Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei fir d’Rentrée 19/20: De BTS „Assistant médico-administratif“
dating sites for adults with aspergers Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-as-a-single-mom-tips/

De Maacher Lycée wäert bei der kommender Rentrée 2019-2020 mam

https://moien.lu/deepavali-dating/
dating sites for adults with aspergers Neiegkeeten

D’Europäesch Unioun erkläert – vum CGP Grey

WEIDER ARTIKEL ZUM THEMAWéi fonctionnéiert en Handelskrich?Laurel oder Yanny? Esouguer

Breaking News: Blesséierter no Schéisserei zu Utrecht
dating sites for adults with aspergers Neiegkeeten

Breaking News: Blesséierter no Schéisserei zu Utrecht

An der hollännescher Stad Utrecht soll ee Mann an engem

Brexit: Britesch Deputéiert gënnen der Premierministesch eng Paus

Et kéint duerchaus derzou kommen datt den Austrëtt zäitlech verluecht gëtt

Brexit: Britesch Deputéiert gënnen der Premierministesch eng Paus

No laanger Zäit gëtt et fir déi britesch Premierministesch, Theresa May, och emol nees esou eppes wéi en Erfolleg. Am „House of Commons“ sinn hir Brexit-Pläng ugeholl ginn, och wann de Wee dohinner keen einfache war. Am Parlament hat d‘Theresa May déi Deputéiert nach emol opgeruff de Wëlle vum britesche Vollek ze respektéieren, an den Austrëtt aus der EU ze erméiglechen.

Et soll awer e geuerdenten Austrëtt sinn, firwat den Accord dee mat Bréissel ausgehandelt ginn ass, sollt ugeholl ginn. Et wier déi eenzeg sënnvoll Entscheedung… Mee et war grad dëst Ofkommes – dat am Januar eng däitlech Ofso erhalen hat – iwwert dat net gëschter ofgestëmmt ginn ass. Dësen Accord soll an zwou Wochen nees virgeluecht ginn, méiglecherweis mat ee puer Amendementer.

Sollten déi Deputéiert dem Accord op e neits hir Zoustëmmung verweigeren, da wëll d‘Theresa May doriwwer ofstëmme loossen, ob Groussbritannien déi europäesch Unioun ouni Ofkommes verloosse soll. Géif och dat vum Parlament refuséiert, da wëll d‘Premierministesch versichen de Brexit op Enn Juni ze verleeën. An dat ass et wat am House of Commons gebëllegt ginn ass.

De Labour-Chef spiert d‘Fréijoer

Nodeems de Jeremy Corbyn, Chef vun der Aarbechterpartei, mat der Fuerderung no engem zweete Referendum, net wierklech d‘Euphorie vun den Deputéierten erwäche konnt, huet hie proposéiert de Brexit-Plang vu senger Partei unzehuelen. Laut dem Plang vu „Labour“ géif Groussbritannien dann an der europäescher Zollunioun, wéi och gréisstendeels am EU-Bannemaart verbleiwen.

D‘Objektiv dat de Jeremy Corbyn verfollegt, ass de gréisst méigleche Schued vun der britescher Wirtschaft ofzewennen. An der Industrie huet een de „grénge Beräich“ längst verlooss, an hei ass et besonnesch an der Automobilindustrie wou et ufänkt no verbranntem ze richen. D‘Japaner vun Honda a Nissan hunn ewell annoncéiert Plazen ofzebauen, a sech mat Investitiounen zréckzehalen.

Mee politesch huet Labour keng Majoritéit, an d‘Proposen, och da wann se gutt gemengt sinn, hunn den Ament kaum Aussiichten op Erfolleg. Esou ergeet et och de schotteschen Nationalisten, déi scho gëschter Owend wollte sécherstellen, datt e Brexit „ouni Accord“ ausgeschloss ass. Dofir ass awer de Fuerderung, d‘Rechter vun de Briten an EU-Bierger ze sécheren eestëmmeg ugeholl ginn.

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Brexit, House of Commons, Jeremy Corbyn, No Deal, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel