Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Monte-Carlo: Keng Chance fir den Dylan Pereira
questions to ask a guy when you start dating Neiegkeeten

mackie d8b hookup

De leschte Weekend hat de Lëtzebuerger Pilot vum Momo Megatron

kendall confirms dating blake
questions to ask a guy when you start dating Neiegkeeten

Editorial: Stell der vir et sinn Europawahlen an et ass jidderengem egal

D‘Wierfel si gefall, rien ne va plus, wéi de Fransous

surprise
D’Visioune fir den ëffentlechen Transport falen nach kleng aus
questions to ask a guy when you start dating Neiegkeeten

D’Visioune fir den ëffentlechen Transport falen nach kleng aus

Den 19. Abrëll kéint zu engem wichtegen Datum fir d’Mobilitéit

Brexit: Bréissel a London mat engem Léisungsusaz

Brexit: Bréissel a London mat engem Léisungsusaz

Haut kënnt et am britesche Parlament nees zur Ofstëmmung iwwert de Scheedungsaccord, an et ass nach net ofzegesinn op et, esou wéi sech déi britesch Premierministesch dat virstellt, et domatter gedoen ass. Mat der EU wëll d‘Theresa May awer op e Léisungsusaz fir Nordirland fonnt hunn.

Et gëtt am Brexit-Dossier ëmmer méi oniwwersiichtlech, an dat wat sech d‘Briten den Ament eraus huelen, geet op keng Kouhaut méi. Gëschter spéit owes, war Theresa May op Stroossbuerg geflunn, wou si sech nach emol mam EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker, zu Gespréicher vun der leschter Chance getraff huet. Hei soll et zu engem rechtlech verbindlechem „Deal“ komm sinn.

 

Si hunn et also nees ronn kritt, an der EU hire Wëllen opgezwongen. Wéi déi zwee et géintiwwer de Medien zum Ausdrock bruecht hunn, soll dës Eenegung däitlech maachen, datt déi ëmstridde Back-Stopp-Klausel zur Grenzreegelung tëscht der Republik Irland an der britescher Provënz Nordirland, keng dauerhaft Léisung ass. Zu dësem Punkt, hunn d‘Parteie gëschter eng Erklärung erausginn.

Bis Enn 2020 brauch et Kloerheet

Aus der gemeinsamer May/Juncker Erklärung gëtt ervir, datt sech Groussbritannien an d‘EU dozou verflicht hunn, bis Enn 2020 „Ersatzléisungen“ fir den iresche Problem auszeschaffen. Dat erkläert Zil heivunner, alles maachen dat de Back-Stopp net agesat muss ginn. Aus der Siicht vum Theresa May, wier elo, mat dësem „Amendement“, d‘Konditioune vum britesche Parlament erfëllt.

D‘Premierministesch muss dat ganzt nach just beim Debat den Deputéiert erkläert kréien. Si krut awer schonn emol vum Vizepremier David Lidington de Réck gestäipt. Deen huet am House of Commons betount, datt d‘Theresa May bei hire Gespréicher erreeche konnt, datt d‘Amendementer d‘Ofkommes an déi politesch Erklärung stäerken a verbesseren. Elo muss een dat nach gleewen…

 

Brexit

Geséchert schéngt awer, datt et sech bei der Entrevue zu Stroossbuerg, ëm déi lescht am Dossier Brexit gehandelt huet. De Jean-Claude Juncker huet déi britesch Parlamentarier opgeruff bei der haideger Sëtzung, fir de Scheedungsaccord ze stëmmen. Et géif keng drëtt Chance ginn, dësen Deal wier dee beschten, deen si zu Gesiicht géife kréien. Op dat och esou zu London verstane gëtt?

Esouwäit dat gëschter Owend nach gekläert konnt ginn, soll déi iresch Regierung dësen neie Brexit-Garantien zougestëmmt hunn. Op där anerer Säit awer, gëtt et d‘Oppositioun an der Gestalt vum Jeremy Corbyn, Chef vun der Aarbechterpartei „Labour“. Hien huet däitlech zum Ausdrock bruecht och weiderhi géint de Projet ze sinn, a fuerdert vum Parlament d‘Amendementer zréckzeweisen.

„Huel et oder looss et sinn“ (e Kommentar)

Egal aus wéi engem Bléckwénkel ee sech déi katastrophal Konsequenze vun engem Referendum ukuckt, et kënnt een ëmmer nees zum Fazit: „Déi hu se dach net méi all der Rei no!“ Vun Ufank un huet Groussbritannien – déi sengerzäit vun den USA eppes genéidegt goufen der EU bäizetrieden – sech eng „Extrawurscht“ no där aner geleescht. Elo wëllen se goen, nees mat enger „Extrawurscht“.

Gutt emol, datt de Jean-Claude Juncker gëschter kloer gemaach huet, datt et net méi zu weidere Verhandlunge komme kann, an eng „Verlängerung“ ausgeschloss ass. Woubäi, wann dat britescht Parlament sech fir eng Verlängerung vun de Verhandlunge géif entscheeden, an nëmmen ugeholl déi 27 géifen deem och zoustëmmen, leeft déi 24 Stonne virun den EU-Wahlen aus.

Dofir sollten et sech déi britesch Parlamentarier gutt iwwerleeën, an dem Accord esou wei en elo virläit zoustëmmen. Besser gëtt et net, an ëmmerhin hu sech d‘Brite vun Opportunisten a Ligener beim engem Referendum op d‘A drécke gelooss. Si wollten et hunn, a sollen et dann och kréien. Elo kann et nëmmen nach ee kloert „Jo“ oder „Nee“ ginn. Huel et oder looss et sinn, dat ass de Motto.

mat indymedia/sxb/lon/bru

Foto: (live video-grab/parl.eu.sxb)

Ähnlech Sujeten Backstop, Brexit, Jean-Claude Juncker, Nordirland, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel