Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wettrëschten ëm d‘Herrschaft iwwert de Weltraum
dating carnival Neiegkeeten

online dating mumbai without registration

Et huet alles 1983 ugefaangen, wéi den deemolegen US-President Ronald

my soul mate dating site
dating carnival Neiegkeeten

Ankara vu Washington „enttäuscht“

Mat 405 zu 11 Stëmmen huet d‘Representantenhaus zu Washington eng

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz
dating carnival Neiegkeeten

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz

Entgéint der Ukënnegung vum Regierungsprogramm ass, an dëser Legislaturperiod, keen

Brexit… de laange Wee zum Handelsofkommes

Brexit… de laange Wee zum Handelsofkommes

Um Freideg huet d‘EU vun de 27 der Erëffnung vun der zweeter Phas vun de sougenannte Brexit-Verhandlungen zougestëmmt. Et ass awer och gewarnt ginn, datt et beim aktuelle Rhythmus net dierft einfach ginn, en Accord bis zum 29 Mäerz 2019 ze fannen.

Vu London aus huet d‘Premierministesch Theresa May d‘Nouvelle begréisst. Si ass erfreet dat „endlech e wichtege Schratt gemaach ginn ass, um Wee vun engem douce Brexit“. Elo gëllt dann sech un d‘Ausschaffe vun engem méigleche Partenariat ze maachen.

De President vum Europarot, Donald Tusk, huet d‘Zoustëmmung vun de 27 allerdéngs mat engem däitleche Message begleet: „et gëtt immens schwéier en Accord iwwert en geuerdente Réckzuch bis den 29.Mäerz 2019. Et ass evident, datt déi zweet Phas méi usprochsvoll, méi komplex wéi déi éischt Phas wäert sinn“.

Nach en Donneschdeg hat d‘Theresa May déi 27 opgeruff, esou séier wéi méiglech d‘Gespréicher zu de „Post-Brexit“ Relatiounen opzehuelen. Gespréicher déi fir d‘Zukunft vu Groussbritannien ausschlaggebend sinn, wann d‘Briten dann d‘EU verlooss hunn. Eng Interventioun déi zu Bréissel gutt ukomm ass.

Fir de Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident, soll een dann och d‘Ustrengungen, déi London gemaach huet fir déi éischt Phas ofzewéckelen, unerkennen. Mee och hien erwaart sech eng schwiereg zweet Verhandlungsphas.

Den EU-Kommissiounspresident bestätegt dann nach, datt säi Vertrauen an d‘Theresa May ongebrach ass. Dat zu engem Zäitpunkt, wou d‘Premierministesch am eegene Land politesch ënner Beschoss ass. Esou de Vote vum britesche Parlament, deen dem Theresa May fir all Entscheedung d‘Zoustëmmung vun de Parlamentarier virschreift.

Schéi komplizéiert ass och komplizéiert

Déi konservativ Deputéiert hunn dann och fir e Mëttwoch den Depot vun engem Amendement virgesinn, deen der Regierung d‘Erlaabnes gëtt, den Datum vum Brexit ze veränneren, dee jo aktuell op den 29. Mäerz 2019 um 23.00 Auer festgeluecht ginn ass. En Amendement deen och d‘Zoustëmmung vun de „Rebellen“ sollt kréien. Déi hate gefaart, datt d‘Echeance, beim Vott vun e Mëttwoch géif festgeschriwwe ginn.

Wat elo um Freideg ugeholl ginn ass, schléisst d‘Fortschrëtter am Scheedungsdossier of. Domatter wieren dann och d‘Konditiounen, déi vu Bréissel festgeluecht goufen, erfëllt. D‘EU hat hei dräi Prioritéiten: Rechtssécherheet fir déi expatriéiert Bierger, d‘Zukunft vun der Grenz an Irland/Nordirland an natierlech d‘Rechnung fir d‘Scheedung.

Konditiounen déi, entspriechend dem virleefegen Accord tëscht der Kommissioun an der britescher Regierung vun der leschter Woch, agehale gi wieren. En Accord iwwregens, deen als Grondlag fir dat endgültegt Ofkommes erugezu gëtt.

D‘Staatscheffen hunn sech awer scho bereet erkläert, ab Januar2018 d‘Verhandlungen iwwert eng Transitiounsperiod vun zwee Joer, esou wéi dat vu London gefrot ass, ze lancéieren. Et ass awer festgehale ginn, datt London während dëser Zäit weiderhi muss d‘EU-Reegelen uwennen. Dat ouni bei den Entscheedungen dierfe matzeschwätzen.

Brexit

Eise Premierminister Xavier Bettel wéi hien zu Bréissel um Sommet ukënnt. De virleefegen Accord zur Scheedung schéngt duerch ze sinn. Elo soll et an déi zweet Phas vun de Verhandlunge goen, an domatter ëm d‘Handelsbezéiungen déi Groussbritannien wëll ënnerhalen. © Ludovic Marin/AFP

Zudeem ass net virgesinn, datt sech déi 27 virum Mäerz 2018, zu den Direktive fir d‘Verhandlunge wäerten äusseren. Den Detail zu de spéideren Handelsbezéiunge mat London, also no der Transitiounsperiod, muss mat dësen Direktive festgeluecht ginn.

Et wëll een also zu Bréissel e méi genaue Bléck op déi britesch Absichte werfen, iert ee sech am Fréijoer op eng Positioun festleet. Fir den Donald Tusk, sinn d‘Kontakter déi et elo gëtt, och éischter „Sondéierungsronnen“ déi Kloerheet fir d‘Zukunft solle bréngen.

Wat ass u „Verbindlech“ ondäitlech?

Net esou gutt ukomm bei de 27, ass d‘Deklaratioun zu Bréissel vum Brexitminister David Davis. Deen hält dru fest, datt de virleefegen Accord zu der Scheedung, net verbindlech wier. Dobäi weess dee ganz genee, datt ouni d‘Verbindlechkeet vum Accord, de wuel nach juristesch an zäitno muss niddergeschriwwe ginn, déi zweet Phas vun de Verhandlungen net kann opgemaach ginn.

Déi 27 bereeden sech och drop vir, net „enger Meenung ze sinn“ wat d‘Verhandlunge vun der zweeter Phas ugeet. Ënnerschiddlech Interessen dierften, och wann ee festhale muss, datt déi 27 am Bezuch op déi éischt Phas gutt zesummegeschafft hunn, fir vill Gespréichsbedarf suergen.

Fir aus éischter Hand informéiert ze sinn, hat um Freidegmueren dann och de Michel Barnier, deen d‘Verhandlunge fir d‘EU leet, un der Sëtzung vun den europäesche Staatscheffen deel geholl. Et soll, esou eng Quell aus dem noen Ëmfeld, gewiescht sinn, fir sech e Bild vun den eenzele „Sensibilitéiten“ vun de Memberlänner ze maachen.

Den hollännesche Premierminister Mark Rutte huet gesot, datt déi 27 sech ee Freideg eens gi sinn, net ëffentlech iwwert „d‘Zukunft vun de Verhandlungen“ ze schwätzen. „D‘Brite sinn haart Verhandlungspartner a se si gewëtzt, well si sech direkt mat den Haaptstied a Verbindung setzen. Bis elo konnte mer eis Eenheet erhalen an et ass och eist Zil, dat weiderhi bäizebehalen“.

mam Marine Laouchez et Cédric Simon/AFP

Foto: De President vum Eurogroupe, Jeroen Dijsselbloem (l) am Gespréich mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker (r) virun de Gespréicher um Freidegmueren. © John Thys/Pool/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Kommissioun, Jean-Claude Juncker, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel