gëtt „ausgewiesselt“. Esou wëll ee beim Daily Telegraph wëssen, datt d‘Nordiren am Parlament géint den Accord stëmme wäerten, an d‘Ënnerstëtzung vun den „Tories“ dovunner ofhänkt, wien de Leader vun der Partei ass.

Dobäi hat sech d‘Theresa May um Donneschdegmuere während dräi Stonnen, deenen Deputéierten entgéintgestallt, déi vum Brexit-Accord näischt wësse wëllen. Si huet näischt onversicht gelooss, fir si ze iwwerzeegen, datt dësen Text mat eppes iwwer 600 Säite muss ënnerstëtzt ginn. En Text deen e puer Stonne virdrun, zur Demissioun vu 4 Ministere, dorënner de Brexitminister, gefouert huet

Wann d‘Meenung scho festgeluecht ass

„De Choix ass kloer: mir kënnen eis eraussichen ouni Accord eiser Wee ze goen, riskéieren dat et kee Brexit gëtt, oder mir entscheeden eis fir den Zesummenhalt an ënnerstëtzen dee beschten Accord dee mir verhandele konnten“, esou d‘Theresa May géintiwwer den Deputéierten.

Mee d‘Dissidenten aus alle Fraktiounen hunn der Premierministesch verdäitlecht, datt keng Chance besteet, datt dëse „Plang“ hir Approbatioun erhält, an hu si opgefuerdert hire Job ze schmäissen. Eng Situatioun op déi sech d‘Theresa May agestallt hat. Datt d‘Oppositioun hir net favorabel wier war gewosst, mee mam däitleche Widderstand an den eegene Reien hat si net gerechent.

Tatsächlech hunn eng Partie Deputéiert aus hirem Lager sech zesummegedoen, fir et zu engem Mësstrauensvott géint d‘Regierungscheffin ze bréngen. Esou de konservativen Deputéierten, Jacob Rees-Mogg, Leader vum mächtege parlamentaresche Grupp „European Research Group“ (ERG), deen d‘Theresa May beschëllegt d‘Verspriechen un dat britescht Vollek gebrach ze hunn.

De Jacob Rees-Mogg huet e Mësstrauensbréif géint d‘Premierministesch deposéiert an deklaréiert: „Et wier am Interessi vun der Partei an dem Land, datt si géif demissionéieren!“.

Op der Sich no Ënnerstëtzung

Fir e Mësstrauensvott, brauch et d‘Ënnerstëtzung vun 48 Deputéierten, also 15% vum konservative Grupp am „House of Commons“. Ass dëse Schratt gemaach, brauch et uschléissend eng Majoritéit vu konservativen Deputéierten, déi géint d‘May stëmmen. De Kenneth Clarke, e pro-europäeschen Deputéierten, gëtt dem Mësstrauensvott wéineg Aussiicht op Erfolleg. Et géif keng Alternativ…

Brexit

E Bild datt méi ausseet, wei dausend Wierder. © Adrian Dennis/AFP

Interessant, wann ee bedenkt, datt nach um Mëttwochowend d‘Theresa May sech gebretzt huet, datt si d‘Ënnerstëtzung vun hirem Kabinett hätt. Datt passt net wierklech zur Well un Demissiounen, déi hir en Donneschdeg virgeluecht goufen. Ausser dem Dominic Raab (Brexitminister), hunn d‘Suella Braverman (Staatssekretärin fir de Brexit), de Shailesh Vara (Staatssekretärin fir Nordirland), an d‘Esther McVey (Aarbechtsministesch) d‘Handduch geworf.

Dës Demissiounen hunn d‘Unhänger – aus dem eegene Lager – vun engem „Brexit ouni Accord“ gestäerkt. Si hunn allerdéngs och de Supporter vun engem „zweete Brexit-Referendum“ nei Hoffnung ginn. Eng Iddi déi hire Wee geet, och wann d‘Premierministesch en Donneschdeg widderholl huet, datt dat „ausgeschloss“ ass.

An Accord mat Sécherheetsnetz

Et ass wichteg drun ze erënneren, datt am Kontext vum Accord-Projet, den Text e Sécherheetsnetz (Backstop) enthält. D‘Léisung am leschte Recours, déi virgesäit, datt Groussbritannien an der EU-Zollunioun bleift, esou wéi e méi en detailléiert a reglementéierten Alignement fir Nordirland, fir de Fall, datt et no der Transitiounsphas zu kengem Accord tëscht London a Bréissel kënnt.

Den Dominic Raab ass sengersäits iwwerzeegt, datt „de reglementéierte Regime dee fir Nordirland virgeschloe gëtt, ass eng ganz reell Bedreeung vun der Integritéit vu Groussbritannien“. Wéi also kann d‘Theresa May elo d‘Parlamentarier iwwerzeegen, den Accord am Dezember ze stëmmen, sollt dëse beim EU-Sommet vum 25. November vun de 27 ugeholl ginn?

Ausser der DUP, huet och d‘Aarbechterpartei (Labour) duerchblécke gelooss, datt si dësen Text net wäerte matstëmmen. De Leader vu Labour, Jeremy Corbyn, huet de Punkt op den „i“ gesat: „D‘Regierung muss elo dëse wackelegen Accord zréckzéien. (…) d‘Regierung ass voll am Chaos“.

Dëse „Chaos“ huet déi englesch Währung geschwächt (-2% géintiwwer US-Dollar an Euro). D‘EU-Parlament gesäit den Accord als „dee bescht méigleche fir d‘EU“, an den EU-Parlamentspresident Donald Tusk, huet verséchert, datt Bréissel fir e finalen Accord bereet ass.

mam Pauline Froissart/AFP

Foto: D‘Premierministesch vu Groussbritannien, Theresa May, gëschter Owend bei der Pressekonferenz. Trotz dem Fait, datt op e neits véier Minister hir Demissioun agereecht hunn, et an hirer Partei zur Rebellioun kënnt, an och d‘Oppositioun just un hirem Néiergang interesséiert ass, war d‘Regierungscheffin „cool“ bliwwen. © Matt Dunham/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Accord, Brexit, EU-Kommissioun, Jeremy Corbyn, Mësstrauensvott, Nordirland, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel