Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Davos: Den Donald Trump op Kuschelkurs mam Patronat
International Neiegkeeten

Davos: Den Donald Trump op Kuschelkurs mam Patronat

An nëmmen e puer Stonnen huet hien den US-Dollar gestäerkt,

Hues de scho gewonnen oder spills de nach?
International Neiegkeeten

Hues de scho gewonnen oder spills de nach?

Dat ass eng Fro déi sech eng Amerikanerin net méi

Outreach Youth Work probéiert d’Jugendaarbechtslosegkeet ze bekämpfen a feiert éischt Erfolleger
International Neiegkeeten

Outreach Youth Work probéiert d’Jugendaarbechtslosegkeet ze bekämpfen a feiert éischt Erfolleger

Et ass e Projet, deen sech eppes Schwéieres virgeholl huet.

Brexit: d‘EU erhéicht den Drock

Brexit: d‘EU erhéicht den Drock

En Donneschdeg hunn déi europäesch Staatscheffen den Drock op d‘Premierministesch Theresa May op e neits erhéicht. Si hunn der britescher Regierungscheffin däitlech gemaach, datt si hir Kopie nach emol muss iwwerschaffen, fir d‘Austrëttsverhandlunge finaliséieren ze kënnen.

An och wann déi 27 déi positiv Evolutioun vu Groussbritannien begréisst hunn, wéi se och eng „besser Atmosphär“ bei der Virbereedung zur Scheedung erkenne konnten, esou hunn si dann awer zu Salzburg, beim EU-Sommet gefuerdert, déi rezent Proposen nach emol ze „iwwerdenken“.

„D‘Propose fir déi spéider wirtschaftlech Bezéiungen, esou wéi se Virgeluecht goufen, kënnen net funktionéieren, a sief et nëmmen, well se net de Grondlage vum Bannemaart vun der Unioun entspriechen“, betount nom Sommet den EU-Rotspresident Donald Tusk.

Och de franséische President Emmanuel Macron, deen ausgesot huet datt „d‘Stonn vun der Wourecht“ geschloen huet, deelt dës Usiicht. „Déi britesch Propose sinn esou net akzeptabel, well se d‘Integritéit vum Bannemaart a Fro stellen“, esou den Emmanuel Macron.

Déi britesch Premierministesch huet geäntwert, datt hir Plang (Chequers) „déi eenzeg seriö a kredibel Propose ass“, déi nach um Dësch läit, déi et erlaabt laangfristeg op eng physesch Grenz tëscht Irland an Nordirland ze verzichten.

Si wëll den iresche Problem nach emol unhuelen, duerch deen e scheitere vun de Verhandlunge riskéiert gëtt, wat zu engem Brexit ouni Accord géif féieren. D‘Theresa May huet zu Salzburg annoncéiert, datt London zu dësem Sujet, geschwënn eege Propose wäert virleeën.

Kreativ ënnerwee

London a Bréissel hunn zu ville Froe Kompromësser fonnt. Villes muss jo och nach virum „Brexit“ gereegelt ginn. Esou wéi de Montant vun der Rechnung déi Groussbritannien ze bezuelen huet. Mee op deem engen oder anere Punkt, a besonnesch bei der irescher Kausa, gëtt ee sech net eens.

Brexit

De Premierminister Xaviel Bettel am Gespréich mat der britescher Premierministesch, Theresa May. Si besteet op hirem Plang vu Chequers. Deen ass inakzeptabel, well net de Reegele vum europäesche Bannemaart entsprécht. © sip/ME

Béid Parteie sinn sech zwar eens doriwwer, datt eng physesch Grenz tëscht der britescher Provënz an Irland, misst verhënnert ginn, fannen awer kee Konsens. London kontestéiert d‘Bezeechnung „Sécherheetsnetz“ dat vun der EU gefuerdert gëtt, fir d‘Resultat ze garantéieren.

D‘Léisung, déi de 27 am léifste wier, gesäit vir, datt d‘Provënz Nordirland an der Zollunioun bleift, sollt et net zu enger besserer Propose kommen. Dat refuséiert London kategoresch, well et um Enn bedeit, datt eng Grenz tëscht Nordirland an dem Recht vu Groussbritannien entsteet.

