Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden
International https://moien.lu/hookup-one-liners/

https://moien.lu/dating-no-teeth/

Bei der Auditioun vum 25. Oktober haten déi verantwortlech vum

USA: D‘Mark Diesel mécht mat Deisel eng echt Fälschung
International https://moien.lu/hookup-one-liners/

USA: D‘Mark Diesel mécht mat Deisel eng echt Fälschung

Et ass enk an dem klenge Buttek an et schéngt

Endlech eng Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an dem Yad Vashem
International https://moien.lu/hookup-one-liners/

Endlech eng Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an dem Yad Vashem

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch an

Brexit: Wéi en Deel vum „Nee“ ass onverständlech

Brexit: Wéi en Deel vum „Nee“ ass onverständlech

Si wollt hiert Mandat géint de Brexit-Accord antauschen, an dat wëllen se och net… Am britesche Parlament hunn déi Deputéiert – fräi nom Motto „Jamais deux sans trois“ – dem Theresa May säin Ofkommes mat der EU op e neits zréckgewisen. Soll elo d‘Scheedung ouni Accord vollzu ginn?

Den drëtten Duerchgang vum Vott zum Brexit-Accord ass mat 344 Stëmmen dergéint, an 286 derfir ausgaangen. Onmëttelbar nom Vott huet d‘Premierministesch d‘Folge vun dëser Entscheedung als „bedenklech“ ëmschriwwen. Tatsächlech ass et elo esou, datt d‘Briten den 12. Abrëll d‘EU misste verloossen, an dat ënnert de Konditioune vun engem haarde Brexit. Mee genee dat wëllen se jo net.

Brexit

Wat elo den 12. Abrëll betrëfft: fir nei Verhandlungen ass d‘Zäit ze knapp, mee d‘Parlament huet sech kloer géint en Austrëtt ouni Ofkommes ausgeschwat. Iwwert alternative ginn se sech allerdéngs och net eens. Bréissel huet sengersäits kloer gemaach, datt eng weider Verlängerung nëmme méiglech wier, wann et kloer Linne gëtt. Déi 27 mussen deem dann nach zoustëmmen.

Ginn d‘Brite mat an d‘EU-Wahlen?

Huele mir en Ament un d‘Klatzkäpp am „House of Commons“ kréien d‘Kéier a fannen – och wa kee weess wou si et hir huele sollten – eng „alternativ Léisung“ déi och vun der Unioun akzeptéiert gëtt. Da wier d‘Konditioun fir eng Verlängerung, méiglecherweis bis Enn 2019, erfëllt. Mee dat ass fir d‘EU e geféierlechen Zeenario, well d‘Briten dann och un der EU-Wahl deel huele missten.

Brexit

Aus dësem Grond huet Bréissel fir den 10. Abrëll en extraordinären EU-Sommet aberuff. Dat op Decisioun vum EU-Rotspresident Donald Tusk. An de Couloire vun der EU waren nom britesche Vote vill „laang Gesiichter“ ze gesinn, d‘Enttäuschung iwwert de Wahlausgang konnt ee gëschter reegelrecht spieren. Hei schéngen déi lescht Zweiwel iwwert den haarde Brexit verflunn ze sinn.

Muss een de Briten de Stull virun d‘Dier stellen?

Zum jëtzegen Zäitpunkt sinn d‘Fakten déi folgend: kritt d‘Theresa May kee Wonner hin, ass sécher datt Groussbirtannien den 13. Abrëll net méi an der EU sinn. Dat heescht si wiere weder en Deel vum Bannemaart, nach vun der Zollunioun. Et ass bal net auszedenken, wat dat fir de Reesverkéier an d‘Wirtschaft vu Konsequenzen huet. Woubäi d‘Kommissioun verséchert, dat am Grëff ze hunn.

Brexit

Et besteet – an jo et kléngt genau esou verréckt wéi et dat och ass – nach zu engem véierte Vott iwwert de Brexit kommen. Géif deen da géint all Erwaardungen ugeholl, kéint de Briten eng Transitiounsphas bis Enn 2020 ugebuede ginn. Si wiere wuel net méi Member vun der Unioun, géifen awer am Bannemaart an der Zollunioun bleiwen. Dat awer wollten d‘Brite bis ewell och net.

A wat wann si hiren „Antrag“ zréckzéien?

En anert „Katastrophenzeenario“ gefälleg? Mir sollten net vergiessen, datt et fir Groussbirtannien nach eng „Optioun“ gëtt. Esou kéinten d‘Briten, no den aktuelle Kenntnisser, bis zum 12. Abrëll Mëtternuecht den „Antrag“ zréckzéien, an dat ouni dat si dofir d‘Zoustëmmung vun der EU missten ufroen. Esou huet et den europäesche Geriichtshaff am Dezember klipp a kloer bestätegt.

Brexit

Géif dëse Fall antrieden, muss ee sech iwwert d‘Konsequenzen am klore sinn. Net eleng datt et fir d‘Briten e risege Gesiichtsverloscht wier, och um Kontinent géif dat ganz dem demokratesche Prozess – Kontext vun der EU-Wahl – net entgéint kommen. Dee ganze Brexit ass esou wéi et den Ament ausgesäit, déi gréisste Bedreeung fir déi politesch Kohäsioun innerhalb der Unioun.

mat indymedia /lon

Ähnlech Sujeten Brexit, Europawahlen 2019, House of Commons, Theresa May, Verlängerung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel