Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Xavier Bettel: „Ech zeien en Europa mat zwou Vitessen engem Europa, dat stëll steet, vir“
International https://moien.lu/dating-apper-i-norge/

when do nancy and jonathan start dating

Premierministere vu Lëtzebuerg an der Belsch hunn en Dënschdeg dem

Dës Typpen muss du beim Online-Dating evitéieren!
International https://moien.lu/dating-apper-i-norge/

Dës Typpen muss du beim Online-Dating evitéieren!

Déif am Dschungel vum Internet, do fënns du dech an

Koalitiounsaccord: D‘Positioun vum OGBL
International https://moien.lu/dating-apper-i-norge/

Koalitiounsaccord: D‘Positioun vum OGBL

Wann net alles am Koalitiounsaccord vun der Regierung „gutt“ ass,

London: Brexit-Hardliner iwwerhuelen d‘Muecht

Boris Johnson gëtt vu Queen zum Premier ernannt a versprécht Groussbritannien aus der EU ze féieren

London: Brexit-Hardliner iwwerhuelen d‘Muecht

De 55 järege Brexit-Hardliner huet gëschter dem Theresa May säi Job iwwerholl an ass, wéi et sech gehéiert vun der Queen Elizabeth II zum Premierminister ernannt ginn. Hie huet seng Regierung nei opgestallt an sech mat engagéierten EU-Skeptiker ëmginn.

No sengem Passage bei der Queen, huet de Boris Johnson nach emol däitlech gemaach, datt hien en neien „Deal“ mat Bréissel wäert op de Wee bréngen. Zur Nout géif sech Groussbritannien awer den 31. Oktober och ouni Ofkommes vun der EU trennen. Hie bleift sech also trei, an zu Bréissel, vu wou aus him nach gëschter zum Mandat gratuléiert gouf, mussen se sech elo op de Boris astellen.

Brexit-Hardliner

De Boris Johnson bei der Queen Elizabeth II. Déi Fra huet scho villes iwwerstanen, de neie Premier sollt si och iwwerliewen. © cgtn

Erënnere mir da kuerz dorunner, datt de Boris Johnson 2016 ee vun de Leader vum Mouvement fir den Austrëtt aus der Unioun, deen haut als „Brexit“ seng Plaz an den Dictionnaire fonnt huet. Senge Géigner huet hien da gëschter a senger Untrëttsried virun der Downing Street 10 wësse gelooss, datt et no dräi Joer onbegrënnte Selbstzweifel Zäit fir e Wiessel ass. Dat ass schonn eng Kampfuso…

Brexit-Hardliner

„Ech soen: Ënnerschätzt dëst Land net“, esou de neie Premierminister vu Groussbritannien an senger Untrëttsried. © cgtn

„Déi wou zweiwelen, alles schwaarz molen an d‘Pessimisten, si wäerten nees falsch leien (…) Ech soen: Ënnerschätzt dëst Land net“, esou de Premierminister vu Groussbritannien. Et dierft awer an éischter Linn drëms goen, de Boris Johnson net ze ënnerschätzen. Hien huet sech duerchgesat kritt, a kann sech ob d‘Ënnerstëtzung vum Donald Trump verloossen. Deen ass komm fir ze „bleiwen“.

D‘Regierung vun den Hardliner

Wéi erwaart huet de Boris Johnson säi Kabinett nei opgestallt. Et sinn dat an éischter Linn Brexit-Hardliner: de fréiere Brexit-Minister Dominic Raab léisst den Jeremy Hunt als Ausseminister of, an de neie Vizepremier ass de Michael Gove. Wëll den aktuellen Inneminister an de Finanzministère wiesselt, kann déi fréier Entwécklungsministesch, Priti Patel den Inneministère iwwerhuelen.

Brexit-HardlinerD‘Priti Patel hat 2017 hiert d‘Mandat zur Verfügung stellen, nodeems bekannt gi war, dat si am Kontext vun enger privater Vakanz an Israel, ouni sech am Virfeld mat hirer Regierung ofgeschwat ze hunn, mam Benjamin „Bibi“ Netanyahu getraff hat. Si ass eng iwwerzeegte Brexit-Hardlinerin. De Steve Barclay behält säi Mandat als Brexit-Minister. Esouwäit en éischten Iwwerbléck…

Brexit-HardlinerBrexit-HardlinerFir déi proeuropäesch Minister a Staatssekretäre war an ass keng Plaz am BoJo-Kabinett. Déi hunn dem Boris Johnson awer net vergënnt hinnen de Stull virun d‘Dier ze stellen, an haten et virgezunn hir Mandater selwer néierzeleeën. Elo heescht dann emol ofwaarden, wat déi nächst Deeg bréngen, wou jo gewosst ass, datt d‘Parlament eigentlech schonn e Freideg soll an de Kollektivcongé goen.

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Groussbritannien, Jean-Claude Juncker, Jeremy Corbyn, Premierminister, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel