Search

You may also like

De Naturmusée vergënnt sengen „geckege Vullen“ eng Verlängerung
International Neiegkeeten

De Naturmusée vergënnt sengen „geckege Vullen“ eng Verlängerung

Eigentlech sollt d‘Ausstellung „geckeg Vullen“ de 7. Juni op en

Éisträich wëll d‘Restriktioune lackeren
International Neiegkeeten

Éisträich wëll d‘Restriktioune lackeren

Nodeems een d‘Bedreeung duerch de Coronavirus Covid19 „eppes ënnerschätzt“ hat,

Wéi gutt kenns du den Zuchreseau?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du den Zuchreseau?

[onionbuzz quiz-id=204][/onionbuzz] Bei all deene Linne kann ee schonn emol

Brexit-Gespréichsronn ënnert verschäerfte Konditiounen

De brittesche Premierminister Boris Johnson fuerdert en Ofkommes bis zum 15. Oktober

Brexit-Gespréichsronn ënnert verschäerfte Konditiounen

Laut dem leschte Stand säitens der Downing-Street N°10, muss et bis Mëtt Oktober beim Brexit en Handelsofkommes ginn oder Bréissel ka London klibberen. Eng entspriechend Ried, aus der schonn Auszich verëffentlecht goufen, wëll de Boris Johnson haut halen.

Wann et also net zu engem Accord kënnt – an alles deit drop hinn, datt deem och net esou wäert sinn – da setzt de BoJo op en Ofkommes no australeschem Virbild. Op de Michel Barnier, deen en Dënschdeg op London pilgere muss, sech vum drolege Premierminister wäert ënner Drock setze loossen? Dat onwahrscheinlech, well och wann et besser wier sech eens ze ginn, esou geet et net.

Op där anerer Säit vum Äermelkanal schéngen sech allerdéngs nëmmen nach wéineg Mënschen zu Brexit a bevirstoender Wirtschaftskris Gedanken ze maachen. D‘Leit hunn den ament éischter mat de Schoulrentrée, hiren Aarbechtsplazen an natierlech der Covid19-Pandemie ze dinn, wéi mat dem britteschen Austrëtt aus der Europäescher Unioun. Si wäerten dat allerdéngs nach bedaueren…

Wa wuel dovunner auszegoen ass, datt alles wat wirtschaftlech d‘Baach ofgeet vun der Regierung op de Coronavirus gedréckt gëtt, esou sollt ee bedenken, datt den Handelsvolummen tëscht der EU a Groussbritannien awer 450 Milliarden Euro schwéier ass. Et sollt een hei also schonn eppes méi iwwerluecht virgoen. Mee de Boris Johnson zitt et vir eng Politik wéi den Trump ze maachen.

Fir unzefänke sinn ëmmer emol déi aner Schold un allem. An natierlech sëtzen zu Bréissel nëmme Mënschen, déi der brittescher Bevëlkerung Virschrëfte maache wëllen. Esou ass d‘Fëscherei, déi a Groussbritannien grad emol 0,1% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) ausmécht, ee Sträitpunkt mat vill symboleschem Inhalt. Hei geet et eenzeg drëms sech duerchzesetzen, als Gewënner so ze stoen.

Als weidere Knackpunkt sinn do Standarde bei Ëmwelt a Verbraucherschutz. Hei muss dann awer drun erënnert ginn, datt de Brexit e Projet vu rietsausse Politiker ass, déi wéi an den USA, de Staat zugonschte vun der Wirtschaft op den absolutt demokratesche Minimum reduzéiere wëllen. An et ass gewosst, datt sech d‘Wirtschaft net op d‘Fanger kucke loosse wëll. Där si Mënschen egal…

mat indymedia/lon

Foto: De brittesche Premierminister Boris Johnson gesäit sech als den Architekt vun engem neie Groussbritannien, dat sech seng Fräiheet nees zeréckeruewert huet. Hie wëll honnertdausende Jobs schaffen, den Afloss vum Staat op d‘Wirtschaft reduzéieren an déi Europäesch Unioun zwéngen op seng Konditiounen anzegoen. Kléng lëschteg? Ass et awer net. © Office of the Prime Minister

Related topics Boris Johnson, Brexit, Europäesch Unioun, Gespréichsronn, Groussbritannien, Handelsofkommes, Michel Barnier
Next post Previous post