Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Weltgesondheetsdag aus der Siicht vun Doktere vun der Welt
International Neiegkeeten

De Weltgesondheetsdag aus der Siicht vun Doktere vun der Welt

Um Samschdeg haten de Gesondheets- an de Kooperatiounsminister op de

Frankräich: schwiereg Zäite fir den Inneminister
International Neiegkeeten

Frankräich: schwiereg Zäite fir den Inneminister

Hien huet d‘Kris vun de giele Gileten nach net iwwerstanen,

dislikesurprise
Frankräich: M6 keeft RTL
International Neiegkeeten

Frankräich: M6 keeft RTL

D’Integratioun vun de franséische Radiosender vun RTL-Grupp an de Grupp

Brexit: Soll een d‘Briten un den EU-Wahlen deelhuele loossen?

D‘Fraktioun vun der progressiver Allianz vun de Sozialdemokrate mengt „Jo“

Brexit: Soll een d‘Briten un den EU-Wahlen deelhuele loossen?

De Brexit huet vill Gesiichter an et sollt ee sech esou lues mam Gedanken offannen, datt et och bis zum 12. Abrëll net wäert gedoe sinn. Den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU, esouwäit deen nach gewollt ass, géif sech bis no den EU-Wahlen am mee hinzéien.

An dësem Kontext gëtt et elo eng interessant Stellungnam vun der „Fraktioun vun der progressiver Allianz vun de Sozialdemokraten“ (S&D). Esou huet den S&D-Fraktiounschef Udo Bullmann e Sonndeg géintiwwer de Kollege vun der DPA gemengt: „Wa Groussbritannien keen Auswee iwwert säi blockéiert Parlament fënnt, muss een d‘Vollek zu Wuert komme loossen“.

Den Udo Bullmann preziséiert: „De Briten hiert onveräusserlecht Recht ass et awer och, un den EU-Wahle fir dat europäescht Parlament deel ze huelen. Esou laang wéi Groussbritannien Member vun der EU ass, gëtt no Recht a Gesetz dozou keng Alternativ“. En däitlech Erklärung zu de Fakte wéi sech aktuell presentéieren, och wann de politesche Géigner dat anescht gesäit.

Europäesch Vollekspartei net d‘Accord

Bei de Konservative vun der europäescher Vollekspartei (EPP) gesäit een dat ganz anescht. Fir de Fraktiounschef a Spëtzekandidat vun der EPP, Manfred Weber, kann et guer net sinn, datt d‘Briten, déi sech an engem Referendum fir den Austrëtt aus der Unioun ausgeschwat hunn, elo awer nach un den EU-Wahle sollte bedeelegt ginn. Dat mécht jo eigentlech och Sënn…

Fir de Manfred Weber ass d‘Onentschlossenheet vum britesche Parlament kee Grond sech engem Volleksbegier entgéint ze stellen. Fir hien ass de Brexit eng beschlosse Saach, a London muss sech elo de Konsequenze stellen. „Wann e Land d‘Unioun verloosse wëll, dann däerf et keen Afloss méi op d‘Gestaltung vun der EU huelen. Bis zu de Wahle muss Kloerheet gi sinn“.

Aus juristescher Siicht ass et den Ament esou, datt sech déi britesch Regierung bis zum 12. Abrëll muss entscheeden ob, oder ob keng EU-Wahlen organiséiert ginn. Dat ass iwwregens och de Grond, firwat sech sengerzäit op den Austrëttstermäin zum 29. Mäerz festgeluecht gouf. Elo muss déi „Verlängerung“ op engem extraordinäre Sommet (10. Abrëll) berode ginn.

mat indymedia/bru

Ähnlech Sujeten Brexit, EPP, Europawahlen 2019, Manfred Weber, S&D, Udo Bullmann
Nächsten Artikel Virrechten Artikel