An d‘Theresa May hält sech un hirem Plang vu Chequers fest. Dee gesäit eng Wirtschaftsbezéiung mat der EU vir, déi sech op eng Fräihandelszon fir Gidder stäipt. Laut der Premierministesch géif dës Fräihandelszon faktesch de Problem mat der irescher Grenz vum Dësch wëschen.

Fir Bréissel, berout dës Léisung op der zukünfteger Relatioun mat London, déi nach am Detail muss no der Scheedung verhandelt ginn. Et ass dann awer virun allem esou, datt dës Léisung net den EU-Reegelen entsprécht, déi de fräie Wuereverkéier mam fräie Persouneverkéier verbënnt.

„Et kann een nach ganz vill Kreativitéit opbréngen, fir Léisungen ze fannen déi och praktesch, zefriddestellend an zolidd sinn“, mengt d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel. „Mee bis dohinner ass et nach e wäite Wee“, füügt déi däitsch Staatscheffin bäi.

An nach e Sommet

Den éisträichesche Kanzler, Sebastian Kurz, hat moies nach verséchert, datt am November en aussergewéinlechen organiséiert gëtt, fir d‘Diskussiounen ze finaliséieren. Also nach e Sommet nom fir den 18. Oktober geplangte Sommet, bei deem d‘Verhandlunge sollten ofgeschloss ginn.

Brexit

Zu Salzburg hat de Premierminister Xavier Bettel och Zäit fir e Gespréich mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. © sip/ME

Laut dem Donald Tusk „ass de Prinzip net a Stee gemeesselt“. Hien huet erkläert, datt hien dëse Sommet wäert fir de 17. an 18. November aberuffen, wann et sech als noutwenneg erweist, fir den Accord legal ze finaliséieren. Den Inhalt awer muss am Oktober definéiert ginn.

„Hannert den haarden ëffentleche Stellungnamen an de Medien, hunn ech d‘Gefill, datt sech béid Säite bewosst sinn, datt een nëmmen dann eng Léisung fanne kann, wann sech déi zwou Parteien openaner zou bewegen“, intervenéiert de Sebastian Kurz.

De Premierminister vu Malta, Joseph Muscat, huet géintiwwer der BBC ausgesot: „Et gëtt ee Punkt op deem mir eis (bal eestëmmeg) eens sinn. Mir géifen et begréissen datt Groussbritannien nach e Referendum ofhält“. Dat gëtt dann allerdéngs vu London an dem Theresa May „ausgeschloss“.

„Et steet mir net zou, mech iwwert de Choix vun de britesche Bierger auszedrécken. Mir komme jo och weider, och wann net alles einfach ass, wéi et déi sengerzäit zum Ausdrock bruecht haten, an onméiglech Versprieche beim Referendum gemaach hunn. Si hunn d‘Leit belunn“, esou de Macron.

Virum Mëttegiessen zu 27, haten déi europäesch Staatscheffen awer och nach aner Sujete behandelt. Sécherheetsfroen, wéi d‘Zesummenaarbecht vun der Police, oder de Kampf géint terroristesch Inhalter am Internet, stoungen hei am Mëttelpunkt.

Schonn um Mëttwoch war sech der Migratiounsfro ugeholl ginn. Wann den Debat ouni „rapp a klapp“ ofgelaf ass, esou ass een bei dësem brisante Sujet kee Meter virukomm. Et sinn dann och déi üblech Asyl-Géigner (Visegrad-Grupp) déi d‘Diskussiounen an esou eng Léisung behënnert hunn.

mam Cédric Simon/AFP

Foto: Familljefoto mat den europäesche Staatscheffen zu Salzburg. En Informelle Sommet, bei deem et op den Haaptpunkten: Brexit a Migratioun, wéi gewinnt net zu konstruktiven Diskussioune komm ass. Am Schlusscommuniqué waren se awer beméit datt anescht duerzestellen. © sip/ME

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Sommet, Salzburg, Theresa May, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel