Search

You may also like

Italien op en Neits am Covid19-Féiwer
Fail International Neiegkeeten

Italien op en Neits am Covid19-Féiwer

Wärend sech bei eis an am Frankräich d‘Lag ze stabiliséiere

D’ULC fuerdert d’Ariichtung vun engem Fraisen-Simulator
Fail International Neiegkeeten

D’ULC fuerdert d’Ariichtung vun engem Fraisen-Simulator

Sou wéi „Commission de Surveillance du Secteur Financier“ (CSSF) an

Mazedonien wëll an d’EU – a krempelt munches dofir ëm
Fail International Neiegkeeten

Mazedonien wëll an d’EU – a krempelt munches dofir ëm

No senger Aarbechtsvisite an Albanien, war den Ausseminister Jean Asselborn

dislike

Brexit: Hir Lordschafte stellen der britescher Regierung d‘Been

Brexit: Hir Lordschafte stellen der britescher Regierung d‘Been

Am „House of Lords“ ass fir d‘Bäibehale vun der EU-Charta vun de fundamentale Rechter gestëmmt ginn, wat fir déi britesch Regierung en zolitte Gesiichtsverloscht bedeit. De Vote, huet et am Zesummenhang mat der Iwwerpréiwung vun engem Gesetzestext zum Brexit ginn.

Dëse Gesetzprojet zum Réckzuch aus der europäescher Unioun, soll et Groussbritannien erlaben, normal ze funktionéieren, nodeems d‘Nuebelschnouer zur EU getrennt ass. Dee setzt der Virherrschaft vum europäesche Recht, iwwert dat nationaalt britescht Recht, en Enn an organiséiert d‘Transpositioun vun den europäesche Reglementatioune.

Hir Lordschaften hu mat 316 fir zu 245 dergéint, en Amendement gestëmmt, dee vun der Oppositioun gestëtzt ginn ass, a festhält, datt d‘Charta vun de fundamentale Rechter an der EU, an déi britesch Legislatioun muss afléissen. E Vote deen als Blamage fir d‘Regierung gewäert gëtt.

Moralesch an ethesch Verantwortlech?

Ee vun de Verdeedeger vum Amendement, de Lord Pannick, huet deklaréiert, datt eng gewëssen Unzuel un europäesche Rechter aus der nationaler Legislatioun auszeschléissen, de falsche Wee ass. Domatter schaaft een Onsécherheet, an et wier e Broch mat der Kontinuitéit, deen eenzeg fir e grousst „Duerchenaner“ nom Brexit géif suergen.

Deem géinteniwwer steet d‘Ausso vum fréiere Riichte vum ieweschte Geriichtshaff, Lord Brown of Eaton-under-Heywood. Deen ass iwwerzeegt, datt d‘Bäibehale vun der Charta vun de fundamentale Rechter, dat schlëmmst wier, war ee Groussbritannien kann undoen.

Wann et bis domm leeft…

Fir de Chef vun de „Lib-Dem“ (liberal Demokraten) déi pro-europäesch opgestallt sinn, huet matgedeelt, datt wieder d‘Charta ze benotzen „der Welt géif beweisen, datt mir eis nach ëmmer den héchsten Normen a punkto Mënscherechter, an de Prinzipien, esou wéi se an der Charta definéiert sinn, unhuelen“.

De leschte Mëttwoch schonn, hat d‘House of Lords der Premierministesch Theresa May den Dicks gebéit, wéi si en Amendement gestëmmt hunn, mat deem de Regierungsprojet fir d‘Verloosse vun der Zollunioun, ëmgehäit ginn ass.

Wéi een esou kann a muss feststellen, ass een sech „intern“ bei de Konservativen alles anescht ewéi eens, wann et ëm de Brexit geet. Nom „check“ duerch hir Lordschaften, muss den Text nach emol den Deputéierte virgeluecht ginn. Déi haten dësen awer schonn am Januar ugeholl, an et dierf ee gespaant sinn, wéi se dee Spagat wëllen hikréien.

mat AFP

Related topics Brexit, Groussbritannien, Lord Brown of Eaton-under-Heywood, Lord Pannick, Theresa May
Next post Previous post