Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwert eng Millioun Brite fuerderen en zweete Brexit-Referendum
things to know when dating a jamaican man

Iwwert eng Millioun Brite fuerderen en zweete Brexit-Referendum

Zu London hunn d‘Briten – oder zumindest déi ënnert hinnen

my cousins are dating
things to know when dating a jamaican man

De CinEast huet méi wéi 10.400 Persounen an de Kino gezunn

Et war déi 11. Editioun vum Festival CinEast, ee Lëtzebuerger

Wimbledon: „Alles ass elo méiglech“ fir de Gilles Muller
things to know when dating a jamaican man

Wimbledon: „Alles ass elo méiglech“ fir de Gilles Muller

Bei der Lëtzebuerger Tennisfederatioun ass d‘Gléck spierbar. Wéi eis de

Brexit: Den EU-Chefverhändler op Besuch beim Premier (eng Analys)

De Michel Barnier seet sech entschloss den haarde Brexit ze verhënneren

Brexit: Den EU-Chefverhändler op Besuch beim Premier (eng Analys)

„Optimismus ass gutt, d‘Wourecht ass besser!“ An dat ass eigentlech mat dat eenzegt dat een dem Michel Barnier, dee vu Bréissel den Optrag erhalen hat, de Brexit mat London ze verhandelen, zum Virworf maache kann. Hie war gëschter zu Besuch beim Premierminister Xavier Bettel, an huet bis op eis jiddereen iwwerzeegt. Datt et net zum Accord komme kann, dozou sollt e sech bekennen.

Elo, eppes kléngs iwwer sechs Woche virum Scheedungstermin, hätt ee sech erwaart, datt déi zu Bréissel endlech Faarf bekennen, an mat der Wourecht ëm de Brexit erausréckelen. A wann et erlaabt ass ze bemierken, de Michel Barnier deen als zukünftegen EU-Kommissiounspresident gehandelt gëtt, kann esou léif an d‘Kamera laache wéi hie wëll, den Ament ass hien net éierlech.

An esou ass e Méindeg méi „philosophéiert“ gi wéi datt ee vun engem eescht gemengte Gespréich ausgoe sollt. De Xavier Bettel – deen dëst Thema schonn e Freideg am Regierungsrot virleien hat – an de Michel Barnier – deen no der Entrevue zu Lëtzebuerg e Rendez-vous mam britesche Brexit-Minister hat – hu gemeinsam gemengt: „Wann näischt geschitt dann…“ jo dann ass et gelaf, finito.

Et kann dach esou schwéier net sinn, sech den Tatsaachen entgéint ze stellen. Wat Barnier a Bettel, wéi iwwerhaapt all déi Acteuren an dësem Trauerspill opféieren ass, hisichtlech den EU-Wahlen am Mee, domm an onnëtz. Den Accord aus dem November, dee vum britesche Parlament net ugeholl gëtt, soll eis nach ëmmer als déi beschte Léisung verkaf ginn. Abee hei gi mir fir domm verkaf…

Här Premier, eng Reklamm fir d‘EU ass dat net

Fir de Punkt ze verdäitlechen: gëschter Méindeg ass beim „Gedankenaustausch“ tëscht dem Michel Barnier an dem Xavier Bettel näischt wierklech Neies op den Dësch geluecht ginn, soss hätt sech eis Regierung e Freideg de Sujet kënne spueren. De Grond fir de Besuch muss een aus enger aner Perspektiv ugoen. Hei ass hannert den Dieren ëm d‘EU-Wahle vum Mee gaangen, net ëm de Brexit.

De Show-Act fir d‘Medie war allerdéngs gutt orchestréiert. Esou gutt, datt deene mannsten opgefall ass, datt näischt, awer absolut näischt wat e Journalist längst wësse sollt, an der Pressekonferenz zum Ausdrock komm ass. Gutt de Michel Barnier huet bestätegt datt hie bereet wier den Inhalt vun der „Deklaratioun“ déi den Accord begleet, nach emol ze iwwerschaffen, mee och dat war bekannt.

An eigentlech gëtt mat dëser Ausso de Bierger op e neits géint de Kapp gestouss. Wann déi éischt, also déi ursprénglech Deklaratioun net gutt, den Accord selwer awer dee bescht méiglechen ass, zu London allerdéngs iwwert den Accord an net d‘Deklaratioun ofgestëmmt ginn ass, dann hu gëschter zwee héichrangeg Diplomaten eis fir domm verkaf. De Bierger soll et och vläicht net verstoen…

Erstaunt huet eis de Michel Barnier géint der Enn vun dëser „prä-Europawahl-Show“ mat der Ausso datt „d‘Zäit extrem knapp ass“. Wourop de Xavier Bettel entgéint: „Et ass nach näischt verluer“, an op d‘Brexiters ageet, déi solle versprach hunn, datt den Austrëtt aus der Unioun eng Formalitéit ass, an elo nëmmen „nee“ géife jäizen. Jo datt kann ee scho veriergeren, léist sech awer net änneren.

Bierger hunn e Recht op d‘Wourecht

Wéi gesot, de Besuch vum Michel Barnier zu Lëtzebuerg ass an de Kontext vu senger Missioun gestallt ginn. Eng Missioun un där hie ouni eege Schold gescheitert ass, mee déi eng Roll spille wäert, wann et drëms geet den Nofolger vum Jean-Claude Juncker ze bestëmmen. Et hätt een et gären, wann een e „Gewënner“ als EU-Kommissiounspresident presentéieren dierft.

Leider huet es ronn d‘Hallschent vun den EU-Bierger esou eppes vu Sat datt: si bei egal wat grad verhandelt gëtt, engersäits schlecht bis guer Informéiert ginn, an anersäits, déi politesch Aussoen zu dëse Verhandlungen, net mat deem iwwertenaner stëmmen, wat um Enn tatsächlech als verhandelt virgeluecht gëtt. Wann d‘Wourecht politesch net als Erfolleg presentéiert ka ginn, gëtt ebe gelunn.

Fakt ass, datt net vun erfollegräiche Verhandlungsronne ka rieds sinn. Den Accord, deen eis als déi eenzeg a beschte Léisung presentéiert gëtt, refuséieren déi britesch Parlamentarier. D‘Verhandlung ass domatter gescheitert, a kann net gutt gefouert gi sinn. Dat ass wéi bei der Führerschäinsprüfung: du kann esou gutt gefuer si wéi‘s de wëlls, wann den Examinator säi krop net mécht, war et dat.

Et geet beim Brexit och net ëm Gerechtegkeet. Hei hunn e puer Fatzbeidelen dat eegent Vollek voll bei d‘Lisette gelooss, och wann eigentlech d‘Jugend – déi net um Referendum deelgeholl huet – hei d‘Schold ze droen huet. Entrevue wéi déi vu gëschter, maache keng Loscht op Europa, jo nach net emol méi Loscht op Nationalpolitik. Et kann ee sech deem net erwieren, datt et Absicht kéint sinn…

Ähnlech Sujeten Brexit, Europawahlen 2019, Michel Barnier, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel