Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Editorial: Quo Vadis Polen ?
International Neiegkeeten

Editorial: Quo Vadis Polen ?

Rietsradikal an nationalistesch huet sech Polen um 11. November, dem

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift
International Neiegkeeten

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift

Laut enger Ëmfro vun der Fondation Cancer fëmmen 21% vun

money
De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!
International Neiegkeeten

De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!

Den Europadag deen all 9. Mee an der europäescher Unioun

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht

D‘Verhandlunge lafen allerdéngs weider

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht

E Méindeg hunn déi 27 Länner vun der Unioun – Groussbritannien duerft net matschwätzen – eng éischt „gréng Luucht“ fir de Scheedungsaccord, dee mat London verhandelt ginn ass, ginn. En Accord deen a Groussbritannien fir zolidd Kritik gesuergt huet. Et ass déi lescht Verhandlungswoch zum Brexit, virum ausseruerdentleche Sommet vun nächste Sonndeg zu Bréissel.

D‘Diskussioune sinn nach net ofgeschloss: béid Parteie mussen sech elo nach eens ginn, wéi se gedenke matenaner ëmzegoen, wann de Brexit effektiv gëtt. Och muss nach d‘Dauer vun der Transitiounsphas bestëmmt ginn, déi gezwongenermoossen den 30. Mäerz 2019 ufänkt. Leider muss constatéiert ginn, datt d‘Konture vun dëser „Relatioun“ nach zimlech ondäitlech sinn.

Am Laf vun der Woch gëtt déi britesch Premierministesch, Theresa May, zu Bréissel erwaart. Si muss sech am eegene Land groussem Drock entgéintstellen. Hir Géigner, verlaangen net manner wéi eng Verbesserung vum 585 Säiten ëmfaassenden Text, dee vun de Verhandlungspartner am Hibléck op eng Scheedung mat engem Accord, verfaasst ginn ass.

Eng schwéier Gebuert

Hirersäits, hunn déi 27 e Méindeg dem Text, esou wéi e virgeluecht ginn ass, hir Ënnerstëtzung zougesot. An dësem gëtt ënnert anerem festgehalen, wéi vill Geld d‘Briten der Unioun nach schëlleg sinn. Mee en enthält och eng kontroverséiert Passage, mat deem soll verhënnert ginn, datt et tëscht der Republik Irland an der Provënz Nordirland, nees zu enger physescher Grenz kënnt.

„Déi éischt schwiereg Etapp hu mir iwwerwonnen. Et ass eis gelongen d‘Eenheet vun de 27 ze erhalen“, freet sech den éisträicheschen Europaminister, Gernot Blümel, no enger Reunioun mat sengen Homologen zu Bréissel.

Fir de Lëtzebuerger Ausseminister, Jean Asselborn, ass et noutwenneg ze insistéieren: „Mir mussen eis doriwwer am Klore sinn, dat dësen Accord, esou wéi en elo virläit, dee bescht méiglechen ass“. Länner wéi Frankräich hätten sech e bessert Resultat bei der Fëscherei gewënscht, mee hunn net weider insistéiert, well datt och d‘Briten nees zu neie Fuerderungen animéiert hätt.

„Mir wëllen den Accord net nach emol ‚opmaachen‘ mee mir wäerte ganz opmierksam seng Ëmsetzung am A behalen“, erkläert déi franséisch Ministesch, Nathalie Loiseau, no der Reunioun. „Déi 27 sinn un d‘Grenze vum Spillraum gaangen“.

Nach ee puer „Klengegkeeten“

D‘Méiglechkeet, d‘Transitiounsphas ze verlängeren, während där Groussbritannien sech un EU-Recht hale muss, mee och dovunner profitéiert, ass nach vun de „Klengegkeeten“ déi um Dësch läit. Aktuell ass virgesinn, datt d‘Transitiounsphas bis Enn 2020 leeft. De Chef-Verhändler vun der EU, Michel Barnier, soll awer virgeschloen, dës Period ëm zwee Joer ze verlängeren.

„Ech ginn dovunner aus, datt mir an dëser Woch eng definitiv Propose, wat den Datum betrëfft, virleeë kënnen“, esou de Michel Barnier géintiwwer de Medien, ouni awer dës zwee Joer ze bestätegen. „Eis Iddi ass nëmmen eng eventuell Verlängerung, an déi verlaangt en Accord zur Bereetschaft vun de Briten hire Beitrag ze leeschten. Dat muss kloer sinn“.

Dat gëtt „eng intensiv Verhandlungswoch“ esou déi britesch Premierministesch géinteniwwer dem britesche Patronat. Hir war et déi lescht Woch gelongen de „provisoreschen Accord“ duerch d‘Parlament ze boxen. De Präis dofir war héich, gläich véier Regierungsmemberen hunn dorops hin d‘Handduch geschmass. Och den „Zesummenhalt“ mat der nordirescher DUP, gëtt a Fro gestallt.

Besser kann een ëmmer…

D‘Theresa May ass vun hire Géigner opgefuerdert ginn, dëse provisoreschen Accord ze verbesseren an si bestätegt, datt déi Verhandlungen déi nach ze féiere sinn, net méi den Traité betreffen, mee sech op déi politesch Deklaratioun bezéie wäerten, wat déi zukünfteg Bezéiung tëscht London an der EU ugeet. Eng Deklaratioun, déi dem Scheedungsaccord soll bäigeluecht ginn.

Um haidegen Dënschdeg, soll d‘EU-Kommissioun de „Projet vum politeschen Text vun der Deklaratioun“ verëffentlechen, déi dëse Kader definéiere soll. Et handelt sech heibäi ëm en Text vun engen 20 Säiten, dee keng juristesch Valeur huet, mee en héije politeschen Impakt kann hunn.

London a Bréissel sollen hei d‘Konture vun hirer zukünfteger Relatioun bestëmmen. Eng formell Verhandlung kann et eréischt da ginn, wann d‘Briten sech ab dem 1. Abrëll net méi an der Unioun befannen. E Sonndeg mussen déi 27 dann dësem Text an dem Scheedungsaccord zoustëmmen. Do allerdéngs um Niveau vun de Staatscheffen, beim ausseruerdentlechen EU-Sommet vun e Sonndeg.

Sollt déi britesch Regierung och béiden Texter zoustëmmen, muss alles nach just vun de respektive Parlamenter ratifizéiert ginn. Op dat sech zu London maache léisst, muss bezweiwelt ginn. Dat engersäits well se sech net iwwert d‘Aart a Weis vum Brexit eens sinn, an anersäits, well sech eng gutt Geleeënheet kéint ubidden, d‘Theresa May an déi politesch Wüst ze verfrachten.

Dem Damokles säi Schwäert

Fir déi britesch Premierministesch ass et awer och komplizéiert. Iwwert hirem Kapp schwieft wéi en Damoklesschwäert eng „Mësstrauensmotioun“. Den „Haarde Kär“ vun de Partisane fir e Brexit ouni Accord, wëll den Accord noverhandelen. Dat wat géif virleien, wier inakzeptabel.

Et gëtt do Stëmmen, déi behaapten, datt d‘Theresa May d‘Souveränitéit vum Land geaffert huet, wéi si d‘Perspektiv vun enger Zollunioun op onbestëmmten Zäit abruecht huet. Dat als Léisung vun der leschter Chance, fir eng physesch Grenz op der irescher Insel ze verhënneren.

De Boris Johnson, fréieren Ausseminister a Géigner vun enger Scheedung „am Gudden“ huet e Méindeg betount: „Faktesch si mir derbäi der europäescher Unioun d‘Kontroll ze iwwerloossen. Dëst Pamphlet vu 585 Säiten, mécht näischt fir d‘Schmaach vun eiser Defaite ze decken“.

mam Cédric Simon/AFP

Foto: E Manifestant am Dinosaurier-Kostüm schwenkt den europäesche Fändel, bei engem Protest virum Parlament zu London. Groussbritannien ass an der Brexit-Fro gedeelt. Gutt d‘Hallschent vun de Brite géifen et zu enger Scheedung ouni Accord komme loossen. Op si sech de Folge bewosst sinn? © Tolga Akmen/AFP

Ähnlech Sujeten Bréissel, Brexit, London, Michel Barnier, Scheedungsaccord, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel