Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et brennt… um Fakelzuch an der Stad!
International Neiegkeeten

Et brennt… um Fakelzuch an der Stad!

Et war nees eng aussergewéinlech Atmosphär an eiser Stad. Vill

surprise
Editorial: D’Opmaache vum Mariage ass nëmmen eng Etapp vu villen
International Neiegkeeten

Editorial: D’Opmaache vum Mariage ass nëmmen eng Etapp vu villen

Mat der Ehe für Alle huet d’LGBT-Community e wichtege Succés

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“
International Neiegkeeten

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“

E Sonndeg huet den Donald behaapt, datt et Russland gelongen

Brexit: Et gëtt eng Zäit fir alles, also och fir sech Äddi ze soen…

Britesch Premierministesch leet haut am House of Commons de „Plang B“ vir

Brexit: Et gëtt eng Zäit fir alles, also och fir sech Äddi ze soen…

Et weess ee wierklech net méi wou een ufänke soll, op ee laachen oder kräische muss. De „Brexit“ huet esouvill Politiker verschlass, fir en Dissens vun onbekanntem Ausmooss gesuergt an kéint fir vill Mënschen zur Katastroph ginn. Alles hänkt dovunner of, op Brexit mat oder ouni Accord.

A fir eng Scheedung mat Wäitsiicht, also engem Ofkommes, datt déi Zäit „duerno“ wirtschaftlech a politesch regelt, stinn d‘Chance ganz schlecht. Déi lescht Woch huet d‘Theresa May eng Néierlag missen astiechen, déi wéineg Hoffnung mécht, datt ee sech an de Couloire vum Parlament nach sollt op eng gemeinsam Linn eenege kënnen. Haut soll d‘Premierministesch de Plang B virleeën.

Vill „Experten“ mengen, datt alles wat d‘Theresa May haut de Parlamentarier virleeë kann, den eigentlechen „Plang A“ ass, mam butzegen Ënnerscheed, datt de Volet „Iresch Grenz“ nach emol mat der EU géif noverhandelt ginn. Dat dierft, och wa Bréissel en natierlecht Interessi un engem proppere Schnatt huet, bei der EU-Kommissioun an de Memberlänner, wéineg Zousproch fannen.

Mee e puer Membere vum May-Kabinett hätten einfach gären d‘Garantie, datt et och nom Brexit net zu Grenzkontrollen op der irescher Insel kënnt. Déi hunn no déck zwee Joer schwiereger Verhandlungen elo de Wonsch, den „Iresche Patient“ aus dem Ofkommes erauszehuelen, a separat ze verhandelen. Wier et, ugesiichts engem Austrëtt zum 29. Mäerz net esou batter eescht…

En alternative Mechanissem

De Gedanken hannert dem Virschlag, Irland aus dem Scheedungsaccord erauszehuelen, mécht awer Sënn. Geléngt et dem Theresa May, dat aus dem Accord sträichen ze loossen, wier méiglecherweis de Widderstand vun der DUP, dëser nordirescher ultrakonservativer Partei déi den Torries am House of Commons d‘Majoritéit assuréiert, gebrach, an den eigentlechen Accord kéint ugeholl ginn.

Et ass awer nëmmen e Gedanken, wëll et setzt viraus, datt den Amendement och vun der EU-Kommissioun an de Memberlänner ugeholl gëtt. Dofir bréicht esou eppes wéi en EU-Sommet, firwat een et eigentlech ausschléisse kann, schonn zäitlech gesäit keen eng Chance dat ganzt vernënfteg organiséieren ze kënnen. Wéi et dann och nach zu Eestëmmegkeet komme soll..?

Mee de Wirtschaftsminister Liam Fox, huet sech verbass a fuerdert ganz am Eescht, sech engem alternative Mechanissem zouzewennen, mat deem Spannungen ausgeschloss kënne ginn, wann d‘Grenz op der irescher Insel tëscht der Republik an der britescher Provënz, zur EU-Baussegrenz gëtt. D‘Regierung zu Dublin huet schonn drop higewisen, datt et mat hinnen net ze maachen ass.

En Terrier ass kee Pitbull

Interessant um Liam Fox, déi britesch Onbekëmmertheet, déi scho bal eppes vu jugendlechem Liichtsënn huet. Dëse Politiker ass tatsächlech „iwwerzeegt“ datt d‘EU-Memberlänner – an zwar alleguerten ouni Ausnam – esou eng Angscht virum „haarde Brexit“ hunn, datt si den Amendement missten unhuelen. Et géif vill Indikatoren, déi esou een Zeenario duerchaus realistesch maachen.

„Déi däitsch Wirtschaft knat um Rand vun enger Rezessioun, an déi franséisch Ekonomie stécht a reelle Schwieregkeeten. Nëmmen der britescher Wirtschaft geet et gutt. De Wuesstem ass hei dräi mol esou héich wéi an der Euro-Zon, de Chômage dogéint nëmmen hallef esou héich. Et gëtt also vill gutt Grënn fir déi europäesch Unioun, op ons duerzekommen“, esou de Liam Fox.

Europa muss awer net dem Liam Fox net entgéint kommen, well d‘Parlamentarier – déi vun der Oppositioun an d‘Rebelle vun der konservativer Regierungsfraktioun – wëlle selwer entscheeden, also quasi den Dossier an déi eegen Hänn huelen. Et dierft derzou kommen, datt d‘Parlamentarier hie eegen Amendementer virleeën, an der Regierung eng nei Ausriichtung esou opzwénge kéinten.

Et bleift en „aller simple“

Déi britesch Parlamentarier hunn ënnert anerem wëlles, per Gesetz en haarde Brexit auszeschléissen an den Austrëttsdatum ze verréckelen. A well dat ganzt d‘Definitioun vu „Chaos“ an ee ganz neit d‘Liicht setzt, sollt ee vläicht en neie Referendum organiséieren. Et ass hinnen zouzetrauen, datt si de Referendum esoulaang widderhuelen, bis déi gewënschten Entscheedung dobäi erauskënnt.

Fir de Liam Fox, ass dat alles e risege Komplott vu parlamentaresche Landesverréider déi nëmmen drop aus wieren, Groussbritannien an der EU ze halen. Et wieren déi, wou de Bierger hiert legitimt Resultat vum Referendum wéilte klauen. Datt d‘Land an enger nationaler Kris stécht, dat schéngt dem Wirtschaftsminister entgaangen ze sinn, woubäi hie ganz eegen Interesse verfollegt.

An hei muss een den Nol dann och nach emol eppes méi déif aschloen. Den Accord, esou wéi dësen déi britesch Premierministesch vu Bréissel matkritt huet, ass net méi verhandelbar, an den Austrëtt ass eng beschlosse Saach. Do kënnen d‘Insulaner nach esouvill „Referendum“ opféieren, deen Drops ass gelutscht. Zudeem wier et fir d‘EU, elo nozeginn, am Kontext vun EU-Wahlen e Feeler.

Ähnlech Sujeten Accord, Brexit, EU, EU-Kommissioun, haarde Brexit, Liam Fox, Plang B, Referendum, Scheedung, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel