Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Analys: Andrea Nahles soll um SPD-Parteidag als „Cheffin“ bestätegt ginn
International okcupid dating stories

speed dating alleinerziehende

Wann d‘Genossen sech haut an der hessescher Landeshaaptstad fir déi

Mat Baby Driver kënnt jiddereen op héich Touren
International okcupid dating stories

Mat Baby Driver kënnt jiddereen op héich Touren

Quiitschend Pneuen, jaulend Motoren a gutt Musek: Esou héiert sech

Wann sech Frae bewosst géint Kanner entscheeden
International okcupid dating stories

Wann sech Frae bewosst géint Kanner entscheeden

Dat een am 21. Joerhonnert als Fra iwwer 30 Joer

Brexit: Britescht Parlament schéckt Premierministesch bei de Däiwel

Brexit: Britescht Parlament schéckt Premierministesch bei de Däiwel

Wéi sech d‘Theresa May an de Jean-Claude Juncker e Méindegowend zu Stroossbuerg mat engem „Léisungsusaz“ virun d‘Medie gestallt hunn, war d‘Hoffnung nach emol kuerz opgeblëtzt, datt et awer nach zu engem relaxe Brexit kéint kommen. Dat hu se gëschter zu London verhënnert…

Et ass net esou, datt déi britesch Premierministesch et net versicht hätt, den Héngerstall op Linn ze bréngen, mee d‘House of Commons huet iwwer déi lescht Méint hi gewisen, datt d‘Zäit vun der politescher Geruedlinnegkeet an de Kompromësser eriwwer ass. Déi Deputéiert hu gëschter ähnlech wéi am Januar ofgestëmmt: 391 (432) dergéint, 242 (202) derfir. Och déi eege Leit waren dergéint.

 

 

Brexit

Fir de Leader vun der Oppositioun, Jeremy Corbyn, ass et politesch betruecht eng Victoire. Deen huet sech nom Vott massiv iwwert d‘Regierungscheffin hir gemaach, a behaapt si hätt an de leschte Méint nëmmen Zäit versträiche gelooss. „Et ass elo un der Zäit fir Neiwahlen, de Brexit-Accord ass dout“, esou de Labour-Leader. Datt esou Aussoe fir d‘Land net hëllefräich sinn, war gëscht egal.

Haut mussen d‘Klatzkäpp, déi – esouvill muss ersiichtlech sinn – „haart“ Variant vum Brexit, also en Austrëtt ouni Ofkommes, unhuelen oder verwerfen. Elo kéint ee mengen datt déi politesch Logik eigentlech zu dësem haarde Brexit féieren. Dat wier déi droleg Gesellen am House of Commons brutal ënnerschätzt. Nee och haut muss een dovunner ausgoen, datt de Vott negativ ausfält.

Bréissel bedauert, d‘EU-Kommissioun rëselt de Kapp…

„Mir sinn enttäuscht datt déi britesch Regierung et net fäerdeg bruecht huet, eng Majoritéit fir den Accord zesummenzekréien, op deen sech béid Säiten am November gëeenegt haten“, esou den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, an der EU-Rotspresident Donald Tusk. A Bréissel hat näischt ausgelooss de Briten entgéint ze kommen, esouguer déi eege Kredibilitéit hu se riskéiert.

Brexit

„Wann et derzäit nach eng Léisung fir de Blockage gëtt, da kann déi nëmmen zu London fonnt ginn“, esou dee leschte Fonken Optimismus an hirer Erklärung. Iwwerrascht dierften se awer net sinn, zanter Méint waren all Weichen esou gestallt, datt et nëmmen zum Crash komme konnt. Elo geeschtert eng „Verlängerung“ an de Couloire vun der Institutioun Europa ëmhier…

Si hunn dozou gemengt, datt et méiglech wier, de Fall gesat London géif mat enger waasserdichter Begrënnung virstelleg ginn, déi „27“ enger Verlängerung zoustëmme kéinten. Wat dat allerdéngs brénge soll, doriwwer schéngen se sech och zu Bréissel net am Kloren ze sinn. De Michel Barnier huet seng Enttäuschung via Twitter verkënnt, a fuerdert datt sech op en haarde Brexit virbereet gëtt.

EU-Parlament verlaangt Kompromëssbereetschaft

Am Europaparlament ass een iwwert de Vott och net erfreet, an dofir gëtt vum britesche Parlament e parteiiwwergräifende Konsens gefuerdert. Fir de Guy Verhofstadt, Brexit-Beoptraagte vum EU-Parlament, kann nëmmen eng däitlech Kompromëssbereetschaft zu engem weideren Engagement vun den EU-Deputéierte féieren. Mee och hie konnt gëschter keng Prognose méi opstellen.

Brexit

Interessant am Fall „Europaparlament“, déi sëlleche Politiker déi hiert Engagement géint e spierbare Pragmatismus getosch hunn. Esou de Brexit-Expert vun der CDU, den Elmar Brock (EPP), deen den haarde Brexit als „schlëmm Situatioun“ beschreift. Schlëmm fir Europa, mee katastrophal fir Groussbritannien. Am „lénke Lager“ ass een, iwwer esouvill Liichtsënn„frustréiert“

Elo kann een awer näischt weider maache wéi ofwaarden, ob sech haut am House of Commons, fir déi eigentlech eenzeg Konsequenz – den haarde Brexit – entscheet gëtt, oder ob se et nach emol spannend maachen. An et besteet jo och nach ëmmer déi „ultimativ“ Léisung am Raum: d‘Theresa May kéint duerchaus der EU matdeelen, datt Groussbritannien elo dat ganz fale léist.

mat indymedia/lon/bru/sxb

Ähnlech Sujeten Brexit, Donald Tusk, Guy Verhofstadt, House of Commons, Jean-Claude Juncker, Jeremy Corbyn, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel