Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Digitalsteier: US-President dreet de Fransouse mat „Géigemoossnamen“
Money Neiegkeeten

Digitalsteier: US-President dreet de Fransouse mat „Géigemoossnamen“

Nodeems viru 14 Deeg den amerikaneschen Handelsbeoptragte Robert Lighthizer annoncéiert

Dieselgate: Schwiereg Kooperatioun tëscht Däitschland a Frankräich
Money Neiegkeeten

Dieselgate: Schwiereg Kooperatioun tëscht Däitschland a Frankräich

Fir déi franséisch Riichter, déi den Optrag hunn iwwert d‘Gefuddels

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?
Money Neiegkeeten

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?

Ab dem 25. Mee trëtt de GDPR (General Data Protection

money

Brexit: Finanzplaz erhofft sech 3.000 Aarbechtsplazen

Brexit: Finanzplaz erhofft sech 3.000 Aarbechtsplazen

D‘Banken an aner Finanzinstituter a Groussbritannien wieren op de Brexit virbereet, léisst de Nicolas Mackel, verantwortlech fir d‘Finanzplaz Lëtzebuerg, duerchkléngen. Dat mat guddem Gronn – ëmmerhi gëtt sech hei erhofft bis zu 3.000 Aarbechtsplazen ze ergatteren!

Säit der Brexit-Ofstëmmung am Juni 2016, notéiert een e gewësse Konkurrenzkampf tëscht den europäeschen Haaptstied vun der Finanz. Kee bei deem et haart hir geet, mee op Frankfurt, Paräis, Amsterdam, Dublin oder Lëtzebuerg, alleguerte sinn se um ganze Kuch interesséiert.

Esou ergëtt et sech, datt se all de Finanzinstitutioune schéin Ae maachen. Also zumindest deenen déi nom Brexit e Sëtz an um europäesche Kontinent brauchen. E Brexit dee bis ewell nach ëmmer fir Mäerz 2019 virgesinn ass.

Datt wat déi Haiser am gaange sinn ze maachen, ass eng Entitéit opzestellen, déi et hinnen erlaabt ab dem éischten Dag nom Brexit operationell ze sinn

Nicolas Mackel. Generaldirekter vun „Luxembourg for Finance“

„Datt wat déi Haiser am gaange sinn ze maachen, ass eng Entitéit opzestellen, déi et hinnen erlaabt ab dem éischten Dag nom Brexit operationell ze sinn“, erkläert de Nicolas Mackel. Generaldirekter vun „Luxembourg for Finance“, déi Organisatioun déi sech ëm d‘Promotioun vun der Lëtzebuerger Finanzplaz këmmert.

Bis Enn vum Joer muss d‘Entscheedung getraff sinn

„All Mënsch versicht seng Entscheedung bis Enn vum Joer getraff ze hunn. Et geet hei ëm d‘Entscheedung eng reglementaresch Prozedur anzeleeden, déi op mannst zwielef Méint Zäit an Usproch hëlt“, esou de Nicolas Mackel am Gespréich mat der AFP zu London.

Den Austrëtt aus dem Bannemaart implizéiert de Verloscht vum europäesche Finanz-Pass

Den Austrëtt aus dem Bannemaart, esou wéi et vun der May Regierung gewollt ass, implizéiert de Verloscht vum europäesche Finanz-Pass. Dee brauch een awer fir seng Déngschtleeschtungen innerhalb der EU dierfen unzebidden.

„Well een absolut net weess, wéi de Brexit am Endeffekt ausgesäit, och déi zukünfteg Relatioun tëscht Groussbritannien an der EU bekannt, an och d‘Froen iwwert den Zougang zum Bannemaart nach net beäntwert sinn, ass och iwwert dem Ëmfang vun der Präsenz an Europa vun dëse Firmen näischt gewosst“, esou de Direkter vun „Luxembourg for Finance“.

Am Moment nach eng Virwëtztut

Aus deem Grond wier et elo och nach komplizéiert sech op Delokalisatioune festzeleeën. Déi kéinten dann awer scho massiv a rapid duerchgefouert ginn, woubäi een bedenke muss, datt d‘Verhandlungen eréischt ugefaangen hunn. Et erwaart een sech awer, datt se laang a komplex wäerte sinn.

„Wat mer an de leschte 15 Méint konnte feststellen, ass datt et bis ewell nach keng massiv Auswanderung vu London an iergendeng Richtung ginn hätt. Et ass och elo keng Bank geplënnert, mee et gëtt awer haart driwwer nogeduecht, verschidden Aktivitéiten ze relokaliséieren“, esou de Nicolas Mackel.

Fir de Promoteur vun der Lëtzebuerger Finanzplaz, muss sech all Stad op seng Virdeeler beruffen. Et muss och dem Fait Rechnung gedroe ginn, datt déi grouss Banke multipel Aktivitéiten hunn. An déi funktionéieren net all an der selwechter Logik.

Eng Bank ass kee Monolith

„Et ass de Feeler unzehuelen datt eng Bank e Monolith ass. An enger Bank ginn et verschidde Metier‘en an all Metier hëlt eng aner Entscheedung“, esou d‘Meenung vum Nicolas Mackel.

Lëtzebuerg wëll awer säin Undeel kréien an, ugesicht der politescher a wirtschaftlecher Stabilitéit. Mee och seng Villsproochegkeet an déi sëllechen international Schoule bidden, nieft engem adaptéierte juristesche Kader, eng kloer Opportunitéit.

Mat enger Finanzplaz déi gutt a gäre 60.000 Leit beschäftegt wier een eigentlech gutt opgestallt

Ugesprach op d‘Zuel vun den Aarbechtsplazen déi aus dem Brexit op Lëtzebuerg kéinten entfalen, esou geet den Nicolas Mackel vu realisteschen 3.000 aus. Lëtzebuerg kann da jo och nach op säi „Kënnen“ verweisen. Mat enger Finanzplaz déi gutt a gäre 60.000 Leit beschäftegt, dat gréisstendeels an der Gestioun vun den „Aktiva“, wier een eigentlech gutt opgestallt.

Se sinn schonn all do, iergendwéi

„All d‘Acteure vun der Gestioun sinn schonn zu Lëtzebuerg“, besonnesch an der Gestioun de Verméigen, erënnert den Direkter, wourauser sech kéint erginn, datt d‘Gerance vun dësen Aktiva sech an méi riskant Aktivitéite kéinten afléisse loossen. Déi sinn am Moment jo nach éischter zu London doheem. Gemengt sinn hei déi éischter spekulativ Fongen.

„Dat sinn Aktivitéiten déi sech ouni Problem enger schonn existenter Plattform uschléisse kënnen a keng grouss Annonce brauchen“, esou de Nicolas Mackel zouversiichtlech. Deen hält dann och nach fest, datt Lëtzebuerg och ewell aacht grouss Assureure, wourënner den Amerikaner AIG an de Brit RSA, konnt unzéien.

Vergiesse mer dann awer net, datt Lëtzebuerg duerchaus d‘Kapassitéit huet de Siège vun der europäescher Bankenautoritéit (EBA) opzehuelen. Nieft dem europäesche Geriichtshaff an der europäescher Investitiounsbank (BEI) wier et jo e weidere Virdeel. De Nicolas Mackel weist dann och drop hin, datt opgrond vun enger europäescher Decisioun aus dem Joer 1965, all Institutioun aus dem Finanzwiesen, säi Sëtz zu Lëtzebuerg muss hunn.

mam Jean-Baptiste Oubrier/AFP

Foto: Nicolas Mackel, Direkter vun „Luxembourg for Finance“ poséiert fir eng Foto zu London um 6. September. De Brexit huet d‘Finanzinstitutioune vu Groussbritannien an d‘Schosslinn bruecht, warnt de Promoteur vun der Finanzplaz. Hien erhofft sech bis zu 3.000 Aarbechtsplazen. (© Adrian Dennis/AFP)

Ähnlech Sujeten Aarbechtsplaz, Banken, Brexit, Finanzplaz, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel