Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ArcelorMittal Diddeleng: Den OGBL fuerdert e Gespréich mam Aarbechtsminister
International Neiegkeeten

ArcelorMittal Diddeleng: Den OGBL fuerdert e Gespréich mam Aarbechtsminister

An enger Pressematdeelung déi den OGBL e Méindeg erausginn huet,

UN-Campagne #NotATarget vu Lëtzebuerg matgedroen
International Neiegkeeten

UN-Campagne #NotATarget vu Lëtzebuerg matgedroen

De Weltdag vun der humanitärer Hëllef, deen all Joers de

Wéit gutt kenns du dës wichteg Frae vun der Lëtzebuerger Geschicht?
International Neiegkeeten

Wéit gutt kenns du dës wichteg Frae vun der Lëtzebuerger Geschicht?

An der Geschichtsschreiwung gëtt sech gären ze vill op d’Männer

Brexit-Austrëttsofkommen hëlt déi éischt Hürd

Verhandlungen iwwert zukünfteg Bezéiungen komme méi no

Brexit-Austrëttsofkommen hëlt déi éischt Hürd

Den Europäesche Rot huet haut dem Brexit-Austrëttsofkommen zougestëmmt an eng politesch Erklärung fir déi zukünfteg Bezéiungen tëschent der EU an Groussbritannien ugeholl. Fir de Christophe Hansen kënnt dësen Accord an der allerleschter Sekonn. Hien warnt awer, dat d’europäescht Parlament nach dat lëscht Wuert huet an dat de schwieregsten Deel vun de Verhandlungen nach virun eis steet.

Dat laang erwaarten Austrettsofkommen deckt eng ganz Réi vu Froen of, vum Schutz vun de Biergerrechter iwwert Iwwergangszäit bis zum endgültege Scheedungsgesetz. De Christophe Hansen kommentéiert: „Endlech! Dësen Accord ass an éischter Linn eng gutt Noriicht fir déi 3 Milliounen EU-Bierger déi hire Wunnsëtz a Groussbritannien hunn an di 1 Millioun UK-Bierger, déi an der EU liewen. Den ugekënnegte Brexit huet si vill ze laang an eng qualvoller legaler Onsécherheet geloos. Den aktuellen Accord heescht  zum Beispill, dat déi 2000 lëtzebuergesch Bierger a Groussbritannien an di 6000 Britten zu Lëtzebuerg hiert Liewen ongestéiert weider féiere kënnen. Si kenne weiderhin am jeeweilege Land liewen, studéieren oder schaffen ouni dat hir Openthalt- oder Sozialversécherungsrechter beanträchtegt ginn.”

Trotzdeem warnt de Christophe Hansen, dat d’Enn vun der Brexit-Saga nach laang net a Siicht ass: “Di Zoustëmmung haut vun de 27 Regierungscheffen bréngt de geuerdente Brexit nëmmen e Schrëtt weider. Dat lëscht Wuert léit elo beim europäesche Parlament an dem briteschen House of Commons. Béid mussen den endgültegen Deal no enger déifgrënneger Préifung vun den Texter zoustëmmen an dëst wäert kee Spazéiergang ginn.” Mam Bléck op déi zukünfteg Bezéiungen gëtt den Hansen Folgendes ze bedenken: “Eréischt um Daach nom Brexit, dat heescht no Enn Mäerz 2019, wäerten déi richteg haart Verhandlungen ugoen. Froe wéi déi zukünfteg Mobilitätsregele fir d’Reesen tëschent der EU a Groussbritannien oder Äquivalenzreegelung fir de Finanz-Sektor – déi fir Lëtzebuerg vun grousser Bedeitung ass – mussen am Kader vun den zukünftege Verhandlungen néi gereegelt ginn. De Brexit wäert eis nach eng ganz Zäit lang beschäftegen.”

D’Weigerung vum Lëtzebuergesche Premierminister – trotz explizitter Ufro vun der CSV – déi lëtzebuergesch Positioun zum Brexit-Ofkommen an der Chamber ze debattéiere fir dat Treffen haut vum europäesche Rot kommentéiert den Hansen folgendermoossen: “De Brexit ass e beispilllose Virfall deen eist Land an d’Europäesch Union staark beaflosse wäert. Meng Partei huet dowéinst zu Recht eng Debatt an der Presenz vum Premierminister gefrot. Sécherlech wär eng déifgrënneg Debatt besser fir eis Land gewiescht wéi dat stuert Ofliese vum Ausseminister senger Ried. Regéieren heescht virausplangen a wann et em den Brexit geet, schéint eis Regierung éischter ze improviséieren. Dobäi soll kee liichtfäerteg mat der Zukunft vun eise Bierger a Firme spillen.”

Ähnlech Sujeten Austrëttsofkommen, Bréissel, Brexit, Christophe Hansen, London
Nächsten Artikel Virrechten Artikel