Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht
International Neiegkeeten

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht

14 Deeg laang huet d‘Rettungsschëff vun der däitscher Organisatioun Sea-Watch

International Neiegkeeten

Konditioune Gewënnspill “Live aus dem Parc”

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

#VakanzDoheem – De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher
International Neiegkeeten

#VakanzDoheem – De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher

Wien tropesch Hëtzt gären huet, fillt sech am Päiperleksgaart zu

Brexit: Bréissel a London ginn sech net eens

Brexit: Bréissel a London ginn sech net eens

D‘EU a Groussbritannien haten et um Méindeg zu gudder Lescht dann awer net fäerdeg bruecht, déi éischt Phas vun hirer „Scheedung“ an dréchen Dicher ze bréngen. Gescheitert ass een um Dossier „Nordirland“. Dobäi ware sech béid Säite ganz optimistesch géinteniwwer getrueden.

Et géif awer elo héich Zäit ginn, datt een endlech en Accord zu den dräi grondleeënde Themen: d‘Finanzen, d‘Rechter vun den Expatriéierten an d‘Grenz zu Nordirland, fënnt. Eng Eenegung an dëse Froen hätt zumindest de Wee fräi gemaach, fir an déi zweet Verhandlungsronn ze goen.

„Et war beim beschte Wëllen net méiglech haut zu engem vollstännegen Accord ze kommen“ huet sech den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker um Méindeg virun der Presse missen agestoen. D‘Theresa May wier eng zéi Verhandlungspartnerin, mee et sollt nach am Laf vun der Woch e Fortschrëtt méiglech sinn.

„Bestëmmten Differenze gëtt et nach an déi verlaangen zousätzlech Verhandlungen a Berodung“, bestätegt hirersäits d‘Theresa May, déi dann awer och versicht optimistesch ze bleiwen. Si kéint an ee puer Deeg nees zu Bréissel sinn fir den Accord dann „ofzeschléissen“.

Iwwerrascht an enttäuscht

Eigentlech hätten sech béid Dirigenten um Méindeg sollen eens ginn, an zumindest e „prinzipiellen Accord“ zu de Modalitéite vun der Scheedung fannen. Déi fënnt nach ëmmer am Mäerz 2019 statt, an et wier besonnesch fir Groussbritannien vu Virdeel sech „am Gudden“ ze trennen.

Dobäi hat de President vum Europarot, den Donald Tusk, de Méindeg als „Ultimo“ bezeechent a war och géint Mëtteg nach gutt gelaunt. Am Nomëtteg war d‘Stëmmung bei der Däiwel a och den Donald Tusk gleeft net méi wierklech un eng Léisung virum 15. Dezember.

Et ass nu emol esou, datt ouni zefriddestellend Fortschrëtter d‘EU bei dësem Sommet ee gréngt Liicht ka ginn, fir an déi zweet Verhandlungsronn ze goen. Iwwert eng Relatioun tëscht Bréissel a London non Brexit, kann een eréischt diskutéiere wann d‘Basis dofir geluecht ass. Dat gëllt besonnesch fir en Handelsofkommes an d‘Iwwergangszäit déi sech d‘Brite wënschen.

Also verlaangen déi 27 Kloerheet an den dräi grondleeënden Dossieren. Déi hunn absolut Prioritéit an de Constat, datt een sech elo bei de Froen déi d‘Grenz tëscht Irland a Nordirland betreffen, net schéngt eens ze ginn, stellt ee grousse Problem duer.

De klenge Grenzverkéier

Dublin, datt vun de Memberlänner ënnerstëtzt gëtt, verlaangt explizit Garantien, datt ee net méi zu enger „fester“ Grenz zréck wëll. D‘Grenzen nees „zoumaachen“ géif béid Wirtschaften, déi sech innerhalb de EU zesummefonnt hunn, net gutt doen. Och wier et kee gutt Signal a kéint al Wonnen oprappen, déi nom Friddensaccord vun 1998 ugefaangen hunn ze heelen.

Et hat dann och alles duerno ausgesinn, wéi wann déi britesch Premierministesch do Garantië kéint ginn. Dunn huet sech dann awer déi nordiresch DUP, eenzegen Alliéierte vun de Minoritéitsregierung zu Wuert gemellt, an et war alles fir d‘Kaz.

„Mir acceptéiere keng Form vu reglementarescher Divergenz, déi Nordirland wirtschaftlech a politesch vum vereente Kinnekräich géif oftrennen“, esou d‘Presidentin vum DUP, Arlene Foster mat Nodrock an engem Communiqué, nach iert d‘Scheitere vun de Verhandlungen offiziell gemaach gi waren.

Den iresche Premierminister Leo Varadkar, huet sech sengersäits „iwwerrascht an enttäuscht“ gewisen. Hie kéint net novollzéien, datt ee Proposen op den Dësch leet, an déi een da muss op „Reklamatioun“ vum Koalitiounspartner nees zréckhuelen.

Et wëll net virugoen

An och wann een emol unhëlt, datt sech d‘Theresa May an de Jean-Claude Juncker eens gi wieren, esou hätt dat net d‘Enn vun der éischter Verhandlungsphas bedeit. D‘Engagementer déi d‘Premierministesch bereet ass anzegoen, mussen nach vun der Kommissioun esou ugeholl ginn. Dann eréischt kann et dem EU-Parlament virgeluecht ginn.

Eigentlech sollten d‘Staatscheffe vun de 27, déi endgülteg Entscheedung dann um Sommet vum 15. Dezember huelen. Dat ass elo éischter onwahrscheinlech, och wa sech London beim finanziellen Effort – ugebuede ginn ass eng Zomm tëscht 45 a 55 Milliarden Euro – no un de Fuerderunge vu Bréissel orientéiert.

Dat gëtt zwar béide Säiten dementéiert, mee laut dem Kommissär Phil Hogan huet London „Propositioune virgeluecht déi ganz no un de Fuerderunge vun de 27 geleeën hunn“. Beim Dossier zu de Rechter vun den expatriéierte Bierger ass ee sech dann och nach net eens. Verlaangt gëtt en Engagement vum europäesche Geriichtshaff, fir de betraffenen hir Rechter op briteschem Buedem ze garantéieren.

„D‘Diskussioune musse weidergoen, mee ech sinn zouversiichtlech, datt mir mat Groussbritannien en Accord fannen“, esou um Méindegowend de President vum EU-Parlament, Antonio Tajani.

mam Cédric Simon/AFP

Foto: Déi britesch Premierministesch Theresa May (l) mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker (r). Eigentlech hätte béid solle Bescheed ginn, datt den Accord um gudde Wee ass. © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten Bréissel, Brexit, Jean-Claude Juncker, London, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel