Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eidelt Geschwätz beim Klimaschutz?
speed dating middelburg Neiegkeeten

carbon dating live animals

Den Energie- a Klimaplang fir den Zäitraum 2020-2030 versprécht vill,

social dating apps india
speed dating middelburg Neiegkeeten

Wann Dommheet e Beruff wier, wär et US-Diplomat

D‘US-Aussepolitik huet e Niveau erreecht, do fält der näischt méi

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff
speed dating middelburg Neiegkeeten

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff

Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun déi europäesch Justiz saiséiert, a Polen

Brexit hin, Brexit hir…

Groussbritannien „muss“ elo awer un der Europawahl deelhuelen

Brexit hin, Brexit hir…

Nieft der Gefor, datt d‘Europawahle vun de Populiste mëssbraucht ginn, elo da britesch Kandidaten, déi zwar wéinst dem Brexit – also dem Austrëtt vu Groussbritannien aus der europäescher Unioun – eigentlech kee Matsproocherecht sollten hunn, a méiglecherweis esouguer britesch Kommissären…

Gëschter huet zu London de Vizepremier David Lidington d‘Kaz aus dem Sak gelooss: „Et ass bedauerlecherweis net méi méiglech den Austrëtt aus der EU virun de Walen (23. – 26- Mee) duerchzezéien. Esouguer wa mir eis mat Labour eenege kéinten, wier d‘Zäit ze knapp, fir nach all déi dofir noutwenneg Schrëftstécker ze ratifizéieren“. Datt si et verschleeft hunn gouf net gesot.

Dofir esou eppes wat wéi eng Entschëllegung kléngt: „Mir hate gehofft an der Lag ze sinn, onsen Ofgang hinzekréien an en Accord ze schléissen, fir datt dës Wahlen net musse stattfannen. Dat ass eis net gelongen a rechtlech betruecht, mussen se stattfannen. Dat wëll eisen Austrëtt net juristesch aktéiert ass“. De Vizepremier huet dunn nach versprach, d‘Ustrengungen ze verduebelen…

Brexit

Fir d‘Kenner vun der britescher Politik, gehéieren d‘Aussoe vum Theresa May hirem Stellvertrieder zum „briteschen Humor“ dee sech gäre „schwaarz“ gëtt. Häerzlech gelaacht gouf esou och iwwert déi besonnesch Pointe: „Mir wëllen d‘Verzögerung beim Brexit esou kuerz wéi méiglech halen an et wier dat bescht, wann déi britesch Kandidaten hir Mandater guer net eréischt untriede géifen“.

Eng éischt an Gladder gouf et schonn

Wann et fir Europa en denkbar schlecht Zeenario ass, datt sech d‘Briten elo awer bedeelege mussen, esou dierft et weder de Konservativen (Tories) nach de pseudo-Sozialdemokrate (Labour) entgéint kommen. Et si schliisslech si, déi net nëmmen de Brexit-Referendum, mä ganz besonnesch den Accord mat Bréissel verkackt hunn. Dat op eng Fassong, datt ee muss unhuelen si wéilten net goen.

Bei de Kommunalwahle vun der leschter Woch, haten dann och grad just déi zwou Volleksparteien der zolidd an d‘Gladder kritt. Et gëtt hannert virgehalener Hand gelästert, datt et scho bal e Wonner ass, datt iwwerhaapt Kandidate vun Tories an/oder Labour gewielt goufen. Dat erkläert och firwat d‘Theresa May eng EU-Wahlbedeelegung am léifste verhënnert hätt. Si kënnen do net gewannen…

Brexit

Haut wëllen déi zwou grouss Parteien sech nach emol un de Verhandlungsdësch setzen, a versichen en Auswee ze fannen. Wierklech Hoffnunge sollt ee sech awer keng maachen, well et Labour säit längerem nëmmen nach drëms geet, d‘Theresa May mat hirem Veräin aus der Regierung ze drängen a selwer d‘Muecht ze iwwerhuelen. Béis Zonge behaapten elo den „Austrëtt war ee grousse Bluff“.

mat indymedia/lon/bru/sxb

Foto: Déi nei gegrënnten „Brexit-Partei“ ass ganz gutt opgestallt, hat bei de Kommunalwahlen en zolitte Score erziilt, an huet beschte Chancen, am Kontext vun der Europawahl, déi meeschte Kandidaten duerchzebréngen. Tories a Labour kënnen sech nach beschtefalls op den haarde Kär vun hirer politescher Famill beruffen. © The Brexit Party (via twitter)

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Wahlen, Europawahlen 2019, Labour, The Brexit Party, Tories
Nächsten Artikel Virrechten Artikel