Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Si Wandmille wierklech esou gutt fir de Klima?
International Meenung

Si Wandmille wierklech esou gutt fir de Klima?

Datt Wandmillen derzou bäidroen den Ausstouss vun Zäregasen ze reduzéieren,

Kriss du an dësem Lëtzebuergesch-Test de perfekte Score?
International Meenung

Kriss du an dësem Lëtzebuergesch-Test de perfekte Score?

All Woch duerchkämme mer d’Noriichten no interessanten a komplizéierte Wierder.

Wéi gutt kenns du eis Autobunnen?
International Meenung

Wéi gutt kenns du eis Autobunnen?

Iwwert d’Autobunn op d’Aarbecht: Dat ass vir vill all Dag

De Plang „B“ – B wéi Brexit? (e Kommentar)

De Plang „B“ – B wéi Brexit? (e Kommentar)

Et ass en drolegt Vollek, datt vun de Briten. Dir wësst schonn, datt sinn Mënsche mat enger Haut wéi Aspirin doheem, a frësch gekachtem Hummer wa se vun de Sonn geheemelt ginn. Ech duecht ëmmer dës houfreg vun de Kelten a Wikinger ofstamend Natioun, hätt esou eppes wéi Réckgrat, leider versauen si mir grad mäin iwwert Joerzéngte gefleegte Weltbild.

Datt Groussbritannien déi europäesch Famill verloosse wëll, ass dem Referendum geschëlt mat deem d‘Vollek eng Entscheedung getraff huet, déi si elo eng deier gëtt. Si hunn de Lige gegleeft déi hinne vun der UKIP opgedëscht goufen, an d‘Jugend – den eigentlechen Notznéisser vun engem staarke solidareschen Europa – hat et sengerzäit net fir néideg fonnt um Referendum deelzehuelen.

Si waren iwwerzeegt, datt si en Austrëtt aus der Unioun esou kéinten hikréien, datt si zwar vun alle Virdeeler profitéieren, net awer ënnert de Nodeeler, vun esou enger Gemeinschaft ze leiden hätten. Si waren och iwwerzeegt, datt de Brexit d‘Konjunktur ukuerbelen an de Chômage reduzéiere géif. Mee de Brexit bréngt elo Handelsbarrière mat sech, an d‘Investissementer bleiwen aus.

Innerhalb der Regierung selwer gëtt et kee Konsens, wat zu deels lëschtege wéi bedauernswäerte Sëtzungen am britesche Parlament gefouert huet. D‘Kredibilitéit vum Theresa May huet „Trump-Niveau“ erreecht, an de Jeremy Corbyn, vun der Aarbechterpartei „Labour“ wëll d‘Gonscht vun der Stonn notze fir seng Partei an d‘Regierung, a sech selwer un d‘Muecht ze bréngen.

D‘Zoustänn op der Insel sinn entspriechend chaotesch, an déi Länner vun der EU, déi eppes méi „wirtschaftlech mat Groussbritannien verbonne sinn“ stellen sech elo noutgedrongen op en haarde Brexit an. Frankräich huet eleng zu Calais 250 nei Douanieren agestallt, eis däitsch Nopere schaffen och un engem „Plang fir de Noutfall“. Kloer Linne gëtt et keng, d‘Zukunft ass ongewëss.

An et sollt elo kee mengen, datt egal wéi et sech weider entwéckelt, de Brexit eis net oder héchstens marginal betrëfft. Eng Scheedung ouni Accord, huet net nëmme katastrophal Auswierkungen op déi britesch Wirtschaft, si wäert och en entspriechenden Impakt op déi gesamt europäesch Ekonomie hunn. Mee d‘EU ass am Virdeel, an d‘Brite sinn déi wou elo den éischte Schratt maache mussen…

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Kommissioun, Europa, Groussbritannien, Jeremy Corbyn, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel