Search

You may also like

Réckbléck: Mäertesdag um Härebierg
International Neiegkeeten

Réckbléck: Mäertesdag um Härebierg

Den 8. November hunn d‘Zaldoten an Zaldotinnen um Härebierg zu

Israel: Rakéiten aus Gaza féieren zur Reaktioun vun der Loftwaff
International Neiegkeeten

Israel: Rakéiten aus Gaza féieren zur Reaktioun vun der Loftwaff

Ugrëff aus Gaza, datt kennt een an den Ofwiersystem vun

Haut de Mëtteg 16 Auer: IMPRO KANNER SHOW
International Neiegkeeten

Haut de Mëtteg 16 Auer: IMPRO KANNER SHOW

Dir hutt bei dësem flotte Wieder nach keng Ahnung wat

Si sinn um beschte Wee sech selwer erauszegeheien

A Groussbirtannien schéngt een sech drop ze konzentréieren de Brexit zum Fiasko ze maachen

Si sinn um beschte Wee sech selwer erauszegeheien

Wärend déi brittesch Regierung mat engem ëmstriddene Gesetzesentworf dem scho bestoende Brexit-Ofkommes nach e puer Ännerungen octroyéiere wëll, besteet d‘EU-Kommissioun op d‘Anhale vun de Vereenbarungen.

Datt et bei Verhandlungen üblech ass sech „méi rau“ ze ënnerhalen, datt taktéiert gëtt a wuel och eng Rei onméiglech Fuerderunge gestallt ginn… dat alles gehéiert zum Spill. Mee et ass ongewinnt, datt eng Regierung bereet schéngt géint international Verträg ze verstoussen. Dat awer ass genee dat, wat déi brittesch Regierung sech schéngt am Kontext vum Brexit virgeholl ze hunn.

Esou heescht et aus London, datt een d‘Ofkommes, mat deem d‘Scheedung soll gereegelt ginn, elo eesäiteg wëll „nobesseren“. Et géif de Besoin am Kader vum Nordirland-Protokoll ee puer technesch Modifikatioune virzehuelen, fir d‘Integritéit vum brittesche Bannemaart net ze verletzen. Dat ass net nëmmen ee Novum, et huet zur Folleg datt Bréissel erstaunt an zolidd irritéiert ass.

Dee mat de Britte verhandelten Accord deen de Brexit reegelt ass knapp ee Joer al an streng geholl sollt een dovunner dierfen ausgoen, datt och ee Premierminister wéi de Boris „King of the World“ Johnson mat senge Conseilléieren en international verbindleche Vertrag op Punkt a Komma gepréift hunn, iert et zur Ënnerschrëft komm ass. Dat war allerdéngs virun der Covid19-Pandemie.

Et kann een net einfach zum Tipp-Ex gräifen

Mee Covid19 hin a Wirtschaftskris hir, wann nodeems en Accord ënnerschriwwe gouf Problemer opkommen, kann een esou ee Vertrag net fräihänneg an eesäiteg änneren. En internationale Vertrag dee vun alle concernéierte Parteie gezeechent gouf, einfach mir näischt dir näischt ze amendéieren, ass riskant. Wéi soll een engem „Partner“ trauen, wann dëse Vereenbarunge jee no Laun ännert.

Zu London falen derzäit Begrëffer wéi „Inkompetenz“, „Verschwierung“ a „Provokatioun“. Wann ee sech dem Gepiddels vun de Leschten Deeg eppes méi zouwennt, huet een Tendenz de leschte Begrëff als Fakt opzeschreiwen. Woubäi dat jo nees ee vum Boris Johnson senge Markenzeechen ass. De Klatzkapp huet ee Geck u gehéierege Provokatiounen an verfuerene Situatioune gefriess.

BrexitAn d‘Situatioun ass, dat ass Fakt an net vun der Hand ze weisen, zimmlech „verfuer“. Zanter Woche geet et mat de Verhandlungen net weider. E weidere Punkt, deen hei eng gewiichteg Roll spillt: och innepolitesch leeft et den Ament net wéi erhofft. Dozou kënnt nach d‘Ongewëssheet, bezunn op déi wirtschaftlech Zukunft, déi jo elo bedéngt duerch Pandemie, net roseg ausgesäit.

Et geet jo awer och ëm déi eege Muecht

Datt de brittesche Premier géintiwwer senge Wieler wëll Stäerkt an Duerchsetzungsverméigen demonstréieren ass dat eent, ob et him geléngt Bréissel anzeschüchteren, dat anert. Gutt, bis heihinner dierf nach vun enger „Provokatioun“ geschwat ginn, an et ass elo dem brittesche Parlament iwwerlooss ze entscheeden, ob et judiciéis ass dëst „Bannemaart-Gesetz“ unzehuelen.

BrexitMat Zoustëmmung säitens Labour an der schottescher Nationalpartei rechent de Boris Johnson sécher net, mee et schéngt och an den eegene Reie Parlamentarier ze ginn, déi dat net wierklech ënnerstëtze wëllen. Mee de Regierungschef verfüügt iwwert eng bequem Majoritéit, an déi huet scho méi oft bewisen, datt si bereet sech op droleg Aventure mam Premierminister anzeloossen.

Interessant dann och, datt de Nordirland-Minister Brandon Lewis am Parlament ee riskante Spagat gewot huet. Hien huet am Parlament betount, datt d‘Regierung zu hiren internationale Verflichtunge steet a gläichzäiteg agestanen datt d‘Ännerunge géint internationaalt Recht verstoussen, mee awer nëmmen an enger „spezifescher a begrenzter“ Aart a Weis. Prezedenzfäll dozou gëtt et keng…

Warnungen eescht huelen ass ëmmer gutt

Den iresche Ministerpresident Michael Martin huet London gewarnt: ee Broch mam bestoenden Accord an déi ganz Verhandlunge ware fir d‘Kaz. De Keir Starmer, Labour-Chef, huet de Plang verurteelt a beschëllegt d‘Regierung geheelte Wonnen nees opzeräissen. Si wier besser beroden sech hannert en Handelsofkommes mat der Unioun ze stellen, wéi dat esou eppes ze verhënneren.

BrexitFir de Michel Barnier, Chef-Ënnerhändler vun der EU steet ausser Fro, datt sech d‘Britten un hir Zousoen ze halen hunn. „Alles wat ënnerschriwwe gouf, muss respektéiert ginn“, esou de Barnier, deem dat ganzt gehéiereg dierft op de Geescht goen. Däitschland, dat den ament d‘Presidence vun der Unioun huet, huet der EU-Kommissioun dann och vollst Réckendeckung zougesot.

D‘Iwwergangsphas vum Austrëtt leeft nach bis Enn Dezember. E an der sanitärer Kris ugebuede Verlängerung hat de Boris Johnson ausgeschloen. Domadder gëtt et elo kee Wee zeréck an alles déit drop hin, datt et ënnert den aktuellen Aussiichten, zu engem (ganz) haarde Brexit komme kann. Da gëtt d‘Insel zu engem „Drëttland“ an och d‘Kooperatioun op aneren Niveaue gëtt méi schwéier.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © J.Edward

Related topics Bannemaart Gesetz, Boris Johnson, Brexit, EU-Kommissioun, Michel Barnier
Next post Previous post