USA: déi eng gi vum selwen, deenen anere wëll den Trump op d‘Spréng hëllefen
Dem Donald Trump seng Entscheedung d‘Truppen aus Syrien ofzezéie bréngt
Dem Donald Trump seng Entscheedung d‘Truppen aus Syrien ofzezéie bréngt
Den Zuch huet eng fest Plaz zu Lëtzebuerg. Net nëmmen
Am Kader vun der Fuerschungsfuerderung vun der Stëftung hunn den
Déi britesch Regierung huet um Freideg seng Propose, zu den zukünftege Relatiounen tëscht der EU a Groussbritannien, virgeluecht. Déi zentréieren sech ronderëm eng Fräihandelszon. Hei dann och déi wichtegst Punkten:
„Mat eiser Propose entsteet eng Fräihandelszon tëscht der EU a Groussbritannien, déi en Ensembel vu gemeinsame Reegele fir industriell a landwirtschaftlech Produkter enthält“, esou déi britesch Premierministesch, Theresa May. London huet dann och nach de Wonsch, datt d‘Parlament spéider Reegelen, déi him net gefale ka refuséieren, mat alle Konsequenzen déi domatter verbonne sinn.
An der britescher Propose ass virgesinn, datt de Secteur vun den Déngschtleeschtunge muss anescht behandelt gi wéi d‘Wueren. Dat fir eng gewësse Flexibilitéit ze behalen, notamment géintiwwer de Mäert ausserhalb der EU.
London akzeptéiert dann och d‘Enn vum „Finanz-Pass“, deen et den Entreprisen erlaabt hir Déngschtleeschtungen an der EU unzebidden, a proposéiert en Accord fir déi gemeinsam Virdeeler vum integréierte Maart ze erhalen an déi finanziell Stabilitéit ze schützen.
D‘Brite wëllen dann och de fräie Persouneverkéier nees ofschafen. Eng Mesure vun där se sech erhoffen, datt si nees d‘Kontroll iwwert d‘Migratioun erhalen. London strieft allerdéngs en Dispositif un, deen et Briten an Europäer erméiglecht och weiderhin op de respektiven Territoire fräi ze reesen, ze studéieren oder ze schaffen.
Groussbritannien wënscht sech d‘Asetze vun engem gemeinsamen institutionelle Kader, fir de gudde Fonctionnement vun der spéiderer Relatioun mat der EU ze erlaben. Dofir soll et ee Mechanissem zur Konfliktléisung an en onofhängegt Schiidsverfahren-System ginn. London bestätegt datt och seng Absicht d‘Geriichtsbarkeet vum europäesche Geriichtshaff ze verloossen.
Hei gëtt ënnerstrach, datt déi britesch Geriichter awer kéinten déi europäesch Reglementatioun berécksiichtegen, fir „Affären“ déi an de Kader vun de „gemeinsame Reegelen“ falen.
Déi britesch Regierung schléit fir, op senge Grenzen „d‘Douane-Rechter an Handelsreegele vum vereente Kinneksräich fir Wuere mat Destinatioun Groussbritannien“ unzewennen. Fir Gidder déi an d‘EU ausgefouert ginn, sollen déi europäesch Douane- an Handelsreegele gëllen.
Laut London géif dëse System verhënneren, datt et zu automateschen Douaneskontrollen tëscht der EU a Groussbritannien kënnt. Eng Manéier der däreger Fro, vun der nees Aféierung vun enger physescher Grenz tëscht Nordirland an der Republik Irland, eng Äntwert entgéintzesetzen.
Déi britesch Regierung betount dann och nach emol, datt et am Interessi vu béide Parteien ass, zu engem Accord fir de Brexit – deen nach ëmmer fir de 29. Mäerz 2019 virgesinn ass – ze kommen. D‘Auer awer déi leeft, an dofir gëtt och ënnerstrach, datt een d‘Virbereedungsaarbechten och muss alle méiglechen Zeenarien aussetzen. Besonnesch enger „Sortie“ ouni Accord.
mat AFP