Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Solidaritéit zu Lëtzebuerg ass lueflech
bedste dating app for unge Neiegkeeten

tips for sending messages on dating sites

D‘Erwaardunge vun der Käerjenger Gemeng goufen, esou déi allgemeng Ausso,

how long should you wait to start dating again after a break up
bedste dating app for unge Neiegkeeten

Editorial: Jean-Claude, wou‘s de Recht hues, hues de Recht

Et wier falsch ze behaapten, datt ech mam EU-Kommissiounspresident op

money
D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo
bedste dating app for unge Neiegkeeten

D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo

Haut huet d‘Cargolux seng nei Fluchverbindung Lëtzebuerg-Tokyo ageweit. Vun elo

Brexit: Labour zitt de Stecker

Gespréichsbedarf tëscht May a Corbyn erschëpft

Brexit: Labour zitt de Stecker

Nodeems ugangs der Woch d‘Theresa May (Tories) ukënnege gelooss hat, datt si de Brexit-Accord nach emol dem Parlament zu Ofstëmmung virleeë wëll, an et an dësem Kontext och Gespréicher mam Leader vun der Oppositioun, Jeremy Corbyn, géif ginn. Déi sinn elo ofgeschloss…

Woubäi „ofgeschloss“ de Punkt net wierklech trëfft. Bei de Gespréicher gouf et oniwwerwannbar Linnen an eigentlech gouf just drop gewaart, wien als éischt géif d‘Handduch geheien. Eng Roll an där sech de Labour-Chef wuel ze fille schéngt, well dee kee politescht Interessi kann hunn, seng Géignerin ze schounen. Déi steet mam Réck widder der Mauer, an huet hire Récktrëtt annoncéiert.

Brexit

De Corbyn zu de Gespréicher: „Dës Gespréicher hunn hiert natierlecht Enn fonnt. D‘Theresa May huet elo hire Récktrëtt ugekënnegt. (…) Zur gläicher Zäit soen ëmmer méi Regierungsmemberen a weider konservativ Deputéiert, datt si vun dëse Gespréicher näischt halen. Dofir brieche mir elo d‘Verhandlungen hei of“. Woubäi gewosst war, datt d‘Labour-Fuerderungen net ze erfëlle waren.

Gudde Wëllen eleng geet net duer

Sech dann awer der Ëffentlechkeet stellen an erklären, datt ee „gudde Wëlle“ gewisen hätt, wuel wëssend, datt eng Rei Fuerderungen onméiglech ze erfëlle sinn, ass enger „Labour“ net wierdeg. Esou d‘Iddi vun enger dauerhafter Zollunioun mat der EU. De Jeremy Corbyn wousst vu vireran datt d‘Theresa May esou e Projet am Liewen net bei den eegene Leit géif duerchgesat kréien.

Esou huet et déi britesch Premierministesch dann net zum Ausdrock bruecht an emol fir unzefänken dem politesche Géigner d‘Schold fir den Ofbroch vun de Gespréicher zougewisen. Et géif bei Labour kee Konsens doriwwer, ob een dann elo de Brexit wëll oder et net awer vläicht besser wier en zweete Referendum ze organiséieren. An och hei gesäit ee, wéi ofgehuewen si eigentlech sinn.

Brexit

D‘Briten – eigentlech nëmmen e puer Klatzkäpp an awer – hunn sech an engem Referendum fir den Austrëtt aus der europäescher Unioun entscheet. Sécherlech kee gudde Choix, woubäi déi deenen de Brexit am mannsten notzt (dat sinn déi Jonk) sech beim Referendum zolidd enthalen hunn an déi „krank Decisioun“ duerch net-wielen erbäigefouert hunn. Elo heescht d‘Konsequenzen droen…

Wat geschitt dann elo?

Nodeems et iwwer en Zäitraum vu sechs Wochen net zu engem liewensfäege Kompromëss tëscht dem Jeremy Corbyn an dem Theresa May komm ass, kann nees am House of Commons gestridde ginn. Et heescht d‘Premierministesch géif dee mat Bréissel verhandelten Accord – dee schonn dräi mol ofgewiert ginn ass – elo awer am Juni nees zur Ofstëmmung virleeën. Dat ass couragéiert.

Woubäi een dem Theresa May zougestoe muss, datt si wéineg bis guer keng Alternativen hat an déi politesch Situatioun op der Insel e Kompromëss guer net zouléisst. Dat läit an éischter Stell dorunner, datt déi Deputéiert vu béide Parteien, Labour an Tories, sech nach net emol intern eeneg ginn. Den Dissens geet, wéi ee ka feststellen, wäit iwwert den Disput May/Corbyn eraus.

Brexit

D‘Hardliner bei de Konservativen hu sech natierlech iwwert d‘Scheitere vun de Gespréicher gefreet an den Andrew Bridgen – e vun deenen déi eigentlech beim Nigel Farage senger Brexit-Partei besser opgehuewe wieren – dee sech fir en haarde Brexit mat all senge Folge staark mécht, fuerdert seng „Cheffin“ op d‘Blat ze wennen an zréckzetrieden. Wat u sech och dat eenzegt ass wat bleift…

D‘Geier bréngen sech a Positioun

Mee och de Récktrëtt vun der Premierministesch, dee si offiziell no der Ofstëmmung am Juni wëll verkënnegen, kann net derzou bäidroen, datt et zu engem (zumindest) geuerdenten Austrëtt aus der Unioun kënnt. Net datt et net genuch Kandidate fir e Muechtwiessel géif ginn. Et ass villméi esou, datt wierklech net een eenzegen doruechter leeft, deen nëmmen en Usaz vun enger Léisung hätt.

Interessant ass et awer, datt de Boris Johnson nees am Gespréich ass, an dëser „britescher Trump-Karikatur“ tatsächlech reell Chance mussen zougerechent ginn, d‘Course fir d‘Amt als britesche Premierminister ze gewannen. Och bei Labour mécht sech de Jeremy Corbyn Hoffnungen, seng Partei als Premierminister nees Regierungsfäeg ze maachen. Mee méi wéi Hoffnung ass net dran…

Brexit

Elo mussen d‘Briten dann awer emol fir unzefänken hir Vertrieder fir d‘Europaparlament wielen. Ob dat eng gutt Iddi ass? Nee, eigentlech net! Mee d‘Pappe vun der Unioun hate sengerzäit just eng butzeg Klausel vir en Austrëtt virgesinn, net awer e Passus deen et géif erlaben en Austrëttskandidat erauszegeheien. Et leeft dann och ëmmer drop eraus, datt et guer net méi zum Austrëtt kënnt.

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Brexit Party, Jeremy Corbyn, Labour, Nigel Farage, Theresa May, Tories
Nächsten Artikel Virrechten Artikel