Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Wéi steet et ëm d‘Leit, déi zu Lëtzebuerg keng Sozialversécherung hunn?
International Neiegkeeten

Wéi steet et ëm d‘Leit, déi zu Lëtzebuerg keng Sozialversécherung hunn?

D‘Regierung huet e Méindeg op en Fro vun der LSAP-Deputéiert

Jonk an talentéiert: d’Kart-Pilotin Zoé Knebler, een Interview
International Neiegkeeten

Jonk an talentéiert: d’Kart-Pilotin Zoé Knebler, een Interview

17 Joer jonk a schonn e grousst Zil virun Aen.

dislikesurprise
Editorial: Wéi sech d‘SPD duerch de Knéi an de Fouss geschoss huet
International Neiegkeeten

Editorial: Wéi sech d‘SPD duerch de Knéi an de Fouss geschoss huet

Mat ganz knappe 56% huet den SPD-Parteidag um Sonndeg sech

Brexit: London a Bréissel beschléissen en Accord-Projet

Brexit: London a Bréissel beschléissen en Accord-Projet

En Dënschdeg huet déi britesch Regierung duerchblécke gelooss, datt et elo en „Accord-Projet“ am Kontext vum Brexit beschloss ginn ass. Dëse Projet ass en Accord am „technesche“ Sënn, a muss nach op politeschem Niveau, esouwuel zu London wéi zu Bréissel validéiert ginn.

„Dat britescht Kabinett setzt sech muer (Mëttwoch) um 14 Auer zesummen, fir dëse Projet ze analyséieren, dee vun den Equippen zu Bréissel ausgehandelt ginn ass, an déi nächst Etappen ze beschléissen“, heescht et aus London. D‘Minister sollen ageluede gi sinn, sech dat ganzt Dokument virun der Sëtzung zu Gemitt ze féieren, preziséiert de Communiqué.

Laut verschiddene britesche Medien, wieren d‘Minister individuell an d‘Downing Street bestallt ginn. Um Kontinent, sinn et d‘Ambassadeure vun de 27 EU-Staaten, déi sech um Mëttwochmëtten zu Bréissel gesinn, fir iwwert de Projet fir e méiglechen Accord ze debattéieren.

Déi iresch Televisiounschaîne RTE huet informéiert, datt de Projet e „Sécherheetsnetz“ virgesäit, mat deem soll verhënnert ginn, datt et an Irland zu enger „physescher Grenz“ tëscht der britescher Provënz am Norden an der irescher Republik kënnt. „Et besteet d‘Méiglechkeet vum engem Arrangement fir ganz Groussbritannien, mat méi definéierten Dispositioune fir Nordirland“.

Esou en Accord géif allerdéngs och bedeiten, datt sech ganz Groussbritannien an enger Zollunioun mat der EU befënnt, an net nëmmen Nordirland, esou wei dat sengerzäit vu Bréissel virgeschloe gi war. Eng Propose déi zu London fir vill politescht Gestreits gesuergt hat.

Kritt d‘Theresa May sech duerchgesat?

Déi britesch Premierministesch huet elo d‘Suerg, hirer Partei dësen Accord-Projet schmackhaft ze maachen. Déi konservativ Partei ass an dëser Fro gedeelt. Bei den Torries verhält et sech esou, datt d‘Pro-Brexit Fraktioun fäert, datt mat esou engem Accord, Groussbritannien sech iwwer Joeren den EU-Reegelen ënnerwerfe muss, an et esou net wierklech zu enger „Trennung“ kënnt.

Zudeem ass do d‘DUP, déi kleng nordiresch Partei, déi dem Theresa May seng Majoritéit séchert. Déi Ultrakonservativ DUP, huet laang an haart gekämpft, fir ze verhënneren, datt Nordirland net wéi ganz Groussbritannien behandelt gëtt. Wann déi net averstane sinn, gëtt et „komplizéiert“.

Wann et elo virugeet, kann d‘Conclusioun vun de Verhandlungen, zu engem aussergewéinlechen EU-Sommet féieren, wou dem Accord da kann zougestëmmt ginn. Dëse Sommet kéint nach bis Enn vum Mount organiséiert ginn. Schliisslech presséiert et och esou lues, wëll d‘Parlamenter vun de Memberlänner, wéi och dat britescht, mussen den Accord nach ratifizéieren.

D‘Theresa May hat um Dënschdegmueren déi wichtegst Minister zesummegeruff, fir de Punkt ze maachen. Um Enn vun der Sëtzung, huet e Spriecher vun der Regierung annoncéiert, datt et zu „gudde Fortschrëtter“ komm ass, mee et nach oppe Froe gëtt, déi Äntwert verlaangen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Accord, Bréissel, Brexit, Handelsofkommes, London
Nächsten Artikel Virrechten Artikel