Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nëmmen e Proff kennt sech gutt genuch mat eise Lycéeën aus, fir an eisem Lycée-Quiz gutt ofzeschneiden
dating online black woman top 100 free dating sites in usa

local hookup richmond

Et ginn ëmmer méi Lycéeën an eisem Land! Do ass

dating rain check
dating online black woman top 100 free dating sites in usa

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!

Bei der sougenannter Istanbul-Konventioun hunn haut virun 8 Joer ganzer

Dem Streik um Findel aus dem Wee gaangen
dating online black woman top 100 free dating sites in usa

Dem Streik um Findel aus dem Wee gaangen

Nodeem e Mëttwoch de Minister, d’Gewerkschaften an d’Personalvertriedung, sech op

Brexit: Briteschen Humor!

De Boris Johnson wëll Premier ginn an d‘Austrëttsrechnung net begläichen

Brexit: Briteschen Humor!

Et ass dem Donald Trump säi Favorit an hien huet realistesch Chancen dem Theresa May säi Mandat als Regierungschef ze iwwerhuelen: de fréieren Ausseminister a Brexit-Hardliner Boris Johnson. Säi Credo: „en haarden Austrëtt an d‘Scholden net begläichen“.

A Groussbritannien ass innerhalb der konservativer Partei (Tories) de Kampf ëm d‘Successioun vum Theresa May, a senger „waarmer“ Phas an de Boris Johnson schéngt decidéiert sech dëse Job unzëeegnen. Fir sech Zoustëmmung ze sécheren huet dësen am Interview mat der „Sunday Times“ schonn emol annoncéiert, dat hien déi vu Bréissel virgeluechte Rechnung net bezuele wëll.

Brexit

Gutt ganz esou däitlech huet de Boris Johnson dat elo net gesot. Seng Formuléierung: „Ech géif déi Rechnung vun 39 Millioune Pond zréckhalen, fir bei der EU besser Konditiounen auszehandelen“. An d‘Argument: „Fir en gudden Accord ze kréien ass Geld dat perfekt Léisungs- a Schmiermëttel“. Domatter läit de Boris Johnson op der Linn vum US-President, dee genee dat de Brite geroden huet.

Elo sollt awer och de Nofolger vun der Premierministesch esouvill Intelligenz besëtzen a bedenken, datt et sech bei dëse „Scholden“ ëm näischt anescht handelt wéi Verbindlechkeeten, déi d‘Brite géintiwwer der europäescher Unioun hunn. E war och ni rieds dovunner, datt Groussbritannien dës Schold an enger Kéier begläiche misst. Laut dem Chequers-Plang, gëtt et do relax Modalitéiten.

Zu wat et féiere kann

Gesäit een emol kuerz dovunner of, datt et net wierklech gescheit ass, wa sech e Staatschef an déi intern politesch Ugeleeënheete vun engem anere Land amëscht. Maache mir och kuerz Abstraktioun vum Kampf ëm d‘Muecht an der Partei an den Usproch op d‘Amt vum Premierminister a blécken op d‘Konsequenzen, déi esou eng Entscheedung mat sech bréngt, sollt si dann och ëmgesat ginn.

Wann e „Partner“ sech verfuusst an en „Deckel“ an héicht vu ronn 44 Milliarden Euro hannerléisst, dann ass net einfach emol „d‘Dier hannert sech zouschloen“. Domatter ginn Differenze geschaaft, déi mat einfache politesche Mëttel net méi riicht ze béie sinn. Vläicht misst een de Boris Johnson drun erënneren, datt d‘Kooperatioun mat den EU-Länner, sech net eleng op de Bannemaart bezitt.

Brexit

Bei deem ganze Chaos op der Insel an der medialer Konzentratioun op dem Donald Trump säi „Fiffi“ sollt een net vergiessen, datt och Labour nach ee Wuert matzeschwätzen huet. Wann et fir de Boris Johnson gutt ausgesäit fir Premier ze ginn, esou dierft zimlech kuerzfristeg zu Neiwahlen op der Insel kommen. A well déi Konservativ sech net wierklech beispillhaft beholl hunn, dierft et eng interessant Wahl ginn. Woubäi de Brexit bis dohinner sollt gelaf sinn, mat alle senge Konsequenzen.

Sollten d‘Briten sech eraushuelen der EU déi 44 Milliounen Euro virzëenthalen, da gëtt eng weider Zesummenaarbecht och innerhalb anerer Allianzen zum Kappzerbrieches. Dat gëllt am Kontext vun der Verdeedegung, der Kooperatioun innerhalb der NATO an natierlech bei esou aktuellen Themen, wéi Klimawandel, dem Atomofkommes mam Iran an dem vun den USA ausgeléisten Handelskrich.

Zudeem féiert en haarde Brexit net nëmmen aus wirtschaftlecher Siicht an d‘Verdierwen. Ouni en Accord isoléiert sech Groussbritannien vun der Unioun, wat „fest Grenzen“ a méiglecherweis och Visasflicht zur Konsequenz huet. Am Fong misst alles nees „Punkt fir Punkt“ verhandelt ginn: fir de Wueren a Mënscheverkéier. Iwwert dës Konsequenzen hat beim Referendum keen nogeduecht…

mat indymedia/lon

Foto: Johannes Plenio/Pixabay

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Donald Trump, EU, No Deal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel