Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi
International Neiegkeeten

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi

Et si gutt Noriichten, déi Eurostat bréngt: An den Euro-Länner

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl

Dëse Virfall gëllt als schlëmmsten Accident an der friddlecher Notzung

Contournement vu Käerjeng: Inakzeptabel Kommentaren vu Bausch a Fox
International Neiegkeeten

Contournement vu Käerjeng: Inakzeptabel Kommentaren vu Bausch a Fox

Opgrond vun de jéngste Reaktioune vu verschidde Politiker bezéiungsweis dem

Brexit: Bréissel muss nach en Effort maachen?

Brexit: Bréissel muss nach en Effort maachen?

An 20 Deeg um Mëtternuecht soll den Austrëtt vu Groussbritannien aus der europäescher Unioun, besigelt sinn. Esou zumindest nach ëmmer de Kalenner, dee fir de Brexit festgeluecht gouf. Elo kuerz virum zweete Vott am „House of Commons“, fuerdert London nees en entgéintkommen…

Wat sech déi britesch Premierministesch erwaart oder erhofft, gëtt ëmmer méi onverständlech. E puer Deeg virum „nächste“ Vott zum Scheedungsaccord, huet d‘Theresa May nach emol vun der EU gefuerdert, Groussbritannien „entgéint“ ze kommen. Et wier nach e leschten Effort néideg fir d‘Ofkommes am britesche Parlament enger Majoritéit zouzeféieren, heescht et vu London.

An den Drock vun der Premierministesch ass net ze iwwersinn. Geet dat ganzt – an duerno gesäit et den Ament aus – an d‘Box, wier en Austrëtt ouni Ofkommes „méiglech“, esou d‘Theresa May, déi der EU elo domatter dreet, de Brexit „falen ze loossen“. Bréissel gesäit sech domatter der Maxime „to leave or not to leave“ ausgesat. Anescht ausgedréckt: si wëlle bleiwen! An elo, wat geet nach?

„Loosst eis dat noutwendegt maachen, fir dat d‘Parlamentarier d‘Ofkommes en Dënschdeg kënnen ënnerstëtzen. Sollten déi den Accord refuséieren, gëtt et keng Gewëssheeten, dann hätte mir eng Kris“, esou d‘Theresa May gëschter. Hei wier et vläicht ganz opschlossräich, wann een der gudder Fra aus der Downing-Street N° 10 kéint erklären, datt wéinst hir, d‘Kriss voll am gaangen ass.

Bréissel beweist (nach) Standfestegkeet

Interessant och, datt de briteschen Ausseminister, Jeremy Hunt, der Premierministesch de Réck stäipt. Hien ass besuergt, datt d‘Geschichtsbicher spéider „béid Säite schlecht duerstellt“ well Bréissel sech engem Kompromëss verweigert huet. Dat kann een aus senger Positioun eraus esou gesinn, woubäi och d‘Geschicht mam „Referendum“ a senge Lige muss ufänken.

De Michel Barnier, deen déi ganz Verhandlunge geleet huet, beweist diplomatescht Geschéck, an huet via Twitter matgedeelt, datt d‘EU de Briten duerchaus d‘Méiglechkeet léisst d‘Zollunioun eesäiteg ze verloossen, wat jo och dat ass, wat d‘Géigner vum Accord wëllen. Mee de Kandidat zur Juncker Nofolleg betount, datt dat net fir Nordirland gëllt. Genee dat mécht London net mat.

Schonn am leschte Joer, hat d‘Theresa May kloer an däitlech gesot: „Kee britesche Premierminister géif deem jeemools zoustëmmen“. Mee dem Michel Barnier säi Virschlag, huet och beim britesche Brexitminister, Steve Barclay, eng Reaktioun ausgeléist. „Et ass net un der Zäit all Argumenter nees ervirzehiewen“, esou de Minister, deen d‘Propositioun vun der EU vir Nordirland och net begréisst.

Um Ofkommes gëtt net méi gefréckelt

Am Europaparlament steet engem de Brexit mëttlerweil och bis iwwer béid Oueren, an de President Antonio Tajani léisst d‘Brite wëssen, datt et eng Saach vun der Onméiglechkeet ass, den Inhalt vum Accord nach emol ze iwwerschaffen. Hie wënscht sech allerdéngs och eng „flexibel Léisung“ fir d‘Grenz tëscht der Republik Irland an der britescher Provënz Nordirland.

Wat elo de Vott vum Dënschdeg, am britesche Parlament, betrëfft: d‘Chancen datt d‘Theresa May hire Projet duerchgesat kritt si geréng, an dofir soll schonn e Mëttwoch iwwert de sougenannten „haarde Brexit“ ofgestëmmt ginn. Och déi Ofstëmmung huet wéineg Aussiichten op Erfolleg, well et soss net néideg wier, fir en Donneschdeg, iwwert eng „Verschibung“ vum Brexit ofzestëmmen.

Wat déi „Verlängerung“ betrëfft déi de Brite virschwieft, esou huet den Antonio Tajani seng Zweiwel. „De Brexit ka maximal e puer Wochen erauszögert ginn, vun Enn Mäerz bis maximal Ufank Juli, an dofir misst London schonn en trëftege Grond virleeën. Et waren ëmmerhin Si déi d‘Unioun verloosse wollten. De Brexit ass elo hire Problem, net eisen“, stellt hie kloer.

mat indymedia/lon/bru

Foto: (Archiv 2018) Si wëssen datt sech de Brexit zum schlechtsten Deal an der Geschicht vum Empire entwéckelt, an no engem „Zréck“ gesäit et net aus. © Dan Kitwood/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Antonio Tajani, Brexit, Jeremy Hunt, Michel Barnier, Steve Barclay, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel