Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert
https://moien.lu/dating-when-pregnant/ Neiegkeeten

most used dating apps in canada

Wéi et um Dënschdeg vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL

https://moien.lu/asian-ladies-dating-australia/
https://moien.lu/dating-when-pregnant/ Neiegkeeten

Amerika gëtt sech e Gesetz fir den elektronesche Courrier am Ausland ze saiséieren

Um Freideg huet den Donald Trump e Gesetz ënnerschriwwen, mat

FC Red Star: „Et wier un der Zäit de Wierder och Dote follegen ze loossen“
https://moien.lu/dating-when-pregnant/ Neiegkeeten

FC Red Star: „Et wier un der Zäit de Wierder och Dote follegen ze loossen“

De FC Red Star Märel/Belair fuerdert an engem oppene Bréif

Brexit: Héich Zäit sech e puer Gedanken ze maachen

Wéi eng Secteure sinn am stäerkste betraff, sollt et net zu engem Accord kommen?

Brexit: Héich Zäit sech e puer Gedanken ze maachen

Reesen tëscht dem Kontinent a Groussbritannien, sanitär Kontrollen, perséinlech Daten: d‘EU huet e puer Secteuren identifizéiert, déi „Risiken“ ausgesat sinn, sollt et no der Verhandlungen zum Brexit, net zu engem Accord kommen.

En Dënschdeg huet d‘EU-Kommissioun – 5 Méint virum Brexit, a während d‘Gespréicher tëscht London a Bréissel weidergefouert ginn – eng Lëscht mat Moossname verëffentlecht, fir de Fall, datt sech béid Säiten net op e geuerdenten „Réckzuch“ mat „Iwwergangsperiod“ sollte verstännegen.

Laut der europäescher Exekutive, handelt et sech heibäi ëm Drénglechkeetsmoossnamen déi just en temporäre Charakter hunn. Virsiichteg erënnert d‘Kommissioun drun, datt och wann en Accord mat London fonnt gëtt, et net garantéiert ass, datt dat britescht Parlament dee ratifizéiert.

Et sinn awer d‘Briten déi do am meeschten ze verléieren hunn. Ouni Accord, gëtt Groussbritannien den 29. Mäerz 2019 e sougenannten „Drëttstaat“. D‘Kommissioun huet aus dësem Grond sechs Secteuren identifizéiert, déi besonnesch vun dësem Zeenario betraff wieren.

1. Bierger

Ouni Accord, mussen d‘EU eng „generéis Approche“ géintiwwer de britesche Bierger, déi op hirem Territoire liewen, un den Dag leeën. Si sollten d‘Residenz-Period berécksiichtegen, déi d‘Leit virum Brexit an hirem Land verbruecht hunn, a hinne wa méiglech de Residente-Statut accordéieren.

D‘EU-Kommissioun „hofft“ datt d‘Briten dat genee esou fir EU-Bierger gesinn. Si recommandéiert zudeem de Länner, d‘Dossiere fir de Residenz-Permis elo schonn unzehuelen, an net ze waarde bis de Brexit effektiv ginn ass.

2. Finanzdéngschtleeschtungen

D‘Operateuren, déi a Groussbritannien installéiert sinn, verléieren hiert Recht (Finanz-Pass) an de 27 Memberlänner hir Servicer unzebidden. D‘EU-Kommissioun begréisst, datt vill vun dësen „Operateuren“ schonn dat néidegt erleedegt, an hir Aktivitéiten op de Kontinent verluecht hunn.

Et gëtt awer och séchergestallt, datt verschidde Verträg (net quotéiert Derivater) gülteg an ausféierbar bleiwen, bis se auslafen.

3. Loftverkéier

Mam Brexit „ouni Accord“ besteet de Risk, datt de Loftverkéier tëscht Groussbritannien an dem Kontinent, ënnerbrach gëtt. Dëse Secteur ass als „besonnesch sensibel“ deklaréiert ginn.

D‘EU-Kommissioun wëll elo sécherstellen, datt d‘Fluchgesellschafte weider iwwert EU-Gebitt fléien dierfen, an datt d‘Sécherheetszertifikater fir eng limitéiert Zäit gülteg bleiwen. Dozou brauch et awer en Accord mat Groussbritannien.

4. Douane

Ouni Accord, entfalen op d‘Wueren aus Groussbritannien: Douanestaxen, TVA, an Accisen. Bréissel riicht en Appell u seng Memberen, all noutwenneg Strukturen ze aktivéieren, fir datt déi nei Reegelen och kënnen ugewannt ginn.

5. Sanitär Reegelen

Den Import an d‘EU vu ville Wueren an Déiere gëtt verbueden. Ausser Groussbritannien kann sech op d‘Lëscht vun den Drëttstaaten androe loossen, déi „zougelooss“ sinn. Dat kann ënner bestëmmte Konditiounen, fir dësen „alen EU-Member“ beschleunegt ginn.

6. Perséinlech Daten

Den Transfert vu perséinlechen Daten a Richtung Groussbritannien, ënnerläit dem europäeschen Dateschutz: GDPR.

7. Klimapolitik

D‘EU-Kommissioun wëll dann och nach sécherstellen, dat den europäeschen „Karbon-Maart“ (en Tausch-System vun Emissiounsquoten „SEQE“ oder „ETS“, weider funktionéiere kann.

mam Marine Laouchez/AFP

Ähnlech Sujeten Bréissel, Brexit, EU-Kommissioun, Handelsofkommes, London, Transitioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel