Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E „Laangfanger“ op der ADEM
International Neiegkeeten stfu dating

https://moien.lu/india-most-dating-site/

Nodeems d‘ADEM de 17 Abrëll matgedeelt hat, datt si beim

Homosexualitéit an Tschetschenien: 5 héichrangeg Diplomaten schreiwen dem Lavrov
International Neiegkeeten stfu dating

Homosexualitéit an Tschetschenien: 5 héichrangeg Diplomaten schreiwen dem Lavrov

Wéi säitens der AFP haut ze erfueren war hunn d‘Ausseminister

Chemnitz: Rietsextremisten op Mënschejuegd
International Neiegkeeten stfu dating

Chemnitz: Rietsextremisten op Mënschejuegd

E sëlleche Leit sinn e Méindeg zu Chemnitz (Ost-Däitschland), bei

surprise

Kee Mëttegiessen ënner Frënn

De Boris „No Brain No Pain“ Johnson huet sech selwer den Dicks gebéit

Kee Mëttegiessen ënner Frënn

Wat e Gedauschs, wat en Opgeféiers… Mee wéi sech et all Mënsch mat eppes Verstand hätt kënne virstellen, virum „Besuch“ gouf et vill waarm Loft a liicht abstrus Spekulatiounen, an et ass wéi erwaart zu kengem Fortschrëtt komm. A ganz manéierlech war de BoJo gëschter och net…

A sechs Woche soll d‘Scheedung tëscht der Unioun a Groussbritannien vollzu ginn, an ob dat mat oder ouni Ofkommes geschitt, läit eigentlech nach just um Boris Johnson. Deen awer schéngt net dovunner ofloossen ze wëllen et op en haarde Brexit ukommen ze loossen. Gëschter war de BoJo dann och zu Lëtzebuerg. Ugesiichts dem Resultat, hätt hien sech dësen Deplacement spuere kënnen.

Den ausscheedenden EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker – dee sech nach vun engem medezineschen Agrëff erhëlt – hat de britesche Premier zu engem Aarbechtsiesse getraff, wou d‘Fro vum Brexit den eenzege Sujet war. Et war dat éischt perséinlecht Treffen tëscht béide Politiker säit de Boris Johnson Premierminister ass. Konkretes ass net erauskomm… war och net ze erwaarden.

Boris

© Shari Pleimelding/moien.lu

Am Nomëtteg dann nach e kuerzt „Véierae-Gespréich“ mam Premierminister Xavier Bettel, no deem et eigentlech nach esou eppes wéi eng Pressekonferenz sollt ginn. Vill Journalisten aus der ganzer Welt si sech um Parvis vum Hôtel St. Maximin géigesäiteg op d‘Féiss getrëppelt a gefillt hu se alleguerten op de „Scoop“ gehofft… deen ass ausbliwwen, wann ee vum „Eclat“ ofgesäit.

„Boris géi heem!“

Datt dem BoJo säi Besuch zu Lëtzebuerg vun der britescher Communautéit am Land begleet ginn ass, ass verständlech. Zu hirer ronn 250 „Demonstranten“ haten si sech et bei der Heeschefra op der Clairefontaine-Plaz gemitterlech gemaach, a während de Jean-Claude Juncker an de Boris Johnson sech trotz feinstem Kascht net méi no komm sinn, hunn eis britesch Matbierger Kaméidi gemaach.

Boris

© Shari Pleimelding/moien.lu

„Boris géi heem!“, „An der EU si mir besser drun“ an „Stopp dee Wahnsinn“ war op hire Plakater ze liesen. Hiert Gejäiz an déi vill gespillten Europa-Hymn konnt de Klatzkapp vun der Insel kaum iwwerhéieren, mee eigentlech ass et jo och ëm dat gaangen, wat zum Ofschloss vun der Visite eise Premierminister bäizesteieren hat. Et schéngt dem Boris Johnson allerdéngs net gefall ze hunn…

No der Entrevue – an dat erkläert eigentlech firwat Journalisten aus der ganzer Welt de Wee bis op Lëtzebuerg fonnt haten – sollt et zu enger ugekënnegter Pressekonferenz kommen, wou béid Regierungscheffen hir Siicht op d‘Gespréicher sollten erläuteren. Mee et huet ee mat allem misse rechnen an déi, wou sech am „mannsten erwaart“ haten, sollte beschtens zerwéiert ginn.

Onmanéierleche Kärel

Ugesiichts dem Fakt, datt de Boris Johnson no der Entrevue regelrecht d‘Flucht ergraff huet, kann een dovunner ausgoen, datt d‘Gespréich net ganz am Sënn vum britesche Premier verlaf ass. E puer Journalisten hu wuel gemengt, dat kéint den Demonstrante geschëlt sinn, déi – anescht wéi am „Ausland“ – hei dach wierklech no un der Saach waren, a mat Gejäiz a Gepäifs stéiere géifen.

Boris

© Shari Pleimelding/moien.lu

Gutt, déi ware wierklech net ze iwwerhéieren, mee allerdéngs och net de Grond fir dem Boris seng onmanéierlech Reaktioun. Hien huet et, nodeems de Xavier Bettel him an der Entrevue den Dicks gebéit an eng däitlech Positioun vertrueden huet, virgezunn sech aus dem Stëbs ze maachen. Cool ass dat net an de Lëtzebuerger Premier war och eppes genervt, dat awer mat däitleche Wierder.

Boris

© Shari Pleimelding/moien.lu

„Mir brauche méi wéi Wierder“, esou de Xavier Bettel, deen drun erënnert huet, datt net Bréissel mee London d‘Scheedung agereecht huet. Hien huet och nach emol betount, datt et en Accord gëtt dee vu Bréissel ugeholl ass an eigentlech nach just vun de Brite muss ratifizéiert ginn, fir dësem Chaos nach zu engem eenegermoosse verdréiglechem Enn ze verhëllefen. An et bleift keng Zäit…

Wou kee Wëllen ass

De Xavier Bettel huet och nach emol betount, datt hie sech keng Schold opschwätze léisst an de Virworf „et wier een net verhandlungsbereet“ vu sech gewisen. De Boris Johnson huet näischt, mee absolut näischt Konkretes virzeleeën, iwwert dat sech ze ënnerhale wäert wier. Eise Premier ënnersträicht zudeem, datt och wann een de Referendum bedauere kann, d‘Briten dëse wollten.

Datt si sech beléie gelooss hunn an déi ganz Brexitcampagne nëmmen drop ausgeluecht war eng Natioun hannert d‘Liicht ze féieren, ass no elo dräi Joer awer wéineg relevant. D‘Ursaache waren a si bekannt, elo geet et drëms en Ofschloss ze fannen. En Ofschloss – an och dat huet de Xavier Bettel richteg erkannt – de Briten an der EU, wéi den EU-Bierger am „Empire“ gerecht gëtt.

Boris

© Shari Pleimelding/moien.lu

Et géif dann och net drëms goen ze kläre wéi laang d‘Transitiounsperiod soll sinn, mee Kloerheet ze schafen, déi jidderengem Sécherheet gëtt. Ouni en Accord ass dat awer net méiglech. An eppes ass och sécher: de Xavier Bettel wäert enger Fristverlängerung net ouni Weideres zoustëmmen a rifft dem BoJo no: „Är an eis Leit zielen op iech. Mee d‘Auer tickt! Notzt är Zäit sënnvoll“.

mam Shari Pleimelding, Laure Schlesser

Fotoen: © Shari Pleimelding / Video: Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Jean-Claude Juncker, No Deal, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel