Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

DONO: e Lëtzebuerger Projet mat engem Stéck vun der Bréck
International Neiegkeeten

DONO: e Lëtzebuerger Projet mat engem Stéck vun der Bréck

Recycling war gëschter. Upcycling ass haut! An eigentlech bréicht een

De Stuerm „Eleonor“ a seng Folgen
International Neiegkeeten

De Stuerm „Eleonor“ a seng Folgen

Et war net nëmmen einfach „schlecht Wieder“,  Eleonor war en

EU: Polen blockéiert en Text zu de fundamentale Rechter
International Neiegkeeten

EU: Polen blockéiert en Text zu de fundamentale Rechter

Polen huet en Donneschdeg, bei der Sëtzung vun den EU-Justizminister

Brexit: Britescht Parlament hält um Chaos fest

Premierministesch bitt Tauschgeschäft: Récktrëtt géint Zoustëmmung vum Accord

Brexit: Britescht Parlament hält um Chaos fest

Et ass, vun engem demokratesche Standpunkt hir betruecht, eng lëschteg Band, déi am britesche Parlament den Austrëtt aus der Unioun soll hikréien, mee éischter den Androck mécht dat ganzt verhënneren ze wëllen. Esou sinn och gëschter nees bei enger Testofstëmmung sämtlech Proposen zréckgewise ginn. An d‘May huet hire Récktrëtt géint Zoustëmmung vum Accord ugebueden.

Wouhinner dat ganzt soll hiféieren? Dat weess – zumindest a Groussbritannien – kee Mënsch mat Sécherheet. Déi vun der Premierministesch virgeluechten Alternativen zum Brexit-Accord hu keen Zousproch fonnt. Ënnerschiddlech Propose fir eng méi enk Ubannung un d‘EU, en zweete Brexit-Referendum oder eng Scheedung ouni Ofkommes… De Parlamentarier war näischt gutt genuch.

Mee, wéi heescht et esou schéin: „si ware beméit“. Hire Chamberpresident John Bercow, hat aus de 16 Optiounen zur Ofstëmmung, der 8 ausgewielt, déi him „realistesch“ virkomm sinn. Mat derbäi d‘Propose sech den 12. Abrëll ouni Accord vun der EU ze trennenParlament. Interessant ass datt d‘Deputéiert vun der Regierungsmajoritéit zäitweis d‘Kontroll iwwert d‘Dagesuerdnung iwwerholl haten.

Woubäi et heibäi an éischter Linn drëms gaangen ass emol ze kucken, wéi enge Proposen an/oder Alternativen iwwerhaapt Chancen zougestane ginn. Vu Bausse sinn déi „Chancen“ net erkennbar, schonn zweemol ass dem Theresa May säin Ofkommes mat der EU bei der Däiwel gejot ginn, an déi sougenannten „indicative votes“ gi vun deene meeschten als verlueren Zäit betruecht.

Wann‘s du dat „doudegt Päerd“ bass

D‘Hoffnung stierft, esou wëll et de Volleksmond, ëmmer als lescht, an esou hofft och déi britesch Premierministesch nach op eng Majoritéit fir hiren Accord. Si wier bereet hiert Mandat opzeginn. An am Statement dat vun hirem Büro verëffentlecht ginn ass liest et sech esou: „Ech si bereet dëst Amt méi fréi ofzeleeë wéi geplangt, fir ze maache wat fir eist Land an d‘Partei dat richtegt ass“.

Mee d‘Insider gi staark dovunner aus, datt d‘Theresa May et dës Woch nach emol wäert drop ukomme loossen, an d‘Ofkommes op en neits zur Ofstëmmung virleet. Dat awer gëtt, dorunner besteet kaum Zweiwel, schwiereg. De Chamberpresident huet erënnert, datt nëmme substantiell Ännerungen eng erneit Ofstëmmung zoulässeg maachen. Hei géif also en doudegt Päerd geridden.

Parlament

Fir dës Feststellung huet de John Bercow e 415 Joer aalt Reglement an Erënnerung geruff, an seng Kritiker hunn him dorops hin „Parteilechkeet“ virgeworf. Esou séier kann ee selwer zum „doudege Päerd“ ginn. Fir jiddereen dierft awer elo ersiichtlech sinn, datt egal zu wéi enger Entscheedung si sech duerchgeronge kréien, politesch Läit Groussbritannien um Buedem an et brauch Neiwahlen.

Deen nächsten Duerchgang ass fir e Méindeg annoncéiert ginn. Net datt ee sech hei e Fortschrëtt dierft erwaarden, och wann een dovunner ausgoe kann, datt och dann nees déi Deputéiert vun der Majoritéit d‘Kontroll iwwert d‘Dagesuerdnung wäerten ergräifen. Et sollt een hoffen dierfen, datt d‘Parlamentarier et endlech agesinn, datt den Accord déi eenzeg valabel Optioun fir de Brexit ass.

mat indymedia/lon

Foto: © avaaz

Ähnlech Sujeten Brexit, House of Commons, Neiwahlen, Theresa May, Verlängerung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel