Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom
Netflix probéiert zënter enger gudder Zäit schonn, sech als Filmproduzent
All Informatiounen dozou kann sech den Interesséierte Bierger live e
Déi wäermsten Deeg hu mir hannert eis. Zuelräich Bränn huet
E Méindeg huet d‘EU fir d‘Transitiounsperiod nom Brexit seng „rout Linne“ gezunn. Dës „Iwwergangsphas“ gëtt vu London gewënscht, a Bréissel ass ënner gewësse Konditioune bereet dësem Wonsch ze entspriechen.
Mee d‘Konditiounen déi vun de 27 verbliwwenen EU-Länner gestallt ginn, stoussen zu London net op Versteesdemech. Besonnesch bei den Unhänger vun engem klore „Schnatt“ mat der EU, gesäit een „d‘Propose vu Bréissel“ mat kriteschen Aen. Si fäerten, datt Groussbritannien zum „Déngschtmeedchen“ vun der EU kéint verkommen, wann d‘Scheedung 2019 vollzunn ass.
D‘Minister vun de „27“, déi um Méindeg zu Bréissel zesummekomm waren, hunn dann och just ee puer Minutte gebrauch, fir d‘Direktiven unzehuelen, déi den EU-Verhandlungsbeoptraagte Michel Barnier mat an d‘Gespréicher muss huelen. Si stellen d‘Grondlag duer, mat där d‘Modalitéite vun der Transitioun mam britesche Brexit-Minister David Davis festgeluecht ginn.
„All Acquis vun der EU gëtt weiderhin ugewannt“ ënnert der Geriichtsbarkeet vum europäesche Geriichtshaff, fir den Zäitraum deen „op 21 Méint, also bis den 31. Dezember 2020“ festgeluecht ass. Esou de Michel Barnier géintiwwer der Press, nodeems him säin neit Mandat iwwerdroe ginn ass.
„Während dësem Zäitraum sinn d‘Entscheedunge vun der EU unzewennen. Groussbritannien muss dës Spillregel kennen an se vun Ufank un akzeptéieren. (…) De Bannemaart kann et net als Menü ginn“, esou de Michel Barnier, deen drun erënnert huet, datt d‘Briten nom Brexit, provisoresch den Zougang zum EU-Bannemaart an der Zollunioun wollte kréien.
Déi „27“ verlaangen an hiren Direktiven, datt London och weiderhin all d‘Entscheedunge vun der EU unhëlt, déi Al an déi Nei, ouni dofir awer un dësen „Entscheedunge“ matzewierken, oder u Reuniounen deel ze huelen. Woubäi een zu Bréissel de Briten d‘Dieren net virun der Nues wëll zouschloen.
Vertrieder vu Groussbritannien kéinten an Ausnamefäll u Reuniounen deel huelen, ouni awer ee Matsproocherecht ze hunn oder dierfen ofzestëmmen, esou de Virschlag vun de Ministeren. Hei gëtt dann och schonn op déi spezifesch Berodungen zu de Fëscherei-Quote gekuckt, wou et ersiichtlech ass, datt et ouni d‘Briten net wäert goen.
E Spriecher vum Theresa May huet déi „kloer Positioun“ begréisst, déi am Aklang mat där vun der Premierministesch ass. „Mee et gëtt natierlech eng Verhandlung, an et wäert och en Ofstand tëscht dem endgültegen Accord an den initiale Positioune ginn“, ënnersträicht de Spriecher a füügt bäi: „Mir mussen e Wee fannen, mat deem d‘Problemer och geléist kënne ginn, wann et Gesetzer gëtt, déi géint eis Interesse ginn“.
Virum Parlament huet de Brexit-Minister David Davis schonn emol drop higewisen, datt et een „Debat wäert ginn, dee sech mat der Fro beschäftegt, op mir géint nei Gesetzer Oppositioun kënnen aleeën“.
London hat jo och widderholl eng Transitiounsperiod vun zwee Joer gefuerdert. Mee dat ass eng Fuerderung op déi d‘Minister vun de „27“ net bereet sinn anzegoen. Zu Bréissel wëll ee Kloerheet hunn, an dofir gëtt sech op d‘Enn vum pluriannuelle Budget vun der EU, dee bis 2020 leeft, bezunn. Bréissel a London sinn sech jo dann och iwwert de Prinzip eens, un de Bäiträg vu Groussbritannien bis dësem Stéchdatum net ze fréckelen.
Zil vun der Transitiounsperiod ass et, eng „brutal Ännerung vun de Reegelen“ fir d‘Bierger an d‘Entreprisen, direkt nom Brexit anzeféieren. Dësen Zäitraum soll zudeem d‘Méiglechkeet bidden, e Fräihandelsaccord auszeschaffen, deen d‘Relatiounen tëscht der EU a Groussbritannien festleet.
D‘Verhandlungen zu dëser spéiderer Geschäftsverbindung sollten idealerweis am Abrëll ufänken. Allerdéngs kritt d‘Premierministesch Theresa May elo schonn de Virworf gemaach, sech ze vill Zäit ze loossen, fir prezis Wënsch op den Dësch ze leeën.
Beim Sommet am Dezember, haten sech déi „27“ bereet erkläert d‘Verhandlungen zur Transitiounsperiod unzegoen, nodeems e provisoreschen Accord iwwert den Austrëtt mat London ofgeschloss konnt ginn. D‘Minister waren sech eens, datt „d‘Fortschrëtter“ an den Dossieren déi d‘Prioritéit haten, zefriddestellend waren.
Elo ass dëse politeschen Accord nach net an engem Text, deen e juristesche Wäert huet, festgehale ginn, erënnert de Michel Barnier. „Ouni Accord iwwert den Ensembel vun de Austrëttsbestëmmungen, kann et keng Transitiounsperiod ginn“, warnt de Michel Barnier.
mam Cédric Simon/AFP