Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: Geréit d‘Pressefräiheet a Gefor?
International Neiegkeeten

Coronavirus: Geréit d‘Pressefräiheet a Gefor?

Datt grad a Krisenzäiten onofhängeg a kritesch Journalisten a Medie

Metal fir ze danzen – Khroma begeeschtert bei der Europa-Tour!
International Neiegkeeten

Metal fir ze danzen – Khroma begeeschtert bei der Europa-Tour!

Metal gehéiert zu de skandinavesche Länner, wéi de Kachkéis zu

What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!

De Grand-Duché krut een neie Feierdag bäi, an zwar um

Brexit: „de nordiresche Patient“

Brexit: „de nordiresche Patient“

Gëschter huet déi britesch Regierung d‘Menace vun der klenger nordirescher unionistescher DUP miniméiert, déi domatter gedreet hat, hir Ënnerstëtzung zréckzezéie jee nodeem wéi bei de Brexit-Verhandlungen d‘Roll vun Nordirland definéiert gëtt. Bis dohinner ass d‘DUP „de klenge Partner“ deen dem Theresa May (nach) eng Majoritéit zouséchert.

Déi britesch Premierministesch Theresa May, huet hir wichtegst Ministere versammelt fir se iwwert d‘Fortschrëtter vun de Gespréicher tëscht London a Bréissel ze informéieren. Laut der „Financial Times“ wier en Accord am Dossier „Brexit“ zäitno méiglech. D‘Fro vun der Grenz tëscht der britescher Provënz Nordirland an Irland, bedierf eng Äntwert bis zum Conseil vum 18. Oktober.

Et war de Staatssekretär fir Schottland, David Mundell, deen d‘Warnunge vun der DUP „ignoréiert“ huet. Eng DUP déi näischt méi ze fäerte schéngt, datt Nordirland eng „besonnesch“ Behandlung am Fall vun enger Eenegung bei der Scheedung erhält. Säin Argument: „Ech si sécher datt och si elo erkennen, datt d‘Alternativ zu engem Accord, e Regierungswiessel ass, dee si net wëllen“.

D‘Entscheedung vu London sech vun der EU ze trennen, bréngt mat sech, datt et zu administrative Kontrolle fir de Wuereverkéier tëscht Groussbritannien an Nordirland kënnt. Dorops behaapt sech de Chef-Negociateur vun der EU, de Michel Barnier. Géint esou eng „administrativ Kontroll“ wiert sech déi kleng radikal-nationalistesch DUP, an si kéinten hei der Regierung d‘Genéck briechen.

Nordirland an der Zollunioun behalen

Mat der „europäescher Léisung“ géif Nordirland an der Zollunioun bleiwen, wat verhënnere géif, datt et nees zu enger physescher Grenz tëscht Nordirland an Irland kënnt. Domatter géif déi britesch Provënz weider no de Reegele vum europäesche Bannemaart behandelt ginn. Allerdéngs bréngt et och mat sech, dat den Handel tëscht Nordirland a Groussbritannien eppes méi komplizéiert gëtt.

Fir d‘Arlene Foster, Cheffin vun der DUP, gëtt den „Handel beschränkt“. Si stellt fest: „dësen Zeenario iwwerhëlt net dat bescht vun zwee Systemer, mee dee schlechtste vun engem“. Si ass zudeem der Meenung, datt d‘Regierung net mat guddem Gewëssen en Accord recommandéiere kann, deen eng Handelsbarrière tëscht déi verschidde Regioune vum Kinnekräich instauréiert“.

An de Sammy Wilson, Spriecher vun der DUP, warnt: „Wann d‘Premierministesch déi drakonesch Fuerderunge vun der EU unhëlt, setzt si sech eng parlamentarescher Néierlag aus“. Anescht gesäit dat den nordiresche Sinn Féin, wou een engem „Uschloss“ un Irland favorabel entgéint bléckt. Si hunn d‘Positioune vun den DUP-Leader dann och entspriechend zolidd kritiséiert.

„Si behënneren déi Léisung, déi géif erméiglechen d‘Rechter an d‘Akommes vun allen Awunner op der Insel ze sécheren, a besonnesch déi vun de Leit aus dem Norden“, iergert sech d‘Presidentin vum Sinn Féin, Mary Lou McDonald. Irland als Ganzes hätt och en Interessi drun sech op déi vun der EU virgeschloe Léisung anzeloossen. Mee et geet hei, wéi esou oft, ëm politesch Muecht…

Wou zéng Mandater „Gewiicht“ hunn

Fir d‘Theresa May, déi an hirer Mandatszäit ganz oft „dernieft gegraff“ huet, d‘Regierung oft huet missen nei opstellen, vun den eegene Leit net wäertgeschätzt gëtt an nëmme ganz wéineg politesch Ënnerstëtzung huet, sinn d‘Optioune moer. Hir absolut Majoritéit fundéiert op den 10 Mandater vun dëser radikal-nationalistescher Partei. Stëmmen déi de Budget den 29. Oktober net mat, war et dat.

Da kënnt et zu engem „Vertrauensvott“, a sollt d‘Theresa May dee verléieren, gëtt et Neiwahlen a Groussbritannien. An de nächste Regierungschef kéint zimlech sécher Jeremy Corbyn heeschen. Stéiert d‘DUP net, well déi huet sech um Mëttwoch bei engem vun der Aarbechterpartei (Labour) virgeluechten Amendement zum Landwirtschaftsgesetz enthalen, fir emol d‘Richtung unzeginn.

Elo huet d‘Theresa May op neits widderholl, datt si engem Accord, deen zu enger „Grenz am iresche Mier“ géif féieren, am Liewen net géif zoustëmmen. Mee et wier net auszeschléissen, datt hir Regierung gewëllt wier sech mat Bréissel op Kompromësser ze verstännegen, déi zumindest d‘Verhandlunge géife virubréngen. Et gëtt dann och esou lues Zäit hei virunzekommen…

Zil vun der britescher Premierministesch, ass et méiglechst enk Wirtschaftsbezéiunge mat der EU ze erhalen. Dës Strategie fënnt an den eegene Reien nëmme wéineg bis guer keng Ënnerstëtzung. Déi konservatiivst ënnert de Konservativen, verlaangen en haarde Brexit. D‘Oppositioun huet schonn emol informéiert, datt ee géint alles stëmme géif, datt sech géint eng Zollunioun verwiert.

mat AFP

Foto: Eng Premierministesch, de Brexit, kee Plang an keen Accord. Wann sech net geschwënn eppes deet, kéint et séier gedoe sinn. © Henry Nicholls/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Arlene Foster, Brexit, DUP, Mary Lou McDonald, Nordirland, Sin Féin, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel