Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

InvestEU: Hin zu méi Investissementer fir d’Zukunft fir Europa
International Neiegkeeten

InvestEU: Hin zu méi Investissementer fir d’Zukunft fir Europa

D’Europaparlament huet um vergaangenen Donneschdeg een interinstitutionellen Accord mam Rot

Festnam vum Tilly Metz an der Belsch
International Neiegkeeten

Festnam vum Tilly Metz an der Belsch

No enger Protestaktioun um belsche Militärstëtzpunkt „Kleine Brogel“ ass d’Europadeputéiert

Tramschantier op der Gare: Buslinne ginn deplacéiert
International Neiegkeeten

Tramschantier op der Gare: Buslinne ginn deplacéiert

Wéinst der nächster Phas vum Ausbau vum Tramsreseau gi vum 5.

Brexit: Eng onendlech Geschicht

Briteschen EU-Austrëtt an den Hiecht verluecht

Brexit: Eng onendlech Geschicht

Wien sech erhofft hat, et kéim beim aussergewéinlechen EU-Sommet zum Brexit zu enger fir all Mënsch verständlecher Entscheedung, dee wäert wuel enttäuscht sinn. Et ass gëschter zu Bréissel d‘Verlängerung gestëmmt ginn, an déi leeft bis Enn Oktober…

D‘Gefor datt et an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg zum haarde Brexit kënnt, déi ass elo vum Dësch. Déi 27 Staats- a Regierungscheffe vun der EU, konnten sech no Mëtternuecht op eng weider Verlängerung vum Austrëttstermäin vu Groussbritannien aus de Europäescher Unioun verstännegen. De Rotspresident Donald Tusk huet d‘Entscheedung via Twitter matgedeelt.

Brexit

Et ass dann och scho fir d‘zweet datt Theresa May, esou eng „Verlängerung“ zougestane kritt, woubäi déi nei, esou zumindest d‘Erklärung vum Donald Tusk, „flexibel“ wier, wourënner ze verstoen ass, datt d‘Briten och scho virum 31. Oktober hiren Austrëtt duerchzéie kënnen. Also nëmmen de Fall gesat, am britesche Parlament géifen se awer nach dem Accord zoustëmmen.

Wat ass elo Saach?

Mat der Decisioun déi dann elo zu Bréissel geholl ginn ass, huet sech d‘Bild, respektiv d‘Situatioun net grondleeënd verännert. De Ball läit (op en neits) am britesche Lager, wat heescht datt et nees zur Ofstëmmung iwwert den Accord – mëttlerweil dräimol verworf – komme wäert. De Rotspresident huet de Briten nach geroden hir „Strategie“ ze iwwerdenken an d‘Zäit net méi ze verschwenden.

Den Datum vum 31. Oktober ass dann awer och deen eenzege Kompromëss ob deen sech déi verbleiwend EU-Memberen eenege konnten. Während déi britesch Premierministesch e Report vum Austrëtt op den 30. Juni gefrot huet, gouf et zu Bréissel Kandidaten, déi eng Verlängerung bis Enn 2020 an Aussiicht gestallt hunn. Et ass deemno Bréissel net vergënnt eng kloer Positioun ze huelen.

Politesch Schachzich

Et huet awer eng Fraktioun ginn, déi sech géint esou „eng laang Verschibung“ ausgeschwat huet. Guer net zefridden hei: Frankräich. De franséische President gesäit an der Verlängerung d‘Gefor an de Risk datt Groussbritannien, esoulaang wéi et EU-Member ass an esou d‘Recht huet sech un de politeschen Entscheedungen ze bedeelegen, et déi eng ganz Institutioun blockéiere kann.

Brexit

Dem Emmanuel Macron feelen einfach „Garantien“ un deenen ze erkenne Wier, datt et net dozou kënnt. Esou kënne britesch EU-Parlamentarier bei der Wal vum EU-Kommissiounspresident fir „nei Verhältnisser suergen“ an och den EU-Budget geféierlech beaflossen. Woubäi elo scho feststeet, datt, egal ob se Wahle veranstalten oder net, d‘Briten de Wahlkaddo fir d‘Populiste ka sinn.

De Fiels an der Brandung

Wat kann d‘Theresa May mat der Verlängerung ufänken? Dorops gëtt et einfach keng Äntwert, mee et dierf ee schonn eppes Bewonnerung fir d‘Premierministesch opwannen. Mat allem wat der gudder Fra zougedroen an zougemutt ginn ass, der Mëssbëllegung aus den eegene Reien an enger Oppositioun (Labour) déi längst net nëmme méi hire Kapp wëll… si ass nach ëmmer do!

Brexit

Eis belsch Nopere sinn allerdéngs guer net zefridden, an hunn och eréischt am leschten Ament hir Zoustëmmung ginn. De Premierminister Charles Michel, huet agewennt, datt d‘EU och nach aneres ze dinn hätt, wéi sech stänneg mam Brexit ze ploen. „Ech wëll net zur Geisel vun de politesche Problemer am britesche Parlament ginn“, an dat ass net einfach emol esou ee Sproch…

Brexit

Fir eise Premierminister ass et net virstellbar, datt d‘Briten op de leschte Meter kéinte versichen d‘EU ze sabotéieren, och wann et do leit gëtt déi däitlech gedreet hunn. De Xavier Bettel bezitt sech op seng Erfarungen, déi hie bis ewell mat de Brite gemaach hunn. „Et war eng konstruktiv Zesummenaarbecht an ech hoffen datt et och esou bleift. Och wann ech keng 100% Garantie hunn“.

mat indymedia/bru

Bild: Pete Linforth/Pixabay

Ähnlech Sujeten Brexit, Donald Tusk, EU-Sommet, Theresa May, Verlängerung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel