Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Geschicht?
International Neiegkeeten

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Geschicht?

Stand Speak Rise Up! an d’Fondatioun ENGIE beim Mëttegiessen
International Neiegkeeten

Stand Speak Rise Up! an d’Fondatioun ENGIE beim Mëttegiessen

Vergaangenen Donneschdeg ass S.A.R. d’Groussherzogin vum Isabelle Kocher vun der

2020 sollt ee besser net Entrepreneur sinn
International Neiegkeeten

2020 sollt ee besser net Entrepreneur sinn

Nodeems de STATEC schonn ugekënnegt huet datt de „wirtschaftlechen Opschwong

Brexit: Britesch Staatsbierger kréien et mat der Angscht ze dinn

Vill Brite wëllen Europäer bleiwen a gesinn déi iresch Staatsbiergerschaft als Optioun

Brexit: Britesch Staatsbierger kréien et mat der Angscht ze dinn

Enn Mäerz ass Groussbritannien – egal wat alles nach komme kann – net méi Member vun der EU, an ëmmer méi Brite schénge kal Féiss ze kréien. Elo ass et hinnen dann awer net geheier, a fir sech weider als EU-Bierger an Europa ze bewegen, maachen enorm vill Brite bei hiren iresche Bridder eng Demande op Staatsbiergerschaft.

Dat bestätegt och den ireschen Ausseministère, deen e Rekord bei den Demanden – iwwer 190.000 Anträg op en iresche Pass sinn agaangen – verzeechent. Dovunner entfalen der eleng op déi britesch Provënz Nordirland 84.850. D‘Nordire stelle grad emol 1,8 Millioune vun der gesamter britescher Bevëlkerung (66 Milliounen) duer, schéngen awer de mannsten Interessi um Brexit ze hunn.

Den nordiresche Kontext

Mat 98.500 Demanden aus dem Rescht vum „Empire“, ass et eng insgesamt Hausse vun 22% géintiwwer 2017, an den ireschen Ausseminister, Simon Coveney, schéngt et ze freeën. Zum verglach: 2015, dem Joer virum Referendum, hat et „nëmmen“ eppes iwwer 46.000 Anträg ginn. An esou ass den iresche Pass, am europäesche Kontext, e wäertvollt Dokument ginn.

All Mënsch deen an Irland oder Nordirland gebuer ass, oder deem seng Elteren oder Grousselteren aus Irland stamen – esou wëll et d‘Gesetz – dierf en iresche Pass ufroen. Dat trëfft an Nordirland op eng sechs Millioune Briten zou. Et sinn der vill iwwerzeegt, datt si mam Austrëtt d‘Recht verléieren an der Unioun ze liewen an ze schaffen, a mat engem iresche Pass ass dee Problem aus der Welt.

Generell hunn uechter Europa vill Briten eng Demande agereecht fir d‘Nationalitéit ze wiesselen. Op bei eise belschen, franséischen oder däitschen Noperen, et vergeet keen Dag ouni datt e britesche Staatsbierger seng Demande areecht. Experte sinn der Usiicht, datt d‘Aussiicht op eng Scheedung ouni Accord – de sougenannten haarde Brexit – de Problem accentuéiert.

mat Indymedia

Foto: Besonnesch fir déi jonk Briten, ass den Austrëtt aus der europäescher Unioun en denkbar schlecht Zeenario. Wéi geet et weider wann een an der EU studéieren oder schaffe wëll? Mat engem iresche Pass, ass dat alles och weiderhi méiglech. © Andy Rain/EPA (Archiv)

Ähnlech Sujeten Angscht, Brexit, Europa, Irland, Pass, Staatsbiergerschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel