Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

100 free dating site ukraine Neiegkeeten

Konditiounen – Gewënnspill Vältesdag 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

dating antique singer sewing machines
100 free dating site ukraine Neiegkeeten

ACL: Ënnerstëtzung vir de „Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg“

Den ACL Sport an de Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg (MRL) hunn

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen
100 free dating site ukraine Neiegkeeten

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen

Am Dateskandal ronderëm Facebook, deen duerch Cambridge Analytica ausgeléist ginn

Brexit Hardliner an Euro-Skeptiker dreet der EU mat Sabotage

Den Torry Jacob Rees-Mogg wëll kee Konsens, hie verlaangt den oppene Konflikt

Brexit Hardliner an Euro-Skeptiker dreet der EU mat Sabotage

Am Brexit huet bis ewell vun allem ginn, a wien sech elo geduecht huet et kéint kaum Schlëmmer kommen, dee musse mir leider enttäuschen. Esou ass laut Kalenner virgesinn, datt e Mëttwoch um aussergewéinlechen EU-Sommet iwwert eng weider Verlängerung entscheet gëtt. Engem gefält dat guer net, an dëse frëndleche Personnage dreet der EU mat Konsequenzen, sollten si déi unhuelen.

Et gëtt där Mënschen – kee weess wat si an hirer Jugend duerchlieft hunn, mee schéi kann et net gewiescht sinn – déi hu sech als Liewensaufgab virgeholl, der Humanitéit esou richteg op de Sak ze goen. An näischt anescht ass vum President vun der „European Research Group“ (ERG) dem Jacob Rees-Mogg ze halen. De Veräin ass zudeem e Blender, an Euroskeptiker net ganz zoutreffend.

Deen huet, mat der erkläerter Absicht de Sommet ze torpedéieren, géintiwwer „Sky News“ kloer zum Ausdrock bruecht, datt sollt Groussbritannien „gezwonge ginn ze bleiwen“, d‘Briten dee schwieregste Member vun der Unioun misst sinn, a dat wat sech blockéiere léisst, och blockéiere sollt. Woubäi, wann een éierlech ass, datt scho ganz no drun ass un deem wéi et ëmmer war…

Net op d‘Provokatioun erafalen

Et wier – wann d‘Konsequenzen net esou gravéierend wieren – eigentlech fir driwwer ze laachen, datt déi wou gefrot hunn ze goen, datt awer selwer iergendwéi net hikréien, eis elo erpresse wëllen si net zréckzehalen. Dobäi steet dat net zur Diskussioun, a wier et der EU-Kommissioun an hirem President Jean-Claude Juncker nogaangen, wieren si schonn „Geschicht“ an „Onofhängeg“.

En Tweet vun engem Member vum Europaparlament, datt eis sollt ze denke ginn. Manner am Kontext wat d‘Zukunft vu Groussbritannien betrëfft, mee wéi imminent wichteg et ass et bei der EU-Wahl am Mee ganz besonnesch gutt uecht ze doen, wien ee mandatéiert seng Interessen ze verdeedegen. Natierlech, wann engem d‘EU net gefält an ee se ofschafe wëll, ass et eng aner Saach.

Mee de Jacob Rees-Mogg, en Held gemooss un esou Gréisste wéi Nigel Farage oder Boris Johnson, wëll ganz sécher goen, datt et Mëttwoch engem weidere Report vum Brexit net zougestëmmt gëtt. Dofir huet hie ganz eeschthaft gemengt: „Wa mir nach emol iwwert de laangjärege Finanzkader vun der EU berode sollte, gëtt dat eng eemoleg Geleeënheet eise Veto géint de Budget anzeleeën“.

Brexit

Domatter ass dem Theresa May net gehollef, zemools den Hardliner aus der eegener Famill kënnt, wou et den Ament esou zougeet, wéi een et fréier de „Lompekréimer“ zougemutt huet. Dräimol hannert enaner war de Premierministesch hiren „Deal“ am Parlament verworf ginn, iert si sech endlech bereet erkläert huet „mat“ der Oppositioun e Konsens ze fannen, an elo dee Misär.

Neiwahlen oder Referendum ginn eis näischt un

Interessant ass déi Beharrlechkeet mat deenen u surrealisteschen Optioune festgehale gëtt. Esou ass den Austrëtt (ausser d‘Demande gëtt zréckgezunn) eigentlech Fakt, an d‘Brite kënnen sech elo en neie Referendum oder Neiwahle gënnen, fir sech selwer ze zertifiéieren datt si Ligener a Populisten op de Läim gaange sinn. Zu méi – am EU-Kontext – daacht et net. Also net eise Problem?

Also et ass schonn ee grousse Problem fir eis an déi aner 26 Memberen déi verbleiwen. E Brexit ouni Accord féiert zu enger wirtschaftlecher Kris, där hiert Ausmooss net previsibel ass, mee kee verschoune wäert. Zudeem huet et och e grousse politeschen Impakt op d‘Kredibilitéit vun enger Unioun, déi scho Schwieregkeeten huet, de Bierger ze iwwerzeegen dat si him en Notze bréngt.

Brexit

De Brexit ass folglech net vun der EU-Wahl am Mee ze trennen, a vill wichteg Theme wäerten sech deem ënneruerdne mussen. Woubäi et de politeschen Acteuren e Mëttwoch méiglech ass, endlech emol ze beweisen, datt si tatsächlech eng gemeinsam Positioun vertriede kënnen. Gutt dat ass e schlechte Witz, mee als Europäer huet een Hoffnungen an Ziler. Leider déi falsch Politiker…

mat indymedia/lon

Foto: Dat „béist“ huet e Gesiicht: de Jacob Rees-Mogg aus der Partei vum Theresa May, huet kloer an däitlech ugekënnegt, alles ze ënnerhuele wat a senger Muecht steet, fir de Projet EU bei der Däiwel ze kéieren, wa Bréissel Groussbritannien géif zwénge Member ze bleiwen. (screenshot)

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Sommet, Jacob Rees-Mogg, No Deal, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel