Rock the South 2018 – Newcomer ganz grouss!
Säit der éischter Editioun vum Rock the South-Newcomer Band Contest
Säit der éischter Editioun vum Rock the South-Newcomer Band Contest
De franséische President ass um Donneschdegowend zu Riad ukomm. En
De „Commander in Chief“ Donald Trump, dee mat sengem „order
Nach ass dem Donald Trump säi Protegé net Premierminister vu Groussbritannien, scho kënnt et am Parlament zum Widderstand. Dem Boris Johnson seng Pläng fir en haarde Brexit kéinten eppes duerchenaner geroden, nodeems eng Majoritéit vu Parlamentarier en Zousaz-Gesetz gestëmmt huet, deen d‘Zwangspaus vum Parlament zäitlech versetzt.
Ëm wat geet et? D‘Sëtzungsperiod vum britesche Parlament dauert fir gewéinlech ëmmer ee Joer, a wann dëst ëm ass, mécht d‘Parlament fir e puer Woche Vakanz an déi parlamentaresch Aktivitéite ginn ënnerbrach. Dëst Joer géif dës „Paus“ an den Zäitraum vum geplangten Austrëtt (31. Oktober) falen. D‘Géigner vum „No Deal“ wëllen elo verhënneren, datt et zur genannter Zwangspaus kënnt.
Géif sech de Boris Johnson duerchgesat kréien, kéint iwwert den Ëmwee vun dësem „politesche Congé“, eng Interventioun vun den Deputéierte verhënnert ginn. D‘Regierungskoalitioun huet den Ament eng knapp Majoritéit vun dräi Stëmmen. Do missten de net emol vill „ëmfalen“ fir dem zukünftege Premierminister seng Pläng ze vereitelen. An der Sëtzungspaus géif een dat ëmgoen…
Mat engem Gesetz zu Nordirland kéint déi parlamentaresch Vakanz ausgesat ginn. Do ass et elo esou, datt sech d‘Parteien net op eng Regierungsbildung eenege kënnen, firwat London d‘Provënz verwalt. Gëschter also, hunn d‘Géigner vun engem haarde Brexit, et mëttels engem Zousaz-Gesetz fäerdeg bruecht, datt dem Parlament all 14 Deeg e Bericht iwwert d‘Situatioun virgeluecht gëtt.
Esou Berichter gi selbstverständlech vun enger Debatt begleet, wat jo logescherweis d‘Presenz vun den Deputéierten noutwenneg mécht. Flotte Nieweneffekt dovunner: esou géif d‘Parlament och während der „Vakanz“ siegéieren. Wier datt de Fall, kéint sech de Boris Johnson säin „No Deal“ net iwwert d‘Käpp vun den Deputéierten ewech duerchsetzen. Eng politesch „Patt-Situatioun“ also.
Nom Récktrëtt vum Theresa May an dem klenge Wahlkampf an de Reie vun der Partei, steet nach net fest, wien vum Boris Johnson oder Jeremy Hunt d‘Renne wäert maachen. De Boris Johnson ass awer och weiderhin de Favorit. Alle béid si bereet d‘Scheedung ouni Accord a kaf ze huelen, sollt Bréissel keng Zougeständnesser maachen. Fir d‘EU allerdéngs sinn d‘Verhandlungen ofgeschloss.
mat indymedia/lon
Foto: De Boris Johnson ass de klore Favorit fir d‘Amt vum Premierminister. Hien huet e massiven a ganz aggressive Wahlkampf gefouert, an och wann d‘Wahl eréischt entscheet ass, wann d‘Stëmmen ausgezielt sinn, dat hei dierft den nächste britesche Premier sinn. © Team Boris