Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi nei Vignetten 2018 si beim ACL ukomm
herpes dating sweden Neiegkeeten

dating the ex of your best friend

Fir jiddereen deen och 2018 iwwert Schwäizer an éisträichesch Autobunn

https://moien.lu/us-dating-site-for-widows/
herpes dating sweden Neiegkeeten

21 Méint Prisong fir e Geschäftsmann vu Christchurch

De Brendon Tarrant, dee Mëtt Mee zu Christchurch an zwou

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel
herpes dating sweden Neiegkeeten

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel

Wien sech bei dem Titel mäi lang ersehntent Cyber-Monster-Mystery-Buch vermutt,

Brexit: …en „haarden“ wëllen d‘Briten och net

Brexit: …en „haarden“ wëllen d‘Briten och net

Nodeems en Dënschdeg erwaardungsgeméiss e „Brexit mat engem Accord“ am britesche Parlament déi kal Schëller gewise krut, huet och déi „haart“ Variant – allerdéngs denkbar knapp – gëschter net ugeholl. Haut soll dann iwwert eng Verlängerung ofgestëmmt ginn.

Domatter ass dann och déi politesch Zukunft vum Theresa May besigelt ginn. Hir politesch Aart a Weis huet deen duerch e Referendum organiséierte Chaos, net an de Grëff kritt, an och generell ass Groussbritannien mëttlerweil ugeschloen. Mat 321 géint en „haarden“ an 278 Stëmmen derfir, ass eng Pattsituatioun entstanen, déi net ze halen ass, well et gëtt e Gesetz un dat si sech hale mussen.

An dobäi kann et eis egal sinn, ob se am House of Commons haut fir eng Verlängerung sinn oder net, well eppes ass säit gëschter Owend kloer: Groussbritannien wäert d‘EU ouni Ofkommes verloossen, et sief et géif eppes anescht vereenbaart. Dat sinn déi Acteuren déi Groussbritannien op der Bühn stoen huet awer erwisenermoossen net amstand. Bleift nach d‘Optioun: „No Brexit!“

Labour huet eng Iddi…

Fir de Labour-Chef Jeremy Corbyn, misst der Premierministesch elo ersiichtlech ginn, datt et net anescht geet, wei den Artikel 50 ze verlängeren. Dat heescht dat si elo muss d‘Verlängerung ufroen. Et wier mat der Verschibung eleng awer net gedoen. Elo misst d‘Parlament d‘Kontroll iwwerhuelen an dat maache wat dem Theresa May net gelongen ass: e parteiiwwergräifende Konsens fannen.

An d‘Aarbechterpartei huet natierlech eng Rei Proposen, wéi si d‘Zukunft vu Groussbritannien am wirtschaftleche Kontext vun der EU gesinn. Esou ka sech Labour virstellen datt et zu engem zweete Referendum kënnt, sech op eng permanent Zollunioun aléist, oder en Deal wéi Norweger mat der EU ageet. Klengt gutt, mee och dofir schéngt et den Ament am Parlament keng Majoritéit ze ginn.

Et ass dann och nees rieds doriwwer, datt de Brexit-Accord eng drëtt kéier zum Vott komme sollt. Fir de Steve Baker, Tory a Brexit-Hardliner, kënnt dat net a Fro: „Ech kann der Regierung elo scho soen, datt dësen Accord esou schlecht ass, datt mir genee richteg geleeën hunn, wéi mir dësem net zougestëmmt hunn. An och bei engem drëtte Vott wäerte mir géint dësen Accord stëmmen“.

Bis dohinner muss awer nach haut iwwert d‘Verlängerung ofgestëmmt ginn. An da muss Bréissel entscheeden ob et politesch sënnvoll ass – am Mee sinn Europawahlen – de Briten nees all Wonsch ze erfëllen, a sech entspriechend virféieren ze loossen. Et sollt ee net vergiessen, datt de Brexit zur Basis vun all zukünfteger „Trennung“ gëtt, an Europa och eppes beim Brexit ze verléieren huet.

mat indymedia/lon/lux

Foto: Traureg Gestalten oder awer Spëtzepolitiker? Näischt Genaues weess een net. (Video-grab)

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Austrëtt, Jeremy Corbyn, Theresa May, Verlängerung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel