Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

TDF: Italien am Gléck, de Froome a Giel
International Neiegkeeten

job dating caen

Mat der Arrivée vun der 5. Etapp huet sech d‘Hierarchie

https://moien.lu/dating-my-brothers-best-friend/
De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen
International Neiegkeeten

De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen

2017 war d‘Cargolux dat beschte Joer säit sengem Bestoen. 4%

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien
International Neiegkeeten

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien

Den italieneschen Ausseminister huet um Freidegowend e Projet vu Wien

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren

House of Commons huet Scheedungsaccord mat fetter Majoritéit zréckgewisen

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren

432 Deputéiert hunn am House of Commons, géint dee vum May-Team ausgehandelten Accord zum Brexit gestëmmt. 202 Ware mam Text averstanen. Elo kënnt et erwaardungsgeméiss zu engem Mësstrauensvott, vun deem net auszegoen ass, datt en zur Opléisung vun der Regierung féiert.

Et ass net déi éischt Néierlag, mee eng vun de battersten. Et muss ee wäit zréckblécken, fir e Prezedenzfall zum Zeenario vun dësem 15. Januar 2019 ze fannen. Et ass ëmmerhi säit 1864 net méi virkomm, datt eng britesch Regierung vum Parlament gezwonge gëtt, en Accord zréckzezéien. Woubäi dat „Trauerspill“ am House of Commons längst ofzegesi war.

An d‘Grief déi sech queesch duerch dat britescht Parlament zéien, sinn déif. Iwwert en Drëttel vun den Deputéierten aus den eegene Reien hunn dem Theresa May säin Ofkommes verworf. Um Fait selwer, also datt sech d‘Brite vun der europäescher Famill trennen, ännert et näischt. Den „haarde“ Brexit, zu deem sech d‘Briten higezu fillen, ass nom Referendum den zweete Feeler vun de Briten.

No der Ofstëmmung huet d‘Regierungscheffin erkläert, datt ee sech dem Vott vum Parlament wäert ënnerwerfen, stellt allerdéngs och fest, datt de Refus den Accord unzehuelen, keng Informatioun doriwwer gëtt, wat d‘Parlament dann iwwerhaapt ënnerstëtzt. Wann si de Mësstrauensvott vun haut iwwerlieft – an dovunner ass auszegoen – gëtt e Méindeg iwwert d‘Suitten debattéiert.

Den onméigleche Plädoyer

Iert dem Teresa May de Scheedungsaccord ëm d‘Ouere geflunn ass, hat si hiert mat der EU verhandelt Ofkommes virun den Deputéierte verdeedegt an Argumentéiert: „Eng Stëmm géint dëst Ofkommes, ass eng Stëmm fir d‘Onsécherheet, d‘Splécken an de Risk fir den Austrëtt ouni Deal“. Eenzeg e „Jo“ stellt sécher, datt et eng Zukunft mat der europäescher Unioun ka ginn.

Si huet den Deputéierten zudeem ze verstoe ginn, datt et heibäi ëm dee wahrscheinlech wichtegste Vott an hirer politescher Carrière geet. All eenzele muss sech u senger Entscheedung moosse loossen, vun der eegener Famill, de Frënn, de Wieler an de Kollegen aus der politescher Famill. Wéi ee feststelle muss, huet dem Theresa May säi Message net wierklech de Punkt getraff.

Et läit an Logik vum Sujet, datt kuerz nom Vott, den Oppositiounsleader Jeremy Corbyn (Labour) e Mësstrauensvott ugefrot huet. Hien huet richteg erkannt, datt sech d‘Regierung hei eng eklatant Néierlag geleescht huet, eng vun de schlëmmsten zanter den 20er Jore vum leschte Joerhonnert. Hie gesäit sech folgerichteg als den neie Messias, a wëll d‘Regierung iwwerhuelen an d‘Land retten.

De Corbyn wëll och keen

Op et Chance gëtt, datt den Jeremy Corbyn säi Mësstrauensvott um haidege Mëttwoch duerchkritt? Éischter net. Fir esou eng wäitreechend politesch Entscheedung, brauch d‘Aarbechterpartei vill Hëllef vun de Konservativen (Torry) an wann eppes gewosst ass, Labour d‘Regierungsgeschäfter iwwerloossen, war keng, ass keng a gëtt och keng Optioun, egal wéi onzefridden si mam May sinn.

Brexit

Nach net emol déi rebellesch Nordire vun der DUP, géifen sech esou eng Bléisst ginn. Wat also bleift dem Jeremy Corbyn? Eigentlech nach just sech hannert d‘Fuerderung vun engem neie Referendum ze stellen. Deen erschéngt ville méiglech, ass awer eigentlech reng Zäitverschwendung well, a do kann nach esouvill spekuléiert ginn, dem 31. Mäerz gëtt de Rideau gezunn.

Fir den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ass et bedauerlech, datt d‘Briten et net schénge gebak ze kréien. Hie verlaangt allerdéngs vum Theresa May, elo esou séier wéi méiglech matzedeelen, wéi eng Absichten hir Regierung huet. Et mussen déi nächst Schrëtt verhandelt ginn, woubäi et um Austrëtt selwer, egal a wéi enger Form, näischt méi ännert.

mam Ilja Kuriyak/IM-Lon

Foto: Virum Parlament zu London, hu Brexit-Géigner vill Kaméidi gemaach an op en neits gefuerdert, alles ofzeblosen. D‘Firspriecher vun engem haarde Brexit, hunn demonstréiert, well si net wollten datt, de Brexit-Accord mat der EU ugeholl gëtt. Wéini kréien déi endlech mat, datt et gelaf ass, den Ofspann leeft längst an dem 31. Mäerz Mëtternuecht heescht et: „The End“ © PA

Ähnlech Sujeten Brexit, House of Commons, Jeremy Corbyn, Mësstrauensvott, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel