Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Wann se sech et leeschte kënnen
Neiegkeeten

Wann se sech et leeschte kënnen

Wat alt nees eng wéinst de BIL opgefouert gëtt. Wéi

Brexit: net wierklech en Accord, an awer…
Neiegkeeten

Brexit: net wierklech en Accord, an awer…

Tëscht der EU a Groussbritannien ass et um Freideg nach

Eis jonk Lëtzebuerg zu Buenos Aires: den drëtten Dag
Neiegkeeten

Eis jonk Lëtzebuerg zu Buenos Aires: den drëtten Dag

Um drëtten Dag huet Eléonora Molinaro un der Säit vum

Brexit: Elo gëtt et eescht

Et stinn nach vill Froen op

Brexit: Elo gëtt et eescht

Haut geet et zu Bréissel an déi zweet Verhandlungsronn tëscht der EU zu 27 a Groussbritannien. Et geet drëms d‘Konditioune vun der Scheedung festzeleeën. Dat zu engem Zäitpunkt wou sech London lues awer bestëmmt a Kampfopstellung bréngt.

No enger Aféierungsronn, bei där sech béid Säiten op e Kalenner eenegen an wou och d‘Prioritéite festgeluecht goufen, gëtt elo Eescht. Déi ënnerschiddlech Positiounen an de sëllechen Dossiere wäerten d‘Gespréicher kaum vereinfachen. Besonnesch bei de Froen ëm d‘Rechter vun de Bierger an dem soldéiere vun de Konten, dierft et hëtzeg zougoen.

Een Objektiv, zwou Meenungen

Elo wou et da lass geet, erhofft sech de Chef-Negociateur fir d‘EU, de Michel Barnier „sécher ze stellen, datt mer zesummen op Aenhéicht schaffen a gemeinsam Objektiver verfollegen“. Bei de Briten ass et den David Davis deen d‘Verhandlunge leet. Hien huet an engem Communiqué béid Säiten opgefuerdert „sech dës Woch un d‘Aarbecht ze ginn“.

Den Davis betount nach: „D‘Rechter vun all eise Bierger ze schützen ass meng Prioritéit an bei dësem Punkt musse mer wierklech virukommen.“ Verhandelt gëtt all Dag am Kader vun Aarbechtsgruppen, bis en Donneschdeg. Do ass dann eng Plenière ugesat mat uschléissender Pressekonferenz, bei där d‘Resultater sollen ëffentlech gemaach ginn.

Keng wierklech einfach Situatioun, wann e bedenkt, datt an der leschter Woch den Drock zougeholl huet. De neien Zyklus vun de Verhandlunge verlaangt vun de Parteien sech all Mount zesummenzesetzen. Populistescht Gebraddels ass net dat wat d‘Gespréicher méi einfach wäert maachen.

Onnéidegt Gestëppels

Den euroskepteschen Ausseminister Boris Johnson, huet sech an där Hisiicht awer déi gréisste Méi ginn. Hien huet leschte Mëttwoch der EU vermëttelt: „si kéinten hir Rechnung roueg vergiessen“. D‘Stëmmung ass net zum beschten. Bei der Rechnung geet et allerdéngs ëm eng Zomm déi, jee no Expert, tëscht 80 an 100 Milliarden Euro leie soll.

Well ee Stëppeler seelen duer geet, huet sech och nach de konservativen Deputéierten a Wirtschaftsmanager Philip Hammond zu Wuert gemellt. Deen hält déi vun der EU ugefouert Zomme fir lächerlech. Datt sech zu Bréissel deen een oder aneren d‘Fro stellt, wéi een do mat beduecht soll verhandelen, ass verständlech.

„D‘Zäit leeft“, warnt de Barnier, mam Hiweis datt London a Bréissel sech eens sinn bis Mäerz 2019 d‘Trennung ze vollzéien. Eng enk Zäitfënster bestëmmt de Rhythmus. D‘Verhandlunge sollte bis Oktober 2018 ofgeschloss sinn. Et ass u sech déi eenzeg Méiglechkeet den Accord vun alle Parteie bis zum Fréijoer 2019 ratifizéieren ze loossen.

Et presséiert

An engem Communiqué huet en héije Verantwortleche vun der britescher Regierung erkannt „et ass wichteg driwwer ze schwätzen, wéi een ausgeglachent Reglement zu de Rechter a Flichte vu Groussbritannien als Member, fir den Austrëtt festgeluecht ka ginn“.

Europa hat seng Virbereedunge schonn am Mee finaliséiert a Bréissel ass ongedëlleg d‘Positioun vun de Brite matgedeelt ze kréien. London huet leschten Donneschdeg seng Meenung zu verschidde Schlësselpunkten verëffentlecht. Vu Suen, respektiv wéi se gedenken d‘Rechnung ze bezuelen, war heiranner awer net riets.

Groussbritannien insistéiert op d‘Festleeë vun enger Transitiounsphas a wëll esou schnell wéi méiglech iwwert de Statut vun der zukünfteger Relatioun schwätzen. D’Gespréicher goufen vun de 27 awer schonn am Virfeld u Konditioune gebonne. Esou misst ee signifikativ viru komme bei Froe wéi de Rechter fir d‘EU-Bierger, déi aktuell a Groussbritannien hir Heemecht fonnt hunn. Da wéi gesot d‘Geschicht mam Geld. Net ze vergiesse wéi et sech soll verhale mat der Grenz an Irland.

Beim Geld hält d‘Frëndschaft op

„D‘Konte berengegen ass net einfach. Dat ass ëmmer mat héije Käschte verbonne wann een ausenaner geet“, erkennt de Michel Barnier. „Mir wäerten awer vu Groussbritannien keen Euro méi verlaangen, wéi et seng Engagementer beim Antrëtt an d‘Unioun festgeluecht hunn“, versprécht de Fransous.

Zu London huet de Büro dee sech ëm d‘budgetär Verantwortung këmmert, an eben d‘Konte vum vereenegte Kinnekräich iwwerwaacht gemengt: „Eng eemoleg Facture sollt kee gréisseren Impakt op d‘ëffentlech Finanzen hunn“.

Tëscht de Briten an der EU zu 27 sollt gläichfalls ugefaange ginn sech iwwer klenger Sujeten ze ënnerhalen. Esou steet zur Diskussioun d‘Zougehéieregkeet bei EURATOM, der europäescher Atomenergiegesellschaft. Och beim Thema Justiz, wéi dem europäesche Geriichtshaff, ass nach munches ze klären. An do wier nach ze kucken, wéi ëm de Statut vun de Gidder steet, déi am Bannemaart hir Plaz fonnt hunn.

Zu Bréissel fänkt deemno eng ustrengend Woch un. D‘Equipe déi ronderëm de Verhandlungsdësch versammelt sinn géifen sech mat Sécherheet freeë, wa verschidde Leit während där Zäit einfach emol de Mond kéinten halen.

mam Marine Laouchez/AFP

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Brexit, EU, Groussbritannien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